Dir wësst dat eng vun de Saachen déi mech um Kinoswiesen mat am meeschten interesséiert, ass de Marketing ronderëm – dat heescht Trailers a Pouster. Extrem vill Trailer a Pouster kann ee weggeheien, well se an eng all ze typesch Ven stoussen, Filmer ze vermarkten, déi weder kreativ nach novollzéibar ass.
Eng Alternativ zu sou Wierker sinn d’Kreatioune vum Brandon Schaefer op Seek & Speak, dien selwer Pouster entwërft fir Kinoen. Dës Pouster sinn net déi, déi d’Studie rausginn, mä perséinlech Aarbechten – an oft absolut genial.
E klengen Teaser, hei, méi op sengem Site:

[via filmexperience]

Déi Pousteren sinn en effet exzellent (wann ee säi grapheschen Stil gär huet).
Muss scho soen, déi sinn zimlech genial! Mir gefalen se op alle Fall.