Wee Loscht op Schnësskichelcher huet, soll op Méi liesen… klicken, do gëtt et d’Chance fir mol sou richteg oofzestänkeren.
Während de Chris sech hei orgasmesch (ass dat e Wuert?) a Lëschten ergötzt an probéiert eist Jorzéngt, dat réischt an engem Joer an engem Mount ophält, ze huldegen an ze quantifizéieren (wéi sot de Jeremy Clarkson e Sonnden bei Top Gear: Lists are a manly thing, they need to quantify everything), maachen aaner Leit dat och.
Déi däitsch Musékszeitung Intro (där ech nach emmer net iwwert de Wee trauen) huet hier bescht 100 Lidder vun den “nuller”-Joer erausbruecht. An soen mir emol sou: Déi Lëscht ass net meng Top-Song-Lescht, mä wann een awer eng End-Of-Decade-Party well man (oh nee! wat eng Idee! Ech well dat man. Déi nächste Kéier dass ech déi Chance hunn sinn ech iwwer 30 a mäi Liewen wahrscheinlech riwwer), dann wier dat doten eng hammer Playlist (ech hu grad esou loscht op Mr. Brightside ze danzen). Do sinn esou Saachen dobäi Hurt vum Cash, Remmidemmi vun Deichkind (omg, good memories), Landungsbrücken raus, die Schönheit der Chance, D.A.N.C.E., Pogo, Skinny Love, Crazy an sou weider. Ech kann et net erwaarden dass een dat als Package op den Torrent setzt an well déi ganz Nuecht danzen.
Léift ass bekanntlech ëm Chrëschtdag jo rëm all around. Et ass scho bal e bëssen Old-Fashion sech ze bestueden, och wann dat ganzt a mengem Bekanntekrees nawell viirkennt. Déi heiten Koppel op YouTube gëtt vum Paschtouer bestued, an éier se sech kussen zécken se béid hieren SmartPhone fir just kuerz op Facebook den Relationship Status ze änneren an iwwert hier Hochzäit ze tweeten (Iwwregens: @pianocktail_lu ass rem do). Dat ass natierlech en immenst Showelement an éischter e Geck wéi soss eppes. Mä: Et weist awer wou et higeet an wéi Social Networking net nemmen eng Aktivitéit vun eisem Liewen gëtt, mä e Stéck vun eisem Liewen gëtt. An der Wired (best print magazine, ever. Mä dozou spéider méi.) ass en Whitepaper geleaked nodeems Twitter plangt bis 2013 eng Milliard User ze hunn. Wee weess. Ech ka momentan net dru gleewen, mä ech hunn awer geléiert dass een net méi dierf soen: dat geet ni. Mir wäerten gesinn. Och wéi den @6eorges den Doud vu senger Kaz (Futsi, rouh a Fridden) matgetwittert an mat Fotoen beluecht huet, huet dat vill Useren vläit irritéiert, oder ameséiert, an vill wossten net wéi reagéieren, mä ech gesinn, an gleewen drunn dass dat nach wäert weidergoen, dass Leit hier Emotiounen an Gedanken op sozialen Netzwierker deelen. An dat huet fir mech just nach zum Deel mat Exhibitionismus ze dinn, mä vill méi mam fait, dass mir Menschen eis Gefiller ausdrécken wëllen an vläit mussen, an wann Social Networks Deel vun eis sinn, dann ass dat eng logesch Konsequenz.
Genuch Gedanken, lo gett gebashed an geluewt. De Chris huet gesot, hee well net rem Blog Awards verléinen, well dat just gestänkers gëtt. Wou en wuel recht huet. Mir ass dat awer egal, mä ech weess nach net, op ech et man. Egal wéi. Hei hutt dir d’Méiglechkeet anonym Leit fir de beschten, schlechtesten (lëtzebuerger) Blog, Post, Kommentar ze nominéieren an eis en Idee ze ginn, wat iech beweegt huet an de Joeren 2008 an 2009. Dir musst och net alles ausfëllen. Also, soot et eis!
Lieserbefroung: Lëtzebuerger Blogs 2008 an 2009
Wat huet Iech 2008 an 2009 opgereegt? Wei eng Artikelen hunn äert Liewen verännert? Wou hutt dir gekrasch, gelaacht a geflucht wei dir et gelies hutt? Soot eis et! Bis den 20ten Dezember.

Denger Argumentatioun no misst 2000 nach Deel vun den 90er sinn. ;) Ee Joerzéngt ass, wéi de Numm et schon seet, eng Period vun 10 Joër. Domatter ass dës Dekad den 31. Dezember 2009 eriwwer, a net eréischt den 31. Dezember 2010.
Et kann een als Dekade en beliebegen Intervall vun 10 Joer bezeechnen.
Souwäit ech dat verstinn, interpretéiers du meng Argumentatioun richteg. D’Joer 2000 huet nach zu den 90er gehéiert. Dat ass awer keng Dekad, mee en Joerzengt, an do man eng Reih Referenzwierker eng Differenz. An och wanns du dat vläit gefeiert hues, 1999-2000 wor net d’Millenium.
Fir dat ze backen, hunn ech elo awer nach eng Kéier Wikipedia gefrot:
“Die eigentliche Dekade wird vom jeweils ersten Jahr an gezählt („Eins bis Zehn”). In dieser strikten, mit Ordinalzahlen versehenen Bedeutung, wird das Jahrzehnt zur geschichtlichen Zeiteinteilung verwendet („historisches Jahrzehnt“), zum Beispiel «das zweite Jahrzehnt des zwanzigsten Jahrhunderts». Dieses begann natürlich erst am 1. Januar 1911 und endete am 31. Dezember 1920. (Siehe auch: das Jahr Null).” (Wikipedia, Jahrzehnt, Redirect iwwer Dekade)
Ha! Da si mer mol op d’Resultater gespaant ;)
Ech si jo generell dogéint, dass mer iergendeppes als “schlecht” bezeechnen, soulaang et net dono jäizt. E Blog ass e Blog an et muss keen herno eng Revue dovunner maachen wat da lo dat schlechteste war. Ech denken do wësse mer souwisou all, dass et déi geckeg Luxbiergerin ass.
Zum Thema iwwerflësseg Kommentarer kann ech der dofir awer tëscht 50 an 100 aus dësem Blog raussichen…
Dowéinst wieren ech mech jo och all Joer dogéint eng Top 10 vun den enttäuschendste Filmer ze bréngen, obwuel Leit mech duerno froen. Allerdéngs denken ech, ass sech dat fir dëst Joer eventuell ännert.
Iwwerflesseg Kommentarer? Do kann ech der genau 300 opzielen. An et kommen der nach 731 dovunner.
Wikipedia zitéieren kann ech och. Déi englesch seet nämlech genau de Contraire vun där däitscher.
Ze fréi geklickt. Wikipedia seet och:
Ech ginn dem Thierry Recht.
Da musse mer eis just eenz ginn, weem seng Wikipedia méi richteg ass.
@Nic, et kommen nach vill méi iwwerflësseg Kommentarer, den Jackson krut nach keng greng Luucht an et gouf schonn offiziell em e Joër verrëckelt.
@Chris: Luxbiergerin ok, mee d’Famill Lulling ass och nët schlecht (am Schlechtsinn), hun déi dowéinst och emol rageschëckt.
@alleguerten: Ech ginn hei dem Thorben och emol recht (ech mengen, hei um Blog ass et effektiv fir d’Éischt, Gratulatiounen Thorben). Ech weess nach, datt zwee Historiker sëch virum Millenium an der Süddeutschen Zeitung 2 Säite laang driwwer gestridden haaten op d’Joerdausend 2000 oder 2001 ufänkt… Ok, wann ee vun 1920 schwätzt schwätzt een och vun “den 20er Joëren”… Hmmm, mir fanne keng eendeiteg Léisung, mee dem Thorben seng Versioun liicht mer definitiv an.
@Thorben, ech hu vergiess meng email unzeginn, an ech hunn zweemol Saache ragescheckt bei denger Fro do uewen (sorry).
Du verwiessels Joerdausend mat Joerzéngt. Déi zwee mussen net noutgedrongen den nämlechte Rhythmus hunn.
De Problem beim Millenium ass, dass et an eiser gregorianescher Zäitrechnung keen Joër 0 gëtt, mä mer vun -1BC op 1AD sprangen, an domatter mathematesch gesinn 2001 eréischt dat neit Millenium ugefaangen huet, well dunn eréischt 2000 Joër eriwwer waren.
Bei enger Dekad gëtt et awer een Joër “0″. Also hunn mer 2000 (1. Joër), 2001 (zweet Joër), … 2009 (zéngt Joër), woumatter d’Period vun enger Dekad den 31. Dezember 2009 op en Enn geet. Géing iergendeen behaapten, 1990 wier an den achtzeger Joëren?
Op der däitscher Wikipedia gët en Ënnerscheed gemaach tëscht enger “eigentlecher Dekad” an enger “usueller Dekad”. Interessant nozekucken, ech wousst daat bis elo och nët, an hunn et och nët direkt räusfonnt, well den Thorben vergiess haat déi zweet halschend vum Artikel ze zitéieren (Béise Fanger). Trotzdem: Dem Thorben säin Artikel enthält KEE Widdersproch, hie bezeechent d’Joer 2010 nët als Deel vun den “nuller” Joëren (“usuell Dekad”) a wann hie vu Joerzengt schwätzt mengt hien déi “eigentlech Dekad”. Dem Thorben ass also weiderhinn kee Virworf ze maachen (Gudde Fanger).
P.S.: Mam Thorben senger Argumentatioun am Kommentar sinn ech och nët averstaan, mee um Artikel ass näischt äuszesetzen.