Internet-Memes. Jiddereen vun eis huet bestëmmt schon emol e Video verschéckt, e YouTube link oder eng Foto déi en witzeg fonnt huet. Déi klassesch “Insider-Witzer” aus dem Internet ginn Internet-Memes genannt, a kënnen witzeg, blöd oder beweegend Videoen, Sounds, Biller oder esou sinn. Ech hunn eng Lëscht gemaach vu mengen 10 Lieblings-Memes aus dem leschten Jorzéngt (wat, 2000 ass schon 10 Joer hier? Gläich!). Ech wëll 2 Saachen virewech huelen: Déi Lëscht ass net komplett. An Joreszuelen sinn ënner Ëmstänn anerer wéi dir fannt, mee dat stéiert mech net. Flott Lëschten mat Memes ginn et hei an hei, an muchen Meme hunn ech aus där Lescht iwwerholl (2 Stéck). Hei sinn se, meng Memes:
2000: Happy Tree Friends
Jaaaa! D’Happy Tree Friends, kuscheleg, bonbonfaarwen Déieren sinn einfach léif. Si spillen, danzen, laachen. A stiewen op äusserst grausam a brutal Aart a Weisen. Dozou ass deen nervegen, mee awer catchy Gesang am Ufank pefekt. Freck, dat ass elo schon 10 Joer hier. Dei Filmercher ginn bis haut gemaach, a sinn op YouTube an der Happy Tree Friends Säit ze fannen. Ech erënneren mech grad drun, wéi mer an der Mëttesstonn am Infossall am “Cyber-Café” vun eisem Lycée souzen, an déi gekuckt hunn. Ouni Toun. Mee dat Lidd konnte mer jo selwer sangen.
2001: All your base is belong to us
Dee Sproch kennt aus enger miserabeler Iwwersetzung aus dem japaneschen Computerspill Zero Wing. Et geet drëm, dass dee “Béisen” well soen “är Basis ass besat”. Opgrond mangelder Engleschkentnisser ass dat dann mat “All Your Base Are Belong To Us” iwwersaat ginn. Iergendwann huet dann een dat vertount (d’Vertounung ass net aus dem Spill), an dorausser e Video gemaach mat lauter Schëlter wou “AYBABTU” drop steet an en fuerchtbaren Technosound dat néidegt deet. Absolut top Geschier. A mengen Aaen, och wann ural, nach ëmmer ee vun deenen beschten Memes um Marché. Fannt dir net?
2002: Star Wars Kid
E klengen Fettsaak. En Zëmmer. Eng Stang. Eng Videokamera. Dee 14-jähregen Kanadier huet sech dobäi gefilmt wéi en am Darth Maul Style mat enger Staang e Laserschwert imitéiert. An wéi een sech dat denken kann, gesäit heen dobäi fuerchtbar blöd aus, dat hätt wuel all Padawan besser drop wéi hien. Wéi deem och sief. En huet et versehentlech iwwert en Basketsmatch opgeholl (Tapes, duermols…) an dat huet dann ee fonnt. An op KaZaa gesat (yup, soulaang ass dat hier). An schon hu mir e Meme.
2003: O RLY?
O RLY ass kee Verlaag fir exzellent Literatur (ha, A-Schüler, dat si Bicher déi dir niiie wäert verstoen! Ech hunn der 2! Ha!) mee d’Opschrëft vun engem Bild vun enger Schnéieil. Déi kuckt esou verduzt dass ee sech mat e bessen Fantasie kéint viirstellen, dass se “Oh, really?” freet. D’Bild suggeréiert usech wou et spéider géing mat Icanhascheezburger higoen. O RLY? Jo, wierklech. Dat witzegt dorun, wat mer grad opfält, ass dass een O RLY ka liesen wéi Aurelie. Wat keng wäertvoll Remark ass. O RLY? Jo.
Ech froe mech grad op dat Bild jemols op Cheezburger wor. Bestëmmt.
2004: Der Untergang
Dat doten ass ganz grousse Kino. Et baséiert op der däitscher Komödie vun 2004 “Der Untergang” mam Bruno Ganz an der Haaptroll als Adolf Hitler. Et geet em dee Moment wou den Häer mam Respektbalken rausfënnt, dass en et verbockt huet, an déi ganz Saach mam Krich awer net esou clever wor. Dorops hinn flippt en aus. Well awer ausser 195 Milliounen Leit kee Mensch Däitsch kann, hunn d’Leit sech dunn aus de Fanger gesuckelt, wat dem Hitler säi Problem ass. Mol ass säi World Of Warcraft Account zou, Twitter ass down, oder wéi am Video, den Adolf huet d’Schwëngsgripp
2005: Lord of the Weed
Fandubs. Fandubs. Dat sinn déi Filmer, déi vu Fans nei synchroniséiert ginn. An dat méiglechst witzeg. Déi éischt relevant Fandubs – fir mech – woren d’Sinnlos im Weltall, Star Trek Parodien. Lord of the Weed ass en 20 Minutten laangen Film, bestoënd aus Szenen aus dem Lord of the Ring, mat der Geschicht dass et e Reng gëtt, deen een ëmmer high mecht. Dat ganzt ass gespickt mat Referenzen op Filmer wéi 8mm, Events wéi Wacken oder Sounds aus Unreal Tournament an aneren Spiller. An haut nach, bal 5 Joer dono, wann iergendeen “Wacken” seet, hun ech den Zwang ze soen: Wacken? Iss schon vorbei du Spast!
2006: Chad Vader
Dem Chad Vader geet et net esou gutt. Hie kämpft net um Doudesstär oder géint säi Fiss, mee hien ass Schichtmanager an engem Supermarché. An domat klappt hien sech mat deenen alldeeglechen Problemer als Supermarchémanager rëm, Personal wat sech net packt, Chefs déi nerven an der Léift. Dat ganzt gëtt awer nach méi schlëmm doduerch, dass hien natierlech en aneren Toun an eng aner Gangaart gewinnt ass aus dem Weltall wéi aus dem Supermaché. Star Wars meets culture clash.
2007: Haaptsaach eng Gäns
Deen aarme Jong. Ass en op enger Ausstellung iwwer Klengdéieren, an huet dann endlech mol d’Chance sech op der Téle ze gesinn. E gett gefrot, wéieng Déieren seng Liiblingsdéieren wieren, a wouvun hien am meeschten géing kennen. E seet seng Lieblingsdéieren wieren Gänsen, an am investigativen Stil vun RTL hakt d’Moderatorin no: Wéi eng Gänsen? Deen aarme Bouf äntwert dass him dat egal wier, “haaptsaach eng Gäns”. D’Nooriichtenspriecherin, déi een fir de Brochdeel vun enger Sekonn nom Clip nach gesäit laacht, an ech si mir zimlech sécher dass RTL wossten, wat se do géingen man. Haaptsaach eng Gäns ass elo eng Catchphrase an der Lëtzebuerger Sprooch.
2008: Ken Lee
“No one ken to ken to sivmen, nor yon clees toju maliveh. When i gez aju zavateh na nalechoo more” sin déi éischt dräi Zeilen vun neo-dardaristescher (sic!@pa79) Muséksgeschicht. Beim bulgareschen Ofklatsch vun X Factor oder DSDS huet d’Valentina Hasan wëllen dem Mariah Carey säin Without You nosangen. An wat mécht een als klengt Kand, wann een keen Englesch kann? Et séngt een dat wat een héiert no, sou gutt wéi ee kann. Just dass dat an deenen seelensten Fäll net Englesch ass, mee dat doten. Hooray! Ken leee tulibu dibu douchoo
2009: Und alle so: Yeaahh!
D’Lynn huet et schon no zwou Wochen net méi kënnen héieren – trotz enger insgeheimer Affinitéit dozou. Do ass dat Wahlplakat mat “Die Kanzlerin kommt”, an iergend een Hännes schreift dat, wat sech wahrscheinlech jiddereen sou geduecht huet: Und alle so: Yeaahh. Iwwer Flickr ass déi Foto dann an den Internet komm, an iwwer Nerdcore an aner Blogs gouf dësen Ausdrock vun Desinteressi verbreed. Rasant. An nach méi: Aus dem ganzen hu sech Flashmobs entwéckelt, déi op Wahlkampfveranstaltungen gaange sinn vum Merkel, an einfach Yeaahh gebrëllt hunn. Eent vun deenen puer wierklech däitschen Memes – und alle so: yeaahh (wichteg: 1x e, 2x a an 2x h).
Spezialerwähnung: Randy Pausch – Last Lecture
Et ass vill méi wéi en Meme. An Amerika ass et üblech op Unien “Last Lectures” ze haalen, eng Liesung déi Proffen halen, wéiwann et hier läscht wier. Dobäi gi si Anekdoten, Wäisheeten an Inspiratioun mat, net emmer dat wat an normalen Virliesungen unzetreffen ass. De Randy Pausch, Proff fir Computertechnologie, fänkt seng Last Lecture un mat: “My dad always taught me, if there’s an elephant in the room, introduce him.” Dann weist en en Powerpoint Slide mat Computertumographien a fiert fort: “If you look at my cat scans, there are approximately ten tumors in my liver, and the doctors told me three to six months of good health left. And that was one month ago, so you can do the math.” an leet eng fantastesch Virliesung iwwert How to realize your childhood dreams hin.

Gutt, datt dat hei keen Quiz ass, bei deem een d’Joer zum Meme uerdnen muss, ech hätt eng erschreckend niddreg Zuel un Richtegen Zouuerdnungen gehat.
Hei nach en ganz interessanten Link zu dësem Thema: http://tr.im/EduY
Chad Vader an Star Wars Kid hun ech mol na net kannt :D
ee vun mengen Faves as och de Bruce Lee Fandub (http://www.youtube.com/watch?v=f50iCSi_Sp8) an natirlech och Sinnlos im Weltraum.
“Haaptsaach eng Gäns”, ee vun den wéinegen lëtzebuergeschen Memes niewt dem Police-Moieeeeen-Video ;)
Kéng Wuertspiller mat Familjenimm weg.!
D’Untergang-Mashups ging ech net fir 2004 nennen. De Film ass zwar aus dem Joer, mee di Verballhornungen sin éischt mi spéit entstaanen.
Den éischte Mem, deen ech gesin hun, wor den Hampster Dance, anzwar 1998. De Link hat ech an engem Buch (!) vum Dave Barry fonnt. Domols wor dat nach de richtegen Hampster Dance, eng Säit mat enger Dozen Zeilen voll mat der nämlechter Gif-Animatioun, déi éiweg gebrauch huet, fir iwwert den Dialup ze lueden. Dat louch zwar vläit och un der WAV-Datei am Hannergrond. Dat war dee Moment, wou ech gemierkt hun, datt den Internet eppes ganz Grousses wärt gin.
Wat beim Star Wars Kid Meme vläit z’erwienen ass, ass de Fakt datt d’Leit sech dee Video gepléckt hunn an Spezialeffekter dragesat hunn. Et gëtt esouguer eng Versioun vum a mam Colbert. :)
@pa scnr
Mam Untergang: ack
Dat wor och mäin éischten Meme. Ech hu mech gescht gefrot, wous de et elo schreifs, op et Leit ginn, déi Internetaddressen nach a Bicher opschreiwen, sou wéi en Addressbuch oder en Tagebuch.
@Thierry korrekt
@Thorben: Ech kennen all Wuertspiller, an Nee, dat ass lo kéng Erausfuerderung.
Dat Buch, wou ech de Link dra fonnt hat, wor dat heitent:
http://www.amazon.de/Von-Enter-bis-Quit-Computerfeind/dp/B002CTT8HI/ref=sr_1_2
Ech kann ët nëmmen recommandéiren, ass wirklech witzeg, mee vläit net mi up-to-date. Ass awer och lo net wirklech eng Uleitung fir de PC, éischter eng witzeg Vue op d’Computerwelt.
Okay, nach ë läschte Link zum Buch mat engem Extrait:
http://www.bytecruncher.de/witze/cmp-eq.html