De Gebuertsdag vum Pianocktail ass zwar réischt en Dënschdeg, mä e klenge Cadeau kënne mer eis awer selwer schon haut maachen. En neie Theme huet Pianocktail a mer hu probéiert déi Tonne Wënsch a Meckereien vun eise Lieser mat afléissen ze loossen. Dat heescht:
- Kommentarer hunn en Datum an eng Auerzäit, genee sou wéi d’Bäitreeg och.
- Mir hunn en neien Header, deen net méi sou langweileg ass.
- D’Web 2.0 – ouni riets gesäit net méi sou aus, wéi wann et komplett an der Loft hänke géif.
Em puer Gimmicks hu mer awer och fir eis selwer rausgeschloen:
- D’featured article box, an där vu lo un déi fënnef interessantsten a wichtegsten rezent Artikel rausgestrach ginn.
- E Faarwcode fir d’Auteuren – dir erkennt den Auteur vum Artikel un der Faarw déi d’Iwwerschrëft huet, bedeit: mauve fir de Chris, rout fir den Thorben, gréng fir den Nic, orange fir de Jacques an eist Lynn kritt eng schéi blo Iwwerschrëft. (Souvill zu der gender-Diskussioun.)
- Eng (wéi ech denken) verbessert Sichfunktioun.
- Méi Tags – ech sinn dobäi, déi bal 900 Artikel um Pianocktail ze taggen. Dat brauch Zäit, mä wann ech dat bis gepackt hunn, da wäert et en flott Tool sinn.
Ech hoffen iech gefällt den neie Theme. E bleift nach eng Zäitchen, also gewinnt iech drun. Et kënnen hei an do nach klenger Feeler optauchen, zéckt net eis et ze soen, wann der ee fannt. E gréissere Problem dierften do d’Billergréisste sinn. Dat wäerte mer am Laf vun der néchster Woch awer nach probéieren sou wäit wéi méiglech ze flécken.

Sorry fir deng Fauscht, mee et wor net d’Feature Box.
Am Quellcode ass effektiv aprogramméiert dass déi featured Artikelen sollen AKTIV aus der Säit raugeholl gin. Also wierklech explizit. Keng Aanung firwat.
Mee wann een déi Funktioun auskommentéiert geet dat net méi. A wann et net geet, da geet et.
Ech wees net ob ech den “Newer / Older Comments” Link wéi en lo ass gudd fannen. Hun en lo grad bal nët gesin, a wann een e réigelméissegen Visiteur vun ärem Site ass (wéi ech), dann kennt een sws schon all di al Kommentarer a muss ëmmer rem klicken fier dat ze gesi wat ee wëll (déi neisten Kommentarer).
A mengen an wier et méi agreabel, wann emmer déi Säit mat den neisten Kommentarer als éischt ugewise gëtt, an een op “Older Comments” muss klicken. Ausserdem wier eng Angab vun de Säitenzuelen wuel net schlecht, sou dat een am Fall vum zB dem Nic sengem ominéisen Countdown och ganz einfach op di éischt / läscht Säit ka sprangen.
Oder, dir maacht et rëm wéi vierdrun, alles op eng Säit.
An mir fällt grad op dat aus 2 Zeilenembrëch nach ëmmer rëm automatesch 1 gema gëtt (mäin viereschte Kommentar war an 3 Paragraphen opgedeelt).
jo, dat wollt ech nach fixen, kucke glaich dono.
déi ganz décisiounen huet d’theme fir eis getraff. ech schwätze mol mam grossimperator chris.
Ech ging och di läscht 10 Kommentarer uweisen a net nëmmen der 5. Ech hu lo missten wéngst engem Kommentar bliëderen (allerhand!).
An ët war also awer d’Feature-Box schold!