Ass d’Katz nit am Haus, danzen d’Mais um Dësch. An vue dass de Chris op der Foire de l’étudiant déi Broschüren verdeelt, déi ech mat menger Schwester gemat hunn (nächst Joer ginn se am InDesign gemaach, versprach!), dreiwen ech dann hei mäin Onwiesen. Deen een oder aneren huet den Owent gesinn, dass hei e puer mol de Site den Hicks hat, my bad.
Wat gëtt et neits?
- De Benem haat e Logo proposéiert, deen zwar sau-gutt ausgesäit, awer dann der Direktioun vu Pianocktail SA e bëssen ze streng wor. Merci awer fir d’Ënnerstëtzung.
- Elo gëtt all Post ugewisen an der Postlist, och déi, déi an der Featured Box sinn.
- An de Kommentarer ginn duebel Breaking Spaces nach ëmmer net ugewissen, an ech weess net firwat. Ween mär kann hëllefen: Bitte!!! Den Tech-Bla ënnert “Lies méi…”
- De Nic huet vergiess den 11.11. säin Countdown ze man
- 60% vun eisen User benotzen Macs. Schmocks déi mär alleguerten sinn. De Rescht deelt sech op tëscht Windows an iPhone. Och wann ech, mat der Ausnahm vun 2 Leit, iPhone-User eekleg fannen, hu mir awer eppes fir Iech gemaach (an Palm Treo an Blackberry Storm Useren och) – et gëtt elo Pianocktail fir den iPhone. Wann där mat ärem iPhone op äerem Lieblingsblog sitt, kënnt där elo mat äre Wurschtfanger nach méi séier a genee navigéieren. Wéi dat ausgesäit kann een ob deem Screenshot hei gesinn.
- Är RSS Feeds laafen elo duerch FeedProxy an Feedburner. Fir déi, déi en FeedReader benotzen, kann et sinn dass d’Links heiansdo e bësse komesch ausgesinn, soss ännert sech awer näischt. Dat ganzt ass gutt fir dass mär eisen Marché kënnen am An behalen, well mär jo gäre wëssen, wéivill dausend Leit all Mount kommen.
- Ech géing gär är Meenung wëssen: Sollen déi neits Kommentaren uewen oder ënnen ugewise ginn? De Fede hat do mol gemault. Mee heen ass Italiener.
Un där heite Plaz sief dann nach eng Kéier gesot, dass där häerzlechst invitéiert sidd, äre Support fir Pianocktail duerch joinen vun eiser Facebook Grupp ze weisen, an dass mär Iech alleguerten gären hunn. Wierklech. Souguer eis Trolls.
Zum Problem mat den Kommentaren:
WordPress huet an der Versioun 2.7 säi Kommentarsystem ëmgebaut. Während fréier d’Kommentaren vun der Säit comments.php déi am Theme definéiert ass an enger Schläif erstallt goufen, ass et an der Versioun 2.7 esou, dass an der comments.php d’Funktioun wp_list_comments() opgeruff gëtt déi dee ganzen Krom iwwerhëllt. Dat mécht Theme-Design méi schlank, dreift mech awer an de Wahnsinn. Éischtens muss ech no all Update rëm d’Sprooch an den Kommentaren emprogramméieren, a zweetens hellt et d’Fräiheet fir ze tweaken. An der Datenbank ginn eidel Zeilen gespäichert mat breaks (\n). Einfach Breaks ginn an en Paragraph emgewandelt. Duebel breaks (\n\n) ginn ignoréiert. Ech hätt awer léiwer, dass eis Useren kënnen, wann se eng eidel Zeil wëllen kommentéieren, dat man. An ech fannen fir d’Frecken net raus, wou ech dat astellen. Wann een dat weess, kritt en vu mir eng Fläsch Innis & Gunn geschéckt, dee beschten Ale deen een hei kritt. An jo, ech hunn 2 Stonne laang google gefrot. An nl2br geet och net.

Huet Pianocktail iwwerhaapt Trollen? Ausser ech, natirlech…
An eng extra Versioun fir de Proletarier-Handy?
Mee nujo…
Tiptop, weider sou!
Trollen ginn et iwwerall ;)
iPhone Theme ass eng gutt Idee, ech hat zwar ni Problemer mat mengen Griffelen doduerchzescrollen an -zepinchen mä lo geet dat wesentlech méi schnell.
Comments géif ech klassesch den Eichten uwen stoen loossen, an déi nei dann chronologesch ënnendrënner.
Gutt Aarbecht!
Ass dat net deen Standard-Theme deen WordPress och aktivéiert huet, wann een per iPhone op en x-beliebegen WordPress-Blog um iPhone geet? Gesäit op alle Fall awer ordentlech aus.
Ech fannen die neits Kommentarer sollen ennen ugewiese ginn, mee bon, affaire de goût probably ;)
Effektiv, wosst ech guernet. Wat WordPress.com kann, kënnen mir elo och.
Ech hun main Countdown den 07.11. mat weiser Voraussicht zwee mol gemaach.
An dat soll net gefuddelt sinn?
Wéi realiséiert dir eigentlech är “Zwee Leit Posten”-Posts? Ass daat am Layout mat dran oder een extra plugin oder eben spezielle Code just fir den Posting?
Dat ass en JavaScript deen bestëmmt DIV Layers einfach an Tabs emwandelt. Kann een an all Post benotzen.
Wat mir grad opfällt: hudd dir keng Archiven? Oder sinn meng Aan zevill midd am Moment?
Schreiw der eng .mo Datei. Hunn ech och gemaach. Dann muss de dech net mat all Update ploen, de Quellcod ze duerchwullen. ;)
De Chris ass amgaang. Mee esoulaang.
Mir hu keng Archiven. Mee gläich :) merci fir den Hiwäis
Dat mat der .mo Datei ass fréistens Chrëschtdag machbar, bis dohin hunn ech zevill ze dinn. Mä jo, ass an der Maach.
Kann een net einfach dem Thierry seng .mo-file huelen? Respektiv eng generell, lëtzebuergesch benotzen?
Wann hien eis se gëtt, kann een dat maachen.