Déi lescht dräi Deeg hunn ech sou gutt geschlof, wéi säit Wochen net méi. Et war e Genoss, an doduerch ass och rëm e bësse Liewen a mäi Kierper gehaucht ginn. Du gëschter Owend hunn ech endlech Up gesinn, an ech muss soen ech war e bëssen enttäuscht. Net, well de Film schlecht gewiescht wier – em Gottes Wëllen, et ass Pixar! – mä well en einfach deelweis vun der Narrativ hir Schwächte gewisen huet, déi ech mer als verwinnte Pixar-Fan net erwaarden. En plus hunn ech d’Faarwen duerch den 3D Brëll e bëssen ze matt fonnt, an méi wéi eng Kéier am Film de Brëll einfach ofgesat, well ech déi ganz Herrlechkeet erliewe wollt. Sou ass et eben. Wann s de ëmmer wonnerbar bass, an eng Kéier just säugutt, fänken d’Leit u mat soueren. Ech bekenne mech schëlleg.
A vu dass mer well 10 Pixar-Filmer hunn, an der wësst, wat sech a mengem Kapp ofspillt soubal wéi ech vun iergendeppes 10 zesumme kréien, dann hei de kuerze Résumé.
- Toy Story 2
- Finding Nemo
- Ratatouille
- Toy Story
- Monsters, Inc.
- Wall-E
- Up
- The Incredibles
- A Bug’s Life
- Cars
Mä egal, weider zum eigentlechen Thema: Toy Story 3. Am Februar wäert ech rëm meng Lëscht vun de meeschterwaartene Filmer 2010 bréngen, an naja, ech däerf wuel scho verroden, dass den neiste Film vu Pixar wuel oder iwwel d’Nummer 1 wäert sinn. Vu dass ech weess, wéi brilliant se déi éischt zwee Deeler gehandhabt hunn, an doduerch, dass de Michael Arndt als Auteur u Bord bruecht ginn ass, si meng Erwaardungen am Moment sou héich, dass se net mol getraff kéinte ginn, wann ech bis dohin eng Amnesie hätt. Op alle Fall, et deet mer fuerchtbar leed, dass ech et bis well ënnerlooss hunn menger Pflicht nozekommen an den Trailer op Pianocktail ze bréngen. Hei ass en.

The Incredibles sou wäit hannen? Ka nët sin! Dee gehéiert op 2. oder 3. Plaatz!
A Cars gehéiert net op di 10., mee op di 100. Plaatz. Deen ignoréiren ech einfach mol.
3D-Brëllen sucken en effet (nach). Huet mech enorm beim Coraline gestéiert an ech hunn och heiandsdo de Brëll ofgesat.
Wat Top 10 ugeet, sou sinn d’Goûten halt einfach verschidden ;)
Ech soe jo net, dass The Incredibles schlecht ass, dat ass eigentlech kee vun de Filmer, net emol Cars, och wann et wéideet dat ze schreiwen. Fir mech ass The Incredibles just einfach net grad sou gutt wéi déi 7 virdrun… (an awer nach ëmmer besser, wéi alles, wat Dreamworks bis haut bruecht huet, och wa mer Kung Fu Panda, a Monsters vs. Aliens souguer iergendwéi gefall hunn).
Mir huet grad bei Coraline fier ‘t éischte Kéier e Film an 3D richteg gudd gefall.
Bei Toy Story 3 huet e Letzebuerger mat geschafft. Den eischten Letzebuerger deen bei Pixar schafft :)
Den Telecran huet mir dat gesot
yay… :)