Haut krut ech am Cader vum Album Club eng CD, déi ech mer eigentlech schon eng Zäitchen wollt besuergen, et awer nie gemach hunn, och well ech nach nie eppes vun der Band héieren hunn: There Will Be Fireworks mat dem selwecht benanntenen Album. An wéi ech se gelauschtert hunn, suutz ech uewen an engem Doppeldeckerbus, iwwer Edinburgh, mat vue op d’Dall mam Chëschtmoart, mat de Luuten an den Geschäfter, an et ass eppes geschitt, wat mer laang net méi geschitt ass: ech hu mech op der Plaz an eng CD verléift.
Mä zréck zu Edinburgh: Edinburgh ass net nëmmen eng wonnervoll Stad, mä och d’Festivalhaaptstad vun der Welt. An domat hu mir dat grousst Gléck, dass hei all zweet Woch iergendwou e Freedefeier ass. An zwar richteg. Déi aaner Saach mat Edinburgh, sou wéi mat Glasgow, an nach méi schlëmm Inverness oder Aberdeen ass: Am Wanter geet d’Sonn em halwer 4 ënner, an dofir wor et, véirel vir Aacht, scho laang Nuecht. Déi zwou Saachen, plus de Fakt dass There Will Be Fireworks op Englesch mat schotteschem Accent sangen, hunn iergendwéi dozou bäigedroen, dass d’Busfahrt perfekt wor, fir dëss Musek, an d’Musék fir dee Moment am Bus.
Red-eyed and desperately sad,
A girl in Columbia whispered to Cesan
‘My sister is dead. My sister, whose life was mine.
What can I do?’
Cesan took her trembling hands and warmed them between his own.
‘Water and ice,’ He said, his eyes shining. ‘Ice and water’
Cesan sat up with her all night.
He pointed out that, at the festival tomorrow, the night shall be a huge canvas,
For there will be fireworks
And they will light up your eyes
And you will feel more alive than ever before
Just as your sister would wish for you.
And, as she finally, gently settled down to sleep in the pre-dawn quiet
He woke her.
A clock
A candle
The moon is finished with
The hour beckons
D’Musék ass esou kontrasträich an schéin, dynamesch an obpreegend, dass ech grad komplett verkaaft un dess Band aus Glasgow (!). There will be Fireworks kann een am nächsten vläit beschreiwen als Arcade Fire mat Emo-Anleihen. Den Album ass duerchgoend gutt, an ech weess nach net, ob ech e Lieblingslidd hunn oder net. Ech weess, dass Alben an déi een sech direkt verléift, oft net éiweg haalen, mä deen heiten Album wiert zäitlous an klassesch, dofir man ech mär do nit sou vill Suergen. De Malcolm Tucker (iwwert deen schon en Artikel gescheduled ass) huet mech geléiert, dass Schottesch perfekt ass, fir drann ze fluchen. There Will Be Fireworks beweisen, dass een net nemmen fluchen kann op schottesch. Aye.
Kuerzerhand: Douce Musek, wonnerschéin Texter, heiansdo Scream-Passagen, an dann emmer rem gewalteg Wänn aus Gitaaren. Wéi Freedefeier och ass. Mol dezent, mol schrill, mol donnernd, awer emmer opreegend. Ech schécken dat heiten mengen ech selwer als Propositioun als schlechst Review an.

“Den Album ass duerchgoend gutt, an ech weess nach net, ob ech e Lieblingslidd hunn oder net. Ech weess, dass Alben an déi een sech direkt verléift, oft net éiweg haalen, mä deen heiten Album wiert zäitlous an klassesch, dofir man ech mär do nit sou vill Suergen.”
Wéi wier et wann s de déi Süd- a Westaschléi géifs si loossen an an dengem richtegen Konsdrëffer Accent géifs schreiwen?
Vun däitschen Eltren gebuer, liewend zu Consdorf (ech wéisst net dass mir hei en Accent hätten), mat engem Papp deen ob der Mousel grouss ginn ass an 9 Joer zou Eechternoach oam Lycée, sinn ech identitéitslous. Mä jo.
Mamm vun Esch, Papp vu Mamer, opgewuess zu Eechternoach. Mech stéiert dat do. Ech kennen d’Accenten, a se sou wallos mëschen ass oncool.
Den Artikel ass dofir awer schéin.
Majau, Miims a Piips aus em Secteur-B. Opgewaus am Secteur-B. Kenarritz. Gidd guernet diims mat äre mihlen Accentausen, soss wéisen ech mol wéi en richteg mihlen Spiist spackt. Hanau, hanau…
Fir all déi, déi sech dat lo froen: jo, den Nic schwätzt wierklech sou.
A wat fir eng Sprooch ass dat?
D’Sprooch vun der Zukunft. Gewinn dech alt drun.