Ech hunn op Spotify Tobi & Das Bo fir mech remendeckt. Beim stöbern an der Wikipedia hunn ech dann eng Foto vum Bo gesinn, an geduecht “merde, ass deen aal”. Hien ass 33. An dunn duecht ech mir: Jo, déi éischt Spueren vun Hiphop op Däitsch kommen vun Ufank 80er, och wann dat éischter e Witz wor. Mä wéi et dann richteg lassgoung, woren mer awer nach 1987, wéi Heidelberg déi éischt däitsch Rap-Haaptstaad ginn ass, fir dann an den 90er vun Hamburg, an dann, tragescherweis, vu Berlin oofgeléist gouf. Et ass also guernet verwonnerlech, dass den Torch 1971 gebuer ass, an am selwechten Joerzéngt vill vun deenen Rapper, déi fir mech haut nach emmer wichteg sinn. De Sido ass 1980 gebuer. Net méi relevant.
Mä wat ass eigentlech mat Lëtzebuerger Rap? Do gouf et dann mol d’LCS Mafia, belächelnswäert Initiativen wéi 100GN oder Aggro Biergem wou den T-Way sech bis haut nach seng Pubertéitsproblemer vum Häerz schwätzt. An dann ginn et natierlech Beschnidden Mee Kathoulesch (naja, Rap?) an De Läb déi fantastesch Saache maan.
Well eis Lieser so Intelligenzbommen sinn: Wou ass dee richteg coolen lëtzebuergeschsproochegen Hiphop? Wou sinn Texter mat Wuertwitz, Stil an Flow?

De Läb ass relativ cool an huet e puer gudd Reimen drop. (Latzebuerk)
http://www.myspace.com/delabsound
Ah merde, vilaischt sollt ech d’Artikelen och ganz liesen, iert ech kommentéiren. Respektiv main Mauszeiger vun der Schreft erofhuelen.
De Läb sinn och live ziemlech witzeg.
Ech fannen de Läb immens. Nieft The Disliked an Dali’s Dream meng léifste Lëtzebuerger Museker.
Hear Hear fir de Läb!
Reimer wéi “D’Haaptsaach d’Pelzmäntel hänken u gellene Krooper/hoffentlech hu mer méi en decken Auto wéi de Nooper!” ginn mir d’Hoffnung op gudden lëtzebuergeschen Hiphop zereck.
Vilaischt ged et bei http://www.myspace.com/morethanrnb More than R&B jo och e puer talentéiert Leit, ech wees et net.
Ah, a meng schlemmsten Erfahrung mat der Hiphop-Szene erziehlen ech leiwer net.
Z-Town Massiv (http://www.myspace.com/ztownmassiv).