Moies ëm 9 Auer. Ech gi wakreg. Ech sinn dréchen. Den éischten Triumph vum Dag. Dat kann ee vum Rescht vum Zelt net behaapten. Esou kennt et, dat während d’Sarah d’Moiesiessen mécht, ech d’Zelt – ënner Asaz vu menger Gesondheet – just als naass Fatz zesumme paken.
Ëm 10 Auer si mir dann um Dill a Richtung Jókulsarlon, e Gletscherséi direkt um Mier. D’Faarwen ënnerwee kéinten méi speziell net sinn. Turquoise Waasser Wäiss a Blo Äisbierger, pechschwaarz Plage. An ech mengen net donkelgro, ech mengen Schwaarz wéi wann en Pëtrolstanker ënnergaang wier. Als grousst Kand muss ech natierlech op sou en Äisblock ropklammen, wat bal onméiglech wor, well en perfekt glat ass. Méi schwéier wor et awer fir erofzekommen. En behäerztenen Sprong schaaft hei Ofhëllef, och wann ech mech bal op d’Maul geklaakt hätt (sou Kraaftsproch op Pianocktail, tz…).
Wéider goung et dono laascht endlos Plagen (eng vun de längsten Plagen vun Europa) op der enger Säit, an dem Vatnajökull, dem gréissten Gletscher vun Europa, op der anerer Säit.
Mëttegiessen op enger Parkplaz, 100m virun eis d’blot Mier, 100m hannert eis eng Gletscherzong. Mir sinn esou cool.
Eist Etappenziil wor den Skaftafell Nationalpark, zu dem eben dee gréissten Gletscher vun Europa
gehéiert. Wann een den Nordpol mol ignoréiert. No kuerzem Iwwerleeën hu mir eis décidéiert 16’000 Krounen, ronn 88 Euro, locker ze man fir dass e Biergguide eis géing mat rop op de Gletscher huelen. Mol gespaant. Nach en gemittlechen Owesspadséiergang duerch den Nationalpark, an dann gëtt sech bett- ähm zeltfäerdeg gemaach.



Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.