Gëschter war et souwäit. Ech hu mëch fir d’éischt dozou forcéiert deen éischten Twilight-Film ze kucken (ouni Suën dofir äuszeginn) an deele meng Meenung mat jidferengem, deen et fir ee vun deenen dämlechste erfollegräiche Filmer hällt, déi an deene läschte Joëren an de Kino komm sinn. Ech kucke ganz gär heiansdo schlecht Filmer, mee daat hei war jo wuel Harry Potter op High School Musical Niveau, an ëch weess nach nët op ëch mer den anscheinend nach vill méi schlechte Sequel New Moon iwwerhaapt wëll ukucken. Wéi ech mam Film fäerdeg war, si mer fënnef Minutte laang d Schudderen äusgaang, ann ech wollt nach eppes anstänneges kucke, fir dem Owend e Sënn ze maachen.
Also hunn ech op ee Projet vu mengem absolute Schatz, dem Joss Whedon, zrëckgegraff: Dr. Horrible’s Sing-Along Blog! Dëse Projet, gouf während deem läschte WGA-Streik geschriwwen a produzéiert, den Joss Whedon huet alles äus eegener Täsch finanzéiert, an et gouf am Internet veröffentlecht.
Wat soll ech soën? Ech fannen et immens. Bei Dollhouse haat ech gemengt, den Joss Whedon hätt säin Touch verluer (ech hunn nët méi wéi 3 Episode gekuckt, vläicht war dat e Feeler), mee beim Dr. Horrible weist hie rëm déi Zort vu Geniestreich, déi mer scho vu senger herrlecher Buffy-Folg “Once more with Feeling” kennen. Mat absolut minimalem Budget liwwert ën e komplett schrägt, clevert a virun allem meeschterhaft erzieltent Musical.
D Musek, déi e mat sengem Brudder zesumme komponéiert huet, ass voller Ouerwiermer (gëtt et dat Wuert am Lëtzebuergëschen), d Schauspiller, den Neil Patrick Harris (How I met your Mother), den Nathan Fillion (Firefly) an d Felicia Day (Buffy the Vampire Slayer) sinn an Topform, an d Story – iwwert déi ech hei nët zevill wëll verroden – ass einfach nëmme whedonesque.
Ech kann dëst kuerz Musical an dräi Akte jidferengem, dee mol gär eppes e bessi onkonventionelles gesäit, nëmmen empfehlen. Déi éischt DVDen déi eräuskoumen (an och nach ëmmer am Verkaaf sinn) sinn anscheinend am DVD-R Format, well jo kee Studio un der Distributioun bedeelegt ass, a well et anscheinend déi bëllegst Method war fir datt d DVDen an all Zone funktionnéieren. Interessant, datt d Presse vun DVDen anscheinend esouguer verschiddenen Hollywoodproduzenten ze deier ass, nedu Thorben ;)

Wéi, a beim Felicia Day nenns de keng aner Produktiounen? Buffy – The Vampire Slayer, Dollhouse, The Guild (The Guild! DÉI Geek Show iwwerhaapt!)
An Dr Horrible ass immens. Ech hunn deen d’läscht Joër all Woch eng Kéier mat mengem Matbewunner gekuckt an mir hunn all Kéiers matgesongen. Iwwerhaapt, deen Soundtrack. Klemm der “It’s a brand new day” hannert d’Oueren an laf mam iPod d’Strooss erof. Megalomanie FTW. :)
An gëff Dollhouse nach eng Chance. Et brauch e bëssen méi laang fir unzelafen, mä putain ass déi Serie genial.
An de Kommentar op der DVD (Commentary! The Musical!) ass iwwregens komplett gesongen. :)
Daat deet mer Leed Thierry, ech änneren daat ëm, ech wollt beim Felicia Day Buffy dohinnerschreiwen, haat et awer vergiess.
Ech ginn Dollhouse nach eng Kéier eng Chance wann ech eng Kéier vill Zäit hunn. Mee dat wat ech bis elo gesinn haat huet mech jo fir d Baschten nët interesséiert. An dat läit mol nët um Eliza Dushku (dat mecht seng Saach Top)…
Ech mengen The Guild kucken ech mer dann awer mol un, déi Lück muss definitiv gefëllt ginn.
Dollhouse gouf mëttlerweil iwwregens gecancelt, mä si maachen d’Staffel awer nach färdeg. On the bright side: et gouf een Dr Horrible 2 bestätegt! :)