Un alleguerten d Nerds, d Geeks a Comicfrënn, déi dëse Blog vun Zäit zu Zäit liesen:
Et ginn Deeg, do kënnt ee sech vir wéi dee läschten Ignorant. Sou een Daag haat ech virgëschter. Ech muss dofir elo e Geständnis maachen: Ech wousst bis virgëschter nët wat ee “Motion Comic” ass. Daat war definitiv eng grouss Lück (eng vu ville grousse Lücken, ouni Zweifel), mee et léiert een all Dag eppes dobäi. Hei ass eng kleng Definitioun fir alleguerten déi aaner Ignoranten déi dësen Artikel liesen: Motion Comics sinn eng Art Hybrid tëscht Comic an Animatioun. Et ginn also Biller äus engem Comic geholl, liicht a Beweegung gesaat, e puer Effekter mat agebaut, eng Stëmm driwwer geschwat, an herno gët daat als eng Zort Film veröffentlecht. Waat en Hörbuch fir en normalt Buch ass, ass de Motion Comic fir eng normal BD. Et deet mer Leed, mee wéi gesot: Et war mir kee Begrëff.
Lo weess ech méi, ech hu mech während deene läschten zwee Deeg e bessi mat deem mir onbekannte Konzept äusernee gesat, an ech muss soën, ët gefällt mer. Ech hunn allerdéengs och daat gréisste Verständnis fir jidfereen, dee sëch daat nët wëll undoen: Op amazon.de steet an enger Rezensioun vum Motion Comic vu Watchmen: “Sicher hat jeder schon mal ein Kinderbuch in der Hand gehabt, bei der auf Hebelbewegung sich ein Arm oder sonst etwas in Bewegung versetzt.” an ech muss soën, dee Kärel haat Recht. Trotzdeem fannen ech des Art a Weis Comics an Szeen ze setze faszinant an immens fesselnd, an de Watchmen Motion Comic mecht süchteg.
Wéi sinn ech lo dorop komm? Déi 8. Staffel vu “Buffy – The Vampire Slayer”, déi bis elo nëmmen als Comic eräuskomm ass, gët elo och als Motion Comic ëmgesaat. An där 8. Staffel huet den Joss Whedon, de Schöpfer vu Buffy (an natierlech och vun aanere grandiose Sendunge wéi Angel a Firefly), mat dem Medium Comic remexperimentéiert a seng Heldin an eng Welt gesat, an där et keng Budgetsproblemer méi ginn, an där absolut näischt onméiglech ass, kuerz: an där d’Auteure vu Buffy kënne remspille wéi e Kand an der Sandkëscht.
An elo kënnt daat als Motion Comic. Super! Ech freeë mech. Inwiefern déi aal Schauspiller hire Charaktere wäerten hir Stëmme léinen, an inwiefern den Joss Whedon selwer wäert bei dëser Produktioun matmaache, weess bis elo nach keen. Mee wann daat ganzt anstänneg ëmgesaat gët, wäerten d’Buffy-Fans heimadder nach en Heedespaass hunn, a bei all Episod déi eräuskënnt wäert ech mech méi freeë wéi den Nic sëch freeë wäert wann den Hobbit an de Kino kënnt.
(Trotzdem kee Grond elo nach e Countdown op Pianocktail ze starten…)

Mega, ech wëll dat och fir d’Firefly Graphic Novels! Mat all den Schauspiller hieren Stëmmen!
Di 8. Buffy-Staffel ass nawell zimlech interessant. Ech hun all 30 Episoden bis ëlo gelies a si begeeschtert.
Motion Comic kann interessant sin, wann een de Comic sélwer nach net gelies huet, mee soss fannen ech ët awer éischter an der Kategorie “net dat eent a net dat aanert”.
Do hues de Recht, pa. Mee streng geholl ass et jo mat Audiobooks deeselwechte Fall. Soulaang et gudd gemaach ass, kann et awer ganz flott ginn.
Dir muss ech och Recht ginn, Thierry: Firefly gouf vill ze vill mat Féiss getrëppelt an ignoréiert fir déi verdammt gudd Sendung déi et war… Déi Story verdengt et fir weider äusgebaut ze ginn a fir méi unerkennung ze fannen!
Sinn iwweregens frou ze gesinn datt nach aaner Leit Fan vun där 8. Staffel sinn. Kritt een d Comics eigentlech hei am Land iirgentwou ze kaafen? Ech hu mer se bis lo ëmmer vu Bonn schëcke gelooss…
Mä esou schengt et gudder Sci-Fi jo ganz allgemeng ze goen. Wann ech mir ukucken, waat se mat “Defying Gravity” gemaach hunn, wenschen ech mir, daat se do eng ähnlech Leisung fannen, fir d’Geschicht wéider ze erziehlen.
Vu Firefly gëtt ët iwwregens och ë (klénge, 4 Deeler) Comic.
@Jacques: Wou ech déi hir hun? Seet der de Kiërzel “DC++” eppes? Ass den eenzege Grond, firwat ech dee Programm hun.
Wow wéi ech “DC++” gelies hun huet et gebimmelt a mengem Kapp (w.e.g. lo nët wuertwiertlech huelen hehe), ech hun als éischt un eng Propramméiersprooch geduecht oder sou mä nee, ‘t ass dach een vun denen éischten uerdentlechen Filesharing Programmer no Napster gewiecht oder? Sou ähnlech op alle Fall.
Direct Connect. Déi onhelleg Meschung aus IRC an Kazzaa. (Oder sou.)