cc2

Säit Enn September gëtt et hei schon erëm Schokelas-Kleesercher. Pianocktail widdersetzt sech dem Wahnsinn, mir feieren Chrëschtdag réicht dann, wa Chrëschtdag ass. Elo. An well mir jo net vill vun der Welt verstinn, mä just vun de Filmer, presentéieren all eis Auteuren Iech elo en Tip fir Chrëschtdag ze kucken

Chris

Tatta Dillendapp

Wéi den Thorben mat der Iddi koum, dass d’Auteure solle Chrëschtdagsfilmer virstellen, war ech perplex. Kloer, Un Conte de Noël oder Tillsammans schneiden d’Thema un, mä bei deem engen ass d’Stëmmung net ganz richteg, an deen aneren ass net gutt, well e Chrëschtdag zum Thema huet. D’Deadline virun Aen hat ech bal Angscht et net méi op d’Rei ze kréien eppes guddes ze fannen. Bis, jo bis, de Fede beim Kaffi Tatta Dillendapp erwient huet – de Kannerfilm fir Chrëschtdag schlechthin.

Si mer éierlech, déi meescht vun eis kennen de Film, hunn en als Kanner vergëttert, a géifen sech och lo net beschwéieren, wann se e kucke missten. D’Ofneigung dem fuerchtbare Knadderlou géigeniwwer an d’Sympathien fir déi aarm Weesekanner, déi Chrëschtdag feieren wëllen, an bis op den Nordpol reesen (wann ech mech richteg erënneren) fir d’Tatta Dillendapp ze retten, sinn einfach phänomenal chrëschtdaglech Gefiller: déi Onglécklech kréien eppes Schéines, während déi Béis dat zeréck kréien, wat se dat ganzt Joer streeën. Tatta Dillendapp léiert eis virun allem eppes: bei Chrëschtdag geet et em Nächsteléift, a fir déi muss ee kämpfen, an och de klengsten Debbes kann do eppes ausriichten.

Lynn

Nightmare before Christmas

nightmareEch wees jo nit wéi et iech sou geet mee ech kucken em Chrëschtdaag ëmmer di selwegt Filmer. Et laafen jo och ëmmer di selwegt, ee Klassiker wier do zum Beispill Groundhog Day mam Bill Murray. Dee Film deen ech all Joer e puer mol kucken muss ech leider zougin, as eng Schnulz, nämlech Love Actually. Mee ech hun en läscht Woch virtéischt dëst Joer mat mengem Frend gekuckt an e gefällt suguer him well en zwar cheesy as mee och witzeg an mat intelligent verstreckter Handlung. Ween also eng Ronn laachen a vlaicht och kraische well, a wee Chrëschtdaag wierklech gear huet, soll sech dee mol ukucken.

Dee Film vun deem ech iech eigentlech erziele well as The Nightmare Before Christmas. Dest as een Stop Motion co-produzéiert vum Tim Burton aus dem Joer 1993. D’Geschicht spillt an der imaginärer Welt vun Halloween Town an de Protagonist as den Jack Skellington, och bekannt als Pumpkin King. Heen an di aaner Bewunner vun Halloween Town; Vampiren, verrekt Wëssenschaftler an aaner beängstegend Kreaturen, plangen dat ganzt Joer iwwer un hierem Halloween-Fest. Mee den Jack as onzefridden well jiddereen emmer nemmen béis as an de Leit Angscht maache wëll. Wéi praktesch dass den Jack Christmas Town entdeckt. Vu dass dëss Staat alles as wat hee sicht, beschléisst den Jack och Chrëschtdaag ze feieren. Hee probéiert alles fier d’Liet a senger Staat ze änneren, hee léissst suguer den ‚Sandy Claws’ vun drai béisaartegen Kanner kidnappen, mee si verstinn de Senn vu Chrëschtdaag natiirlech falsch a brénge Chrëschtdaag a Gefoer.

De Film as mat senge kautzegen Charakteren an der Musik vum Danny Elfman plus der liicht verreckter Geschicht esou léif a schrulleg, et muss een en einfach gear hun. Et si vill kleng Detailer am Film an et as keng typesch Chreschtdaagsgeschicht, mee trotzdem huet en sain Happy-End. Emmer rem schéin rondrem Chrëschtdaag.

Nic

A Christmas Carol

cc1Déi wuel bekanntesten Chrëschtdagsgeschicht iwwerhaapt dem Charles Dickens säin A Christmas Carol. Ofgesinn vum Buch selwer, wat säit et 1843 erauskomm ass bis haut duerchgehend gedréckt gett, ginn et onzieleg Adaptatiounen an Literatur, Theater, Film an Fernseh. Dest Joer ass des Lescht em eng Nummer méi laang gin.

Den Robert Zemeckis (Back to the Future, Forrest Gump) huet sech heimat also keng einfach Aufgab gestalt. Jiddereen kennt d’Geschicht, weess wéi se ausgeet an huet wahrscheinlech och schon déi eng oder aner Interpretatioun dovun gesinn. Fir d’Saach interessant ze maachen huet en sech also eppes missen afalen loosen. Den fantasteschen Jim Carrey (Eternal Sunshine of the Spotless Mind, Bruce Almighty, How the Grinch Stole Christmas) an d’Haaptrollen ze stiechen ass sécher keen schlechten Ufank. Den Film mat Performance Capture ze produzéieren héiert sech och immense un. Dat gëtt d’Méiglechkeet d’visuell Fräiheet vun Animatioun mam Carreysenger distinktiver Mimik an iwwerdréit witzeger Gestik ze verbannen.

An am Ufank schengt et ze klappen. Den Film ass visuell extrem opreegend, zemools wann een d’Chance huet en an IMAX 3-D ze gesinn. Och d’Musek ass immens gewielt an ënnerleet d’Stëmmung vun engem rouegen,entspaanenden Fluch duerch d’Stroossen vum wanterlechen London grad sou gutt wéi vun enger rasanter Verfolgunsjuegt. Den Carrey ass, och wann een en natierlech net gesäit, offensichtlech präsent an sengen Charakteren an gett en seng onverkennbar Art sech ze beweegen an ze schwätzen. Dem Zemeckis säi Rezept schéngt also opzegoen an den Film ze engem groussaartegen Erliefnis ze maachen.

Leider ass dat net de Fall. Déi spektakulär visuell Kraaft déi bäim éischte Geescht sou beandrockend ass, ass nach ëmmer schéin a gutt bäim zweeten, mä bäim drëtten leider just nach lästeg. Et wierkt net kuerz an intensiv, mais laangwiereg an erschöpfend. Et ass e bësschen wéi en Chrëschtdagsiessen. Am Ufank freet een sech iwwer all déi fein Leit an dat gutt Iessen, mä zum Schluss, egal wéi gutt de Kuch an d’Buche an d‘Drëppen sinn, well een just nach dass jiddereen heem geet, fir dass een kann an d’Bett goen an verdauen. D’Flucht vum Scroogevirun der (iwwerraschend beängschtegender) Kutsch vum Geescht vun den zukünftegen Chrëschtdeeg ass sécherlech keng schlecht Sequenz. Mais egal wéi visuell beandrockend se ass, se schéngt einfach net sou nei oder erfrëschend wéi den Ufank vum Film, wouduerch een liicht d’Flemm kréien kann. An dat ass eppes wat mer soss nach ni bäim Zemeckis sengen Filmer geschitt ass. Back to the Future ass eng Trilogy déi sech ni ze widderhuelen schengt. An Forrest Gump huet, obwuel de Film 4 Deeg dauert, net en eenzegen Moment dran vun deem ech géif soen dass en ze vill wier.

An dann ass do nach déi Saach mam Performance Capture. Et ass eng fuerchtbar flott Saach, well et d‘Schauspiller an d‘Animatioun zesumme bréngt, wat zu villen groussaartegen Szenen féiert. Mais iergendwéi gëtt een d’Gefill net lass, dass et ouni och gaang wier, an wahrscheinlech besser. Wann den Scrooge alleng an sengem Büro en Carrey-typeschen Danz opféiert ass dat ganz witzeg. Mais et ass näischt am Verglach mam Gedanken dass den Jim Carrey och sou am Studio gedanzt muss hunn. Komesch Beweegungen sinn bäi animéierten Charakteren net méi ganz sou komesch, well een se éichter erwaart. Dat ass schued. Et ass och schued dass ech net vill iwwer déi aner Schauspiller kann soen, mä leider hunn ech déi (ausser den Colin Firth) net sou erëmerkannt wéi den Carrey. Dat läit un engem Mangel un Subtilitéit, deen entweder vun der nach net perfekter Technik kennt oder vun menger net perfekter Observatioun. Dat ass är Entscheedung.

De Film ass nach ëmmer ganz gutt Ënnerhalung an gehéiert, op Mannst fir mech, zu deenen besseren Adaptatiounen vum Dickens senger Geschicht (aus där niewebäi vill vun den Dialoger an den Biller penibel genau iwwerholl ginn, wat ech immens fannen an wat ni onpassend wierkt). Mais leider, leider huet een de ganzen Zäit dat schrecklecht Gefill dass de Film iergendwéi net grad sou gutt ass wéi en hätt kënnen sinn. An dat deet mier emmer immens leed.

An well et gläich Chrëschtdag ass gëtt et vun mir zur Ofwiesslung, als Cadeau, eng Bewäertung an Stärenform fir de Film:

**1/2 /****

Jacques

Batman Returns

batmanreturnsEch schloën dann alt de “Batman Returns” fir, deen däischterste vum Tim Burton senge Batman-Filmer, deen zwar um Niveau vun der Story nët sou staark ass wéi säi Virgänger, awer dofir visuell ee vun deene stäerkste Filmer vun deem Joerzéngt war. Hervirzehiewen sin deen oft ënnerschatene Penguin vum Danny DeVito, an d Catwoman vum Michelle Pfeiffer. De Film spillt ëm Chrëschtdaag, Gotham ass och voll mat Schnéi a Chrëschtbeemercher, also eng Empfehlung fir all déi, déi Chrëschtdag gäre bëssi méi däischter Action kéinte genéissen!

Dem Tim Burton seng Regie ass wéi gewinnt faszinéierend an et ass Escapism op héichstem Niveau…

Thorben

National Lampoon’s Christmas Vacation

Jo. Dat heiten ass mäin Eescht. Also. Sou wierklech elo.  Als Kand (dat sinn ech jo ëmmer nach) hunn ech natierlech all Chrëschtdagsfilm misse kucken, an als Kand vun enger däitscher Mamm och esou Saachen wéi Der Kleine Lord oder sou. An ech sinn e Fan vu Chrëschtdagsfilmer, an e bëssen Cheese dierf och sinn (meng Frëndin huet mech Love Actually kucke gedoen). E besonnechen Highlight fir mech wor awer all Joer National Lampoon’s Christmas Vacation.

De Clark, gespillt vum Chevy Chase (jo!), well dat perfekt Chrëschtdag fir sech a seng Famill plangen. Ënner aanerem geet hien mat senger Famill dee perfekten Baam sichen, wat an engem Fiasko end, en geet 10′000 Bieren u säin Daach tackeren, probéiert en perfekt Iessen ze zauberen an esou weider. Dat ganzt geet natierlech all Kéiers gehirlos schif.

An jo: National Lampoon’s Christmas Vacation ass e Film deen haaptsächlech Klamauk ass. Ween verzweiwelt no engem Sënn sicht, kann probéieren am Film de Portrait vun enger amerikanescher Famill ze entdecken, ënnerdréckten Dreem an vermasselt Famillienverhältnisser. Mä Amplaz kann een sech och en Heel kafe goen a kappe goen.

National Lampoon’s Christmas Vacation ass e Film dee Spaass bréngt, deen net langweileg ass an iergendwéi awer net, wat Klamaukfilmer esou oft geschitt, penibel ass.