Während mir al Männer (plus eng Fra) nach ëmmer mengen, bloggen wier in, an domat lues awer sécher den Trend vun der Zäit verpassen, wëll ech Iech haut e puer jonk Spunten virstellen, déi schon gecheckt hunn, wéi een dat richteg mécht.
Brainfood
Brainfood sin 3 Jongen an ee Meedchen aus dem Iechternacher Kolléisch an allen 3 op enger A-Sektioun (sinn ech eigentlech deen eenzegen Blogger op deser Welt deen en anstännegen Lycée gemaach huet?). Hire Site huet eng ganz Gamme u fäine Saachen, si hunn 2 Podcasts, een Themenpodcast an ee Musékpodcast, e Blog mat sporadeschen Artikelen, Fotoen an e Sammelsurium un Internetlinks. Hier Podcasts si gutt gemaach an interessant, an stellen sech Froen aus alle Beräicher. Dat ganzt mat flotten Invitéen wéi dem Serge Kollwelter, engem Philosproff oder Iwwerliewender vun Auschwitz. Ech géing et flott fannen wann, amplaz Musék a Podcast ze trennen, dat ganzt méi an engem Radiosendungsstil géing laafen. Mee si hu bestëmmt hier Grënn fir dat sou ze man, wéi se et man. Ech fannen d’Saachen déi am Podcast behandelt ginn wierklech relevant.
Wat ass gutt? Flotten Site. Vill Auswahl.
Wat stéiert? De Blog huet keen RSS Feed. HELLEF! Onreegelméissegkeet.L-Pod
L-Pod ass méi spezifesch an e puren Podcast. 9 Leit këmmeren sech hei ëm d’geeschteg Wuel vum Lauschter. Den Intro vun L-Pod ass wierklech bombastesch an e bal e bëssen over the top. De Site gesäit net esou flott aus wéi deen vu Brainfood, obwuel béid Siten sou oder sou net selwer entworf sinn, mee mat iergendwellechen viirgefäerdegten Designs oofgefiddert goufen. Den L-Pod schengt mam Marc Schoellen, lëtzebuerger Historiker mat enger Spezialisatioun am Gaardebau sou eppes wéi e Stammgaascht ze hunn. D’Podcasts vum L-Pod schéngen besser recherchéiert a befaassen sech vill mat Geschicht, awer och soss mat aneren kulturellen Themen.
Wat ass gutt? Méi reegelméisseg. Sauflott produzéiert.
Wat stéiert? Keen RSS Feed! Jongen! De Site ass net esou flott.
Egal wéi, déi 2 Podcasts sinn et derwäert. Brainfood ass vläit méi no un der Popkultur drun, während L-Pod méi seriö kennt. Wat opfällt ass, dass d’Siten technesch wéineg usprochsvoll sinn, engersäits sinn se all mat Baukëschten gemaach, anerersäits weisen se kaum Interessi fir Standards wéi RSS oder ATOM, wat se sécherlech e Stéck vun hirer Audience kascht. Trotzdem ass jo grad dat dat flott, dass jiddereen elo kann esou eppes man, an dofir ze verzeihen.



“(sinn ech eigentlech deen eenzegen Blogger op deser Welt deen en anstännegen Lycée gemaach huet?)”
*räusper*
Sief nach ze erwähnen, dass L-Pod och eng Sendung bei Graffiti/Radio ARA huet. Wourunner ech net ganz onschelleg sinn.
An jo, web.me.com ass eng ziemlech katastroph.
re: Brainfood
Hunn hier Podcasts net gelauschtert, mee hier Artikelen sinn interessant. Mee hieren Comment-System suckt.
Den Trend vun der Zäit ass ze Bloggen. Esouguer den Daily Source Code gëtt et scho laang net méi. Dat Meescht wat u Podcasten erwienenswert ass sinn professionell opgezunn Saachen ewéi Revision3. Die Gefühlskonserve ass zanter dem Abrëll doud wat Podcast ugeet.
Ech sténkeren net, ech lauschteren nach emmer schrecklech gäre Podcast. YLNT, Küchenradio an SiM sinn nach emmer top. Een Trend wou all Mënsch drop spréngt ass Podcasten awer spéitstens zanter Ufank des Joers net méi.
Wars du net selwer och zu Ierchternach?!
@Thierry: Et geet ëm d’A-Sektioun. Den Thorben ka se net hunn, well do d’Leit generell hire Lycée a siwen amplaz néng Joer fäerdeg kréien.
A jo, Podcast ass sou eppes vun net d’Zukunft.
An Iechternach schreift ee gefällegst richteg.
Iechternach, oder Eechternoach. Net anescht.
@Chris: 1-0
Merci fir de Feature :) Just kleng Detailer: mir sinn net all op enger A Sectioun (wei kenns du drop?). De Stephan an ech sinn op enger B (ech weess, den aneren extrem), d’Anne op enger A an de Jonathan op enger 6eme Latäin. An eise Blog huet ee RSS feed (also ee Link op eise RSS feed), genau wei eis 2 aner Blogs an di 2 Podcasts. RSS feed vum Blog: http://www.brainfood.lu/blog/files/blog.xml
Thanks very much for the review,
J
Gesäis de Thorben, wiers de op A gewiescht, kéints de liesen, an häss all déi Saachen entdeckt, déi de Joshi hei opdeckt.
Dat mat der A Sektioun hunn ech erfonnt. Sorry.
Äere Blog huet en RSS Feed, mee en ass net korrekt an d’Säit agebonnen. Wanns de bei deenen meeschte Blogs kucks, ass uewen am Eck en RSS Button, dee feelt bei Iech.
Mee ech soot jo dass ech Iech gären hunn :)
Ech wëll och Credits dofir, eng naturwessenschaftlech (haha!) Sektioun an 9 amplaatz 7 Joer gemaach ze hunn, djeu.
Kréien ech Credits dofir, dass ech et a siwen Joer gepackt awer dräi mol de Lycée gewiesselt hunn? :D
Op déi vu Brainfood wuel wëssen, dass hier Mixtapes illegal sinn…
Géing mengen. Dat kann een net ignoréiren.
Mat der Musek ass sou… mir haten der Sacem ee Bréif geschriwwen, fir ze froen wei mer et mat Musek an den Podcasts missten man… an kruten ni eng äntwert. An mer kruten gesot (Joel, sos du dat net?) dat bei Podcasts eng gesetzlech Grauzone ass… Meng dir mir riskéieren fill?
Jo an nee. Ech mengen – mä do ass de Joël Expert – dass dat guernet sou groo ass, wéi mir eis dat alleguer wënschen. Ech mengen dat ass zimmlech kloer.
An Däitschland ass dat well relativ gutt geregelt: http://bit.ly/2UTCx3
Ech ka mir virstellen dass d’SACEM et einfach net weess. Ech hu mol probéiert bei der SACEM fir en selwergemaachtenen Film Rechter ze kréien. Bei deenen Leit kann een iwwregens deck gutt Telefonéiren, och wann se eis Feinden sinn, se sinn deck fein.
Bei eiser DVD wor nach en aanere Problem: D’Rechter vun der SACEM ze kréien ass eng Saach a relativ onkomplizéiert. Mee dann muss de nach d’Rechter vum Auteur vun der Musék kréien. An dat ass, wou et rëffeg gett.
Ech weess net op déi däitsch GEMA-Podcast-Lizenz das iwwerflésseg mecht, dass de d’Rechter vum Museker och nach brauchs.
De Risk äerersäits ass eng aner Saach. Ech denken (mee dat ass eng MEENUNG, a kee Fakt) dass d’Chance, dat iergendeen Iech duerwéinst un de Saak geet, zimmlech geréng ass. Mä wann se Iech wichsen ginn, da gett dat richteg ekleg. Mee dann ass et net d’SACEM déi Iech klappt, mä de Museker bzw Label.
Ech froe mech, ob déi Geschicht mat den Podcasten zu Letzebuerg gesetzlech geregelt ass. Allerdengs ass web.me.com een amerikanesche Server, an do gelt wahrscheinlech och US-Recht. Mä esouwait ech wees ginn et Radiosender, déi de Livestream net an hirem SACEMs-Contract dran hunn, well et daat deemols einfach nach net gouf. Vun dohier ass wuehl villes am Groen.
Ech géif trotzdem kengem roden, Musek onerlaabt online ze stellen.
Ët gin dach och sou Säiten mat Podcast-Musek, Stécker, wou d’Auteuren d’Rechter sou fräi gin, datt een së legal kann an engem Podcast benotzen.
Jongen, am Zweifelsfall emmer d’Gesetz liesen. Well esou gro ewéi dat emmer behaapt gëtt, ass d’Situatioun guer net. Och wann d’SACEM net änwert, et gëllt: nul n’est censé ignorer la loi.
Et ginn et genuch international Traitéen déi Lëtzebuerg ennerschriwwen huet, an déi dofir och zu Lëtzebuerg gëllen. D’Berner Konventioun, de WIPO Copyright Treaty an d’EU Direktiv 93/98/EEC. D’lëtzebuergescht Copyright Gesetz ass och zimlech eendeiteg.
Copyright gëllt iwwregens och fir d’Gedichter déi der vum Hilde Domin op ärem Site hudd. Och wann se doud ass, d’Copyright gëllt nach emmer.
Pa:
Jo, Musicalley, Jamendo, CCmixter, … Den Internet ass voll mat podsafe, copyleft an CC Musék.
@Thierry: dat ass dat wat ech och denken, sou gro ass dat guer net.