All Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?
Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.
Animal Collective – My Girls
Arctic Monkeys – Crying Lightning
Clueso – Gewinner
Coldplay – Live in Technicolor II
Dizzee Rascal – Bonkers
Emiliana Torrini – Jungle Drum
The Gossip – Heavy Cross
Grizzly Bear – Two Weeks
LaRoux – Bulletproof
Mando Diao – Dance With Somebody
Maxïmo Park – The Kids Are Sick Again
Moby – Shot in the Back of the Head
Pet Shop Boys – Love Etc.
Phoenix – Lisztomania
St. Vincent – The Strangers
The Temper Trap – Sweet Disposition
White Lies – Death
The XX – Crystalised
Yeah Yeah Yeahs – Zero
Yonlu – The Boy with the Tiger





















Yay fir Clueso and The XX. Thumbs up.
Aaaah! Clueso!
Aaaaaaaaaahhhh! Schluchz!
Schluchz? Mais non. Do sin och ganz vill Hach-Lidder.
Keen Geknupps? Keen Jazz? Keen Hiphop? Keen Dubstep? :(
@Laurent: mäi Goût, meng Lëscht. Hiphop ass dran (Dizzee Rascal), an ech hätt net gewosst, wéiee Lidd ech vum Mos Def Album huele sollt; Jazz haassen ech wéi d’Pescht a vun Dubstep sinn ech net de gréisste Fan. Mat Geknupps mengs de wat genee?