Mir gi wakreg. Nodeems mir déi ganz Nuecht mam Auto duerch Þingvellir geiert woren, fannen mir beim éischten Stroosseschëld rëm raus, dat mir 25km vun Þingvellir wech sinn. Wéi mir dat gemaach hunn, kënne mir eis net erklären. Um Wee zréck op Þingvellir si mir erstaunt dass mir un ca. 5 Camping-Plazen laascht fueren, déi mir gëscht net gesinn hunn. Mee et wor jo och däischter. Þingvellir ass sou eppes wéi den Anticlimax vun eiser Rees. Þingvellir ass déi Plaz wou d’AlÞing, d’Islännesch Nationalversammlung, fir laang Zäit ofgehale gouf. Dat ass wéiwann een d’Chamber géing op Bommel verleeën.
Wesentlech méi interessant ass awer de Fakt, dat zu Þingvellir déi europäesch an déi amerikanesch Placken openeen knuppen. Dat muss een allerdeng blann gleewen, well et gesäit een dat net wierklech. Et ass einfach just eng grouss, gréng Plaatz an Island. Net méi an net manner. Dass déi Plaz groussaarteg muss sinn, erkennt een just drun, dat et en Visitor-Centre gëtt – dat muss duergoen.
Weider goung et op Geysir. Zu Geysir gouf et mol den groussen Geysir. Deen ass iergendwann erlosch. Do huet een erausfonnt, dass en nach géing goen, wann een géing Seef erageheien. 40kg. Dat huet awer och net laang gehal, an esou gëtt dann elo de Strokkur als Geysir verkaaft. Well och wa mir mat Geysir déi Waasserdénger mengen, ass Geysir usech just e ganz bestëmmtenen Geysir.
Ganz Island gëtt engem d’Gefill op sou engem liewegen Planéit ze liewen, an et mécht een frou an éierfiirchteg virun eiser Äerd. Am Touristenshop konnt ech dann net méi u mech halen an hu mir missen fir 36’000 Krounen eng Jacket aus dem Haus 66°NORTH kafen, eng Mark déi et just an Island gëtt. Um Wee aus dem Shop raus ass mir dann kloer ginn, ewéi clever dës Firma mech vun Ufank un manipuléiert huet. Egal, d’Jacket ass top. Eng Softshell. Fir d’Trekkingfans ënnert eis. Déi drëtt Attraktioun am sougenanntenen gëllenen Krees ass de Gulfoss. En aneren Waasserfall, deen esou ausgesäit wéiwann d’Waasser an d’Äerd géing verschwannen. Genial schéin.
Highway to Reykjavik. Anchecken, alles an d’Zëmmer droen an de Rucksak paken. Do treffe mir op de Simon, en Hamburger op Weltrees, den mat eis an en vegetareschen Restaurant geet. Zu Reykjavik gëtt engem kloer: Et gi vill Stied, deenen eng cool Szene nogesot gëtt. Hamburg, Berlin, Zürich, Wien, Paräis, Mompes oder Tallinn. Mee dat ass näischt géint Reykjavik. Dir liest richteg: Ech deklaréieren en 100’000 Awunner-Duerf am Nordatlantik tëscht den Faroer-Inselen an Grönland zur coolster Stad vun Europa. An dat, obwuel et op der amerikanescher Plack läit. Desginerbutteker, Caféen, Bars, Restaurant’en, alles dat immens cool an nach ni virdrun gesinn, wéinst den héigen Importsteieren ass et egal, op een deier H&M Ploveren keeft aus dem Ausland oder selwerentworfen deier Designerkleeder aus dem eegenen Land. An d’Leit sinn esou léif an esou gutt gekleet, ech hu mech guer net méi erkritt. No 2 Bars landen mir am Karamba, eng kléng Bar just vis-à-vis vun der Barack vum alen “Sirkus”, eng Bar wou duermols schon d’Björk Guðmundsdóttir opgeluecht huet, wat spéider besser ënnert sengem Virnumm bekannt gouf. Et wor e Concert do vun engem Typ mat enger Gittar. Mega. Um 1 huet de Karamba zougemaach, wat eis awer net gestéiert huet, an den portugiseschen Barkeeper och net. An esou hu mir mam Alex, engem Amerikaner deen an Island wor, well en wéinst engem Formfeeler aus UK ausgewissen gouf, an dem Ute, enger Designstudentin aus Stuttgart bis an de fréien moien gefeiert. An d’Bar wor och libre Service.

Ech liesen dain Reesbericht onheemlech gären. Engersaits, wëlls du et tatsächlech färdeg brengs, deng Rees authentesch, witzeg an interessant ze beschreiwen, eppes, wat ech wahrscheinlech nie esou hikrit.
An du mëss mir fuerchtbar Loscht op Island. Scho mol dru geduercht, daat mam Eventmanagement opzeginn an Reesführer ze schreiwen?
Wann ech den Owend gesot kréien dass ech dierf fir Lonely Planet oder Rough Guide schreiwen, dann paaken ech meng Wunneng muer a Këschten a si fort.
Merci fir d’Blummen. Ech kann Island wierklech recommandéiren. Mam eenzegen Hoken dass de entweder vill Zäit brauchs an Hitchhiken gees, oder du besuergs der en Auto. Ëffentlechen Transport ass do net. An 2 Chauffeuren sin praktesch.