P10408399:30 Auer – Ech gi wakreg. Vun Hëtzt (!). Mir gëtt kloer: Et ass geschitt. Well mir eis Campinggebühren net bezuelt hu, goufe mir op engem Flooss an d’Mier geheit an dreiwen elo virun der spuenescher Küst. Dofir ass et sou waarm. D’Sarah traut sech awer raus a behaapt mir wieren nach an Island. Dat packs de net. De Plang haut: 13:30 Auer op de Gletscher erop, 17:30 Tour de Force op Geysir. Mee lo mol duschen, dann Moiesiessen.

Op Pianocktail soll méi perséinleches stoen? Et voilà: Op e Gletscher ze goen ass mengen ech déi schéinsten Saach déi ech jemols gemaach hunn. Eisen Guide, de Steinar, huet eis op de Fouss vum héichsten Bierg aus Island geholl, mat Steigeisen un de Féiss, Klammgurt ëm d’Hëft an der Aaxt am Grapp. Sou e Gletscher ass d’Natur an all hirer Brutalitéit. 100m Äis ënnert eis, Vulkaner ënnert eis. Et ass schéin ze gesinn, wéi de Mënsch an Island vis-a-vis vun der Natur renoncéiert huet. Islänner probéieren näischt fir d’Éiwegkeet ze bauen, mä hunn einfach d’Natur als stäerkeren Géigenpart acceptéiert. 1996 ass de Vulkan ënnert dem Gletscher erupéiert, an am Zäitraum vun Deeg huet séch ënnert dem Äis deen zweetgréissten Séi vun Island gebillt, mat 3.6km^3 Waasser. 42 Milliarden Liter Waasser. island3 (138)An e puer Deeg méi spéit ass aus dem zweetgréissten Séi an Island deen zweetgréissten Floss op der Welt ginn – nom Amazonas. Mam Resultat dass alles freckt gemaach gouf. An d’Islänner verstinn dat, an verstinn, dass et kee Sënn huet, dogéint unzegoen, an amplaz domat liewen. Fir vum Gletscher erof si mir an de Sonnenënnergang gewandert. Wéi schéin.

Ab bei den Carlos, Pferde satteln, weiterreiten. Mir fueren op Þingvellir (Fffingvetlir oder Fffingvellir geschwat). Um Wee fir dohinn koumen mir bei engem KFC laascht, en éischten Glimpse vun Zivilisatioun. D’Sarah wor awer ugepisst, well weder bei KFC, nach an der Tankstell ënnert 30 Sandwichen een eenzegen vegetareschen dobäi wor. An Island kréien Vegetarier nach dat, wat se verdéngt hunn.

Mir hunn keng Campingplaz am däischteren fonnt, a sinn eng gutt Stonn duerch Þingvellir geiert. Bis mir eng fonnt haten. Et wor e bëssen spooky, rëm Lynch’esque. De Combel wor, wéi ech un der Rezeptioun getockt hunn, an viru mir den Typ mat der Trennscheiw stoung. Horrorfilm pur.

Um Wee bei eis Stellplaatz hunn ech mengen Aen net gegleewt. Iwwert mir wor den Himmel gréng. Meng éischt Aurora Borealis. Wow.

P1040848