Et ass halt heinsdo sou. D’Uni fänkt un, et verdéiwt een sech a seng Bicher an huet keng Loscht méi eppes ze maachen, schreiwen, knëschelen, wat iergendeppes mat dëst oder dat ze dinn huet. A sou enger Situatioun befënnt sech am Moment leider déi ganz Pianocktail-Crew. An dofir ass et hei roueg. Keng Schreifblockaden, kee Gefill verréckt ze ginn, well een net schreiwe kann. Ganz einfach: keng Loscht.
Fir mech bedeit dat: keng Loscht Filmkritiken iwwer schlecht bis mëttelméissegt Geschir ze schreiwen (Away We Go, Creation z.B.), keng Loscht meng Lëscht vu Musiker weider ze féieren, a virun allem keng Loscht den Artikel iwwer d’Telésserien vum Joerzéngt fäerdeg ze schreiwen, wann do dach Serien dra sinn, fir déi ech kee Verständnis hunn. An dofir sinn ech hei roueg. An dat deet kengem Wéi. Wien dee Post als sënnlos ugesäit, huet Recht. Mä et kuerz emol z’erwienen, dass mir alleguer e flemmsegt Liewen hunn, däerf nach erlaabt sinn.

Du hëlls déi Websäit hei bei Wäitem net serieux genuch. Wéi soll ech dann duerch d’Woch kommen, wann ech mech net kann driwwer opreegen, wats du erem fir Dommheeten hei verzaaps. ;)
Ech befanne mëch am nämlëschte Fall. Un Idee’e feelt ët nët mee et ginn am Moment méi wichteg Saachen. Punkt.
@Thierry: Ey, du hues dech dach nach ni opgeregt iwwert Dommheeten, déi ech verzapen. Wann, da streide mer an dengem Blog. ;)
Wann s de awer Dommheete brauchs: strawdog.wordpress.com
:)
Do muss ech jo lo awer grinsen :)
Et feelen nach 2 Deeler Carlos Must Die…arghs :)
can’t be arsed right now
Wéi wann et je géif un der Zait leien. Wann een wierklech eppes wichteges ze bloggen huet, geht daat och an der Mettespaus zweschen dem Iessen an dem Knetsch.
Du bass den éischten, deen hei vun Zäit schwetzt. Ech soe jo awer ganz kloer, dass et eng Saach vu Loscht ass.
Ech mengen eng allgemeng Driipsegkeet a Flemmsegkeet ass am Moment méi staark am Ëmlaaf wéi iirgentwelch Grippen. Do musse mer rëm räus! Positive Engergy, Mann!