fantasticmrfox-1De Problem, deen vill Leit mat dem Wes Anderson senge Filmer hunn, ass deen, dass se d’Gefill hunn, dass en Déiften erfuersche wëll, déi guer net am Film präsent sinn. Dat geet vun den Tenenbaums iwwer de Steve Zissou a seng Crew (bei deenen d’Déifte méi wéi wiertlech geholl ginn), bis hin zu de Bridder am Darjeeling Limited. Sou wäit, sou gutt: mä, déi Leit dierfte bei Fantastic Mr. Fox op hir Käschte kommen, well all Déift mat engem riesege Pinsel ugedeit an zerrass gëtt.

D’Geschicht ass eigentlech ganz einfach: de Mr. Fox fillt sech onwuel a sengem Lach, a wëll plënneren. Dat mécht en dann och, a vun do un geet net nëmmen fir hien, mä och fir seng reschtlech Déierefrënn alles schief. D’Déieren verléieren hiert Doheem, de Mr. Fox säi Schwanz, an den Ash, säi Jong, verléiert de Glawen u sech selwer. Et läit also un engem clevere Fuuss fir déi ganz Situatioun nees ze kitten – an dat ongeféier dräi bis véier mol.

Och wann ech net zu deenen Anderson-Skeptiker gehéieren, sou sinn ech awer ee vun de Leit, déi denken, dass seng Filmer zënter Rushmore op mannst previsibel gi sinn, an och un Humor verluer hunn (wat natierlech net bedeit, dass The Royal Tenenbaums net awer säi Meeschterwierk ass). Fantastic Mr. Fox dogéint ass rëm e Fest vun enger witzeger Szen no der anerer, an et fällt engem schwéier am vum Jason Schwartzman synchroniséierten Ash, net de Max Fischer rëm ze erkennen. D’Pointe komme mat absoluter Präzisioun, an och déi gutt Szenen, déi ee scho vum Trailer kennt, bleiwen absolut originell.

Zur Originalitéit vum Film dréit net nëmmen d’immenst Dréibuch, mä natierlech och d’Method vum Film bäi, an där sech de Wes Anderson komplett opgoe léisst. Dës Zort Stop-Motion huet ee well laang net méi gesinn. Ouni vill visuell Hëllefsmëttel wéi a Coraline zum Beispill beschränkt d’Animatioun sech hei bal ausschliesslech op d’Handaarbecht – an dat dréit seng Friichten. Wann de Film sou och eigentlech op eng traditionell an ustrengend Aart a Weis gedréit gouf, sou ass dat Ganzt gemëscht mam typeschen Stil vum Wes Anderson einfach nëmme wonnerbar ze kucken. D’Léift zum Detail, déi de Wes Anderson rëm eng Kéier weist ass phänomenal, dat geet vum iMac am Badger sengem Büro, iwwer d’Bill Murray an Owen Wilson Figuren, déi ee fir ongeféier 2-3 Sekonnen erkenne kann bis hin zu der Ballad aus dem Robin Hood vun Disney, déi onbemierkt am Hannergrond leeft.

A wa mer scho bei der Musek sinn, sou muss gesot sinn, dass den Alexandre Desplat mat dëser ongewéinlecher Musek fir hien, sech rëm eng Kéier als de beschte Komponist vun eiser Zäit bestätegt. Dëst ass well schon de fënnefte Film dëst Joer an deem seng Musek ze bewonneren ass, an et ass alt nees e Genoss. Mä dat verwonnert och wéineg, well am Fantastic Mr. Fox kritt ee kaum eng Zäit fir sech z’erblosen, an d’Musek spigelt dat rëm. An am Endeffekt ass et och normal, well et si jo eigentlech wëll Déieren, déi d’Haaptrollen am Film anhuelen – déi schénge keng Rou ze kennen, och wann déi epeschsten Szen vum Film de geneeë Géigendeel ze weise schéngt. (Ech verroden näischt.)

(A virun deem sech ee beschwéiert, dass d’Déieren amerikanesch Accenten hunn an enger englescher Geschicht, denkt nach emol ganz gutt driwwer no.)

Bewertung: ****/****