Et as endlech rem Hierscht. Do kann een et sech rem erlaaben sech mat engem Téi op d’Couche ze tesselen an einfach nemmen ee Buch ze liesen ouni ee schlecht Gewessen ze kreien well dobaussen sou gudd Wieder as.

Besonneg gear liesen ech dann mol rem eng Keier ee Buch dat ech scho baal auswenneg kennen well et main Lieblingsroman as. Schon oft gelies (a mettlerweil besetzen ech et drai mol) hun ech et schon oft recommandéiert mee well mer jo ni ee nolauschtert erzielen ech iech lo mol dovun.

Dobai handelt et sech em ‘Extremely loud and incredibly close’ vum Jonathan Safran Foer. De Foer as een amerikaneschen Autor, bekannt gi mat sengem éischten Roman ‘Everything is illuminated’ (2002) deen och mam Elijah Wood verfilmt gouf. Dese Roman as 2005 rauskomm. D’Buch bestecht schon alleng (an der Houghton Mifflin Ausgab) duerch sai géniale Cover. Bis een et opschléit a mierkt dass e vu bannen nach besser as.

D’Geschicht handelt vum Oskar. Heen huet ning Joer an as ee superintelligenten an léiwen Jong deen alles well wessen a rausfannen an di verréckst Saachen erfennt. Hien erzielt seng Geschicht, eng wonnerschéin, bewegend Geschicht, aus der éischter Persoun. Den Oskar wunnt zu New York an huet sai Papp den 11. September am World Trade Center verluer. Sai Papp huet em alles bedeit, a lo, mei wi ee Joer mi spéit huet en sai Verloscht nach nit verkraaft. Hien erzielt dem Lieser wei sai Papp war a weifill heen e vermesst. Enges Daags fennt den Oskar dann a sengem aalen Ukleedezemmer an enger Vaase ee Schlessel, a mat engem eenzegen Indiz zu wat dese Schlessel kéint geheieren mecht heen sech op d’Sich fier sengem Papp rem e besse mei noo ze sin. Parallel zum Oskar senger Geschicht erzielt de Roman nach d’Geschicht vun zwee Menschen di him op hier Aart a Weis noo sin. Di drai Komponenten si perfekt matenee verbonn an erklären wei alles sou komm as wei et as.

Wat d’ Buch nach mei besonneg mecht sin d’Biller an d’Fotoen tescht dem Text. Si illustréieren wat d’Personnagen erliewen a wat hinne wichteg as a brengt si dem Lieser nach vill mei noo. Am Text gi Saachen ugestrach, et get domat gespillt. Di Aart a Weis wei den Oskar seng Geschicht erzielt as sou extra. Et mierkt een natiirlech dass heen eigentlech nach ee klenge Jong as deen traureg iwwer sai Verloscht as mee aanersaits as en sou intelligent a clever wi een et nit onbedingt vun engem Ningjähregen erwaart. Et kann ee nit aanescht wei hee gear ze hun.

tumblr_kq9lgoGu8Z1qzb7gjo1_500

“In bed that night I invented a special drain that would be underneath every pillow in New York, and would connect to the reservoir. Whenever people cried themselves to sleep, the tears would all go to the same place, and in the morning the weatherman could report if the level of the Reservoir of Tears had gone up or down, and you could know if New York was in heavy boots. And when something really terrible happened – like a nuclear bomb, or at least a biological weapons attack – an extremely loud siren would go off, telling everyone to get to Central Park to put sandbags around the reservoir. 

Anyway.”

Et as wierklech ee wonnerschéint Buch, perfekt fier reenereg Hierschtdeeg.