Wéi den Ben op Twitter ganz korrekt bemierkt huet, gëtt et op Facebook eng Lobbygrupp, déi sech asetzt fir méi Filmer an der däitscher Iwwersetzung ze weisen. Dozou e puer Fakten, e puer Gedanken an e puer Abléck. Vue dass ech säit 8 Joer selwer an diversen Kino’en geschafft hunn, denken ech, dass ech lo mol schwätzen dierf. E puer Saachen t’éischt mol: dee Problem kann een aus dräi Perspektiven kucken, enger sozialer, enger kënschtlerescher an enger technesch/wiirtschaftlecher Perspektiv.

Näischt verstan

Näischt verstan

T’éischt ass et awer wichteg ze verstoen, wou eis Filmer hierkommen. Filmer wuessen net op Beem. Déi ginn iergendwou produzéiert, an dann, meeschtens, duerch en Distributeur verdeelt. De physeschen Film, och nach genannt eng Kopie oder e Print, gëtt dann gelagert an un d’Kinoen verdeelt. Mee dat geet net duer, fir all Film brauch een och nach d’Rechter, fir en ze weisen. D’Recht an de Film sinn 2 getrennten Saachen. An ween d’Rechter besëtzt ass nach méi komplizéiert. Dat féiert heiansdo zu komeschen Situatiounen. Déi grouss 6 Filmkonzerner, déi dee gréissten Deel vun eisen Filmer hierstellen, hunn fir d’Distributioun zimlech efficace Netzer. An och fir un d’Rechter ze kommen ass et relativ einfach, well déi jo drop beduecht sinn, Profit ze man. Lo ass et awer sou, dass allzeoft d’Rechter an d’Distributioun fir Lëtzebuerg vun dem belschen Oofleer vun engem Filmkonzern gemanaged gëtt. Dee belschen Distributeur huet – logescherweis – eng Copie an Originalsprooch, mat flämeschen/hollänneschen Ënnertitelen, vläit hunn se nach eng op Franséisch an Hollännesch, mä déi hu jo nach manner Wäert a Lëtzebuerg. Méi kleng Filmer ginn an der Regel aus dem Hierkunftsland verdeelt, dat heescht en Keinohrhasen kennt direkt aus Däitschland, an en Bienvenue chez les Ch’tis aus Frankräich. Éierlech gesot sinn ech mer awer bei den Ch’tis mol nemmi sécher ob déi net och aus der Belsch koumen. Normalerweis ass awer e Film mat Ënnertitelen (wann et eng 35mm Kopie ass) aus der Belsch. Dofir hunn och däitsch Filmer keng Ënnertitelen. An Ausnahmfäll, dat heescht Kannerfilmer oder mega Blockbusteren (Titanic an esou…) ginn do

Schon noo drun

Schon noo drun

dann Ausnahmen gemaach, an entweder huet de belschen Distributeur eng däitsch Copie oder den däitschen/schwäizer Distributeur dierf mol aushëllefen. Mä de Filmdistributeur ass an éischter Linn eng Firma déi Profit muss man. Dofir geet dat just, wann den Return on Investment do ass. Bei Harry Potter ass dat kloer, dass déi däitsch Copie de Sall oofrappt, mee et lount sech fir vill Filmer awer net.

Fakt ass also an éischter Instanz: D’Auswiel un de Sproochen ass limitéiert, an et ass net wéi eng DVD, wou een d’Sprooch einfach ka aussichen. Sou eng Copie ass deier (frot mech mol, ech hunn eng um Gewëssen) an et ginn keng 50000 Stéck dovun. A Lëtzebuerg pro Film normalerweis 2-3. Eng fir den Utopolis an eng déi duerch déi kleng Kinoen den Tour mécht. An dann nach eng fir Bieles an hier Kinoen.

Aus enger kënschtlerescher Perspektiv ass d’Fro a mengen Aen séier gekläert: de Film an der Originalsprooch ass esou, wéi en vum Regisseur gewollt ass, an esou ass en och ze huelen. Dat bezitt sech net nëmmen op d’Dialoger, mä och op d’Rhetorik vun den Acteuren. Et gi Fäll, wou Iwwersetzungen gelongen sinn an derwäert sinn ze kucken. Déi Fäll sinn éischter seelen.

Aus enger sozialer perspektiv verstinn ech, wann een e Film op däitsch wëll gesinn, well gutt 300’000 Leit a Lëtzebuerg däitsch schwätzen. An ech fannen Ënnertitelen nerveg, well ech se ëmmer muss liesen. Zwanghaft. An bei munchen Filmer ass et guernet schlëmm, eng Iwwersetzung ze kucken. Ob ech Sex And The City lo ob däitsch oder englesch kucken, schlecht bleift schlecht. Wann een e Film awer just op däitsch weist, schléisst een domat déi aner 200’000 Leit d’office aus.

Éierlechgesot: guer net sou falsch. Wann Island kann Filmer op Islännesch iwwersetzen (Bevölkerung: 200'000 Leit), firwat mir net?

Éierlechgesot: guer net sou falsch. Wann Island kann Filmer op Islännesch iwwersetzen (Bevölkerung: 200'000 Leit), firwat mir net?

Aus enger wirtschaftlecher Perspektiv kommen zwou Saachen zesummen, déi reng economesch Vue an déi technesch Vue. Technesch gesinn muss een mat de Meedercher danzen déi do sinn, a wann et keng däitsch Kopie gëtt, da gëtt et keng. Dem Distributeur ass et egal ob sech dat fir de Kino rentéiert oder net, well dat ass net säi Problem. A wann eng Däitsch Kopie sech fir e Kino rentéiert, awer net fir den Distributeur, dann ass dat domm gaang. Anerersäits ass d’Sprochensituatioun bei eis extrem komplex an ännert regional ganz krass. An engem Report iwwert e Kino am Osten vum Land (Grosser 2008) gëtt festgestallt, dass Filmer op däitsch erhiewlech méi Visiteuren hunn, wéi Filmer op Englesch (jo – ech fannen mech cool wann ech mech selwer referenzéieren, Harvard Referencing FTW). An dat stellt e Problem: Well den Iechternacher Kino zum Beispill versteet sech als Qualitéitskino, a well dofir och Filmer am Original weisen. Anerersäits ass d’Kinosgeschäft awer grad eng haard Noss, an do gëtt all Su gebraucht. Am Utopolis ass d’Sprochesituatioun erëm sou anescht, dass et oft einfach dat sënnvollst ass, op dee klengsten gemeinsamen Nenner ze goen: Englesch. An an den meeschten Fäll huet ee jo souwisou kee Choix als Kino.

De Problem ass engersäits dass een eben oft de Choix net huet, anerersäits awer och de Problem, dee sech stellt wann een als Konschtliebhaber en Betrib huet (an ganz vill Kinosbesëtzer sinn och Kino-Fans an domat Konschtliebhaber): Ech muss der Konscht e Präis ginn. An wéi maachen ech Konscht, méiglechst fräi a pur, an hunn awer herno e Plus op mengem Bilan?

An wéi wann 800 Wierder nach net genuch wieren, gëtt de Problem nach méi komplex: Digitalen Kino gëtt d’Méiglechkeet ouni Méikäschten eng Copie an e puer Sproochen ze hunn. Wann ech en däitschen an en engleschen 35mm Print well hunn, muss ech 2 mol de Präis vun der Copie bezuelen, ech muss 2 mol den Transport bezuelen, ech muss déi Kopie zwee mol op- an ofbauen an sou weider. Eng digital Kopie erübregt dat. E Film kann an e puer Sprochen op engem Disk sinn, ouni Problem. Dat heescht dass d’Kinoen hei vläit méi Fräiheet kréien, fir e Film an e puer Sproochen ze weisen. Wat dann den schwaarze Péiter un de Programmateur vum Kino gëtt: Dee muss dann mat ganz vill Gefill decidéieren, wéini de Film wou a wéi enger Sproch gewise gëtt. An et ass net gesot dass Distributeuren ëmmer eng méisproocheg digital Kopie rausginn. An englesch Filmer mat däitschen Ënnertitelen si kee Problem méi. Et gouf fréier vun DTS e Projektor, deen Ennertitelen vun enger CD projezéiert huet, mee dat wor näischt. Mee elo kann een d’Ënnertitelen mat engem Klick änneren.

Wier et net saucool, wann e Film am Original wier, an un der Entrée vum Sall kritt een e Kopfhörer deen ee kann u säi Sëtz stöpselen an dann d’Sprooch wielen, quasi esou wéi an den Touristenbusser. Dat wieren dann keng normal Kopfhörer, mee high-end Geschir, sou dass een d’Originalsprooch am Sall net méi matkritt, an awer en Klang huet, deen evtl. suguer kéint THX zertifizéiert ginn.

Ech perséinlech empfannen d’Situatioun a Lëtzebuerg glécklech an sinn frou, dierfen d’Filmer an hirer Originalsprooch ze gesinn. Mee ech verstinn d’Awänn. Bottom line: Et ass ze hoffen, dass d’digital Revolutioun hëlleft fir méi Versiounen vun engem Film ze weisen, et bleift awer nëmmen gutt a richteg, dass mir esou vill Filmer am Original weisen. Der Konscht an eiser Sprochensituatioun zur Léift.

Referenzen:
Grosser, Thorben. 2008. Marketing Dynamics Report: Ciné Sura. Edinburgh: Queen Margaret University