Ouni vill Trara. Et war schon haart genug d’Informatiounen zesummen ze sammelen… a wierklech, boah, sinn ech midd, déi zeng menger Meenung no wichtegste Filmkomponisten vun 2000-2009:
#10 Jon Brion (Punch-Drunk Love, I Heart Huckabees, Eternal Sunshine of the Spotless Mind; Synecdoche, New York)
#09 James Newton Howard (The Village, Collateral, Batman Begins, King Kong, Michael Clayton, The Happening, The Dark Knight, Defiance, Duplicity)
#08 Alberto Iglesias (Hable con ella, La mala educación, The Constant Gardener, Volver, The Kite Runner, Ché, Los abrazos rotos)
#07 Yann Tiersen (Le fabuleux destin d’Amélie Poulain; Goodbye, Lenin!)
#06 Howard Shore (The Lord of the Rings Trilogy, Gangs of New York, The Aviator, The Departed, Eastern Promises, Doubt)
#05 Gustavo Santaolalla (Amores perros, 21 Grams, Diarios de motocicleta, Brokeback Mountain, Babel)
#04 Thomas Newman (Road to Perdition, Finding Nemo, Cinderella Man, Jarhead, Little Children, The Good German, Wall-E, Revolutionary Road)
#03 John Williams (AI: Artificial Intelligence, Harry Potter and the Sorceror’s Stone, Minority Report, Harry Potter and the Chamber of Secrets, Catch Me If You Can, Star Wars Episode II, Harry Potter and the Prisoner of Azkaban, Memoirs of a Geisha, Munich, Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull)
#02 Clint Mansell (Requiem for a Dream, The Fountain, The Wrestler, Moon)
#01 Alexandre Desplat (Sur mes lèvres, Girl with a Pearl Earring, Birth, De battre mon coeur s’est arrêté, Casanova, Syriana, The Queen, The Painted Veil; Lust, Caution; The Golden Compass, The Curious Case of Benjamin Button, Chéri, Coco avant Chanel, Un prophète, Julie & Julia, Fantastic Mr. Fox, The Twilight Saga: New Moon)
Éierbar Erwienungen: Clint Eastwood, Tan Dun, Danny Elfman, Michael Giacchino, Philip Glass, Jonny Greenwood, Dario Marianelli, Hans Zimmer

Ech kennen jo näischt vu Film. Mee vue dat John Williams an Mansell viir optauchen, während Yann Tiersen top ass, awer net spëtzt, spiggelt meng Idee rem.
Jonny Greenwood wor jo wuel kloer.
Den John Williams IMHO dëst Jorzéngt säin Zenit iwwerschratt, ech hätt ën op deser Lëscht duerch den Michael Giacchino ersat.
Ech wollt grad jaitzen dass den Hans Zimmer nemmen eng éierbar erwienung ass, mais dun ass mer opgefall dass et batter duerno ausgesait wéi wann deen och iwwer de Bierg wier. Opmanst ass schon laang naicht iwwerwältegendes mei vun em komm. Schued.
Mais den Thomas Newman mecht wierklech aus egem gudde Film en immensen Film. Ween et net gleeft: http://tinyurl.com/yftc5lp
@pa: ech hat den John Williams eigentlech och guer net op menger provisorescher Lëscht stoen, an dunn huet en sech iergendwéi vun der éierbarer Erwienung rop op déi drëtte Plaz geschafft. Grënn: éischtens den Harry Potter Theme, zweetens Catch Me If You Can, drëttens Memoirs of a Geisha a véiertens Munich an da kommen nach déi aner dobäi.
De Michael Giacchino huet bis well Ratouille, Up, an Star Trek – dat ass manner. Wann et an 10 Joer Pianocktail nach gëtt (vläicht, wee weess) an ech nach Chef hei sinn (sécher net, falls awer, erschéisst mech), da bréngen ech eng Lëscht iwwert dat nächst Joerzéngt an do ass den Giacchino da wuel an den Top 5.
Okay, beim Giacchino hat ech lo net nëmmen u Filmer geduecht; hien huet jo och vill op der Telé gemaat.
Jo, dat stëmmt natierlech, mä wéi eben am Titel steet “Filmkomponisten”. Soss wier e wuel op der drëtter Plaz.
Philip glass hät zwar missen an den top 10 sen
mat koyaanisqatsi huet hien sech zwar mei wei qualifizéiert…
an den klaus badelt gesin ech och neierens…
De Klaus Badelt huet een Theme gemaach, a soss näischt. Go figure.
An de Philip Glass ass, fir mech, eng Erwienung wäert a méi net. Wann ee Score Grond genug ass, dass ee well zu de beschte gehéiert, wann déi Leit, déi op der Lëscht stinn ëmmer rëm gutt Aarbecht bruecht hunn, da sorry, mä da bréng deng eege Lëscht, iwwert déi ech gär mat dir diskutéiere wëll, mä schreif mir net vir, wat a mengen Aen déi zéng beschte Filmkomponiste si sollen. Ech si vläicht arrogant, mä dat do genee sou.
ok