Alleguerten denen, déi déi 5. Staffel nët fäerdeggekuckt hunn, oder déi näischt iwwert déi nei Folg “Broken” wësse wëllen, empfehlen ech dëse Bäitrag nët ze liesen.

Den Dr. House ass rëm do. No engem “Season Finale” deen op de Mo geschloën huet, an no enger kuerzer Paus geet et weider mat House M.D. Dat läscht wat mer vun him gesinn hate war, wéi e fräiwëlleg an d’ Nerveklinik gaangen ass. A genee do spillt sëch déi éischt Folg (déi 90 Minuten dauert!) vun där neier Staffel of.
Den ass fräiwëlleg an d’Nerveklinik gaang, also kéint en am Fong goë, wéini ët him grad passt. Mee ganz esou einfach ass et nët: Soulaang hien nët vu sëngem Psychiater eng Recommendatioun ënnerschriwwe kritt, wäert en och nët als Dokter schaffe kënnen. Also bleiwt dën House géint säin eegene Wëllen an der Klinik a probéiert déi aner Patienten esou wéi d’Dokteren esoulaang ze manipuléieren bis hie säi Wësch ënnerschriwwe kritt.
Ech faasse mëch kuerz: Den House ass dee selwechte bliwwen, de Witz an d’Kratzbürstegkeet sinn nach ëmmer do. Trotzdem follegt déi éischt Folg vun der 6. Staffel nët dem übleche Schema. Et gët keng Diagnose opgestallt, an äusser dem Wilson gesi mer kee vum House sénge fréieren Aarbechtskollegen erëm (D’Credits mat der Massive-Attack-Musék fehle souguer!!!). Eng Liebesgeschicht tëscht dem House an dem Lydia (gespillt vum Franka Potente) mécht dës Episode nët nëmmen zu där sentimentalster, mee och nach zu där optimisteschster House-Folg ever. Dën House léiert mat Leit mënschlech Verbindungen opzebauen an hinnen ze vertrauen.
Ech si ganz zefridde mat dësem neien Ufank. Natierlech kann ee vermuten, datt dem House säi Liewen nët wäert esou roseg weiderlaafe wéi et an dëser Folg ugedeit gët, mee daat erwaard jo och kee sëch. Menger Meenung no huet nach keng Staffel esou gudd ugefaang wéi déi hei: onkonventionell, schauspillerësch säustaark a filmësch einwandfrei. “Broken”, sou heescht déi nei Folg, huet sëcherlëch kitscheg Elementer, mee et ass fir mëch bis elo dat Stäerkste wat ech dëst Joër um klenge wéi um grousse Bildschirm gesinn hunn. D’Erwaardunge waat de Rescht vun där neier Staffel betrëfft sinn alleng duerch déi Folg immens héichgeschrauwt ginn.
Fazit: ****/****

Ech duecht nie dass ech daat hei jemols wärt soen, mais ech gin der vollkommen Recht.
Hu just de läschten Saz gelies … héiert sech jo dann nees vill verspriechend un!! De Cliffhanger d’läscht Saison woer jo och net schlecht :)
Déi 4 Stäre vu 4, géif ech perséinlech hécken a 4 an en halwe Stär vu 4 draus maachen. Magic on TV.
Ech hu së lo grad färdeg gekuckt a kann déng Kritik just bestätegen. Di Episod war ganz grousse Kino. Ech sin op de Rescht vun der Staffel gespannt a wéi ët lo wärt rem mi schlëmm mat ëm gin. Ech huelen dat mol un, wéll soss wir House jo net mi House, wann ën séch sélwer kinnt leiden.
Groussarteg Episod.
Joki, du faul Louder, ech gratuléiren. De hues de Nic, Chris, Grommel, Pa an Joël op eng Linn bruecht. Dat ass e groussen Verdéngscht un der Mënschheet. Wann elo den Thierry nach géing zoustëmmen, kanns du nächst Joër zu Stockholm eng Medaille siche goen.
Ech schloë viir, dats du nächst Woch laascht kenns, ech lueden dann den Netanjahu, den Abbas an den Ahmadinedjad an, an dann schaafs de denen hiere Problem mol aus der Welt.
Wanns de Zäit hues kéinten mer de Weekend drop eppes mam Putin a mam Barack drénke goen, plan?
De Chris haat mech gebiede manner Sträit um Blog unzefänken, dun hunn ech mol eppes aaneres probéiert, lol ;)
Ech hunn d’Episode dësen Weekend gekuckt an hunn se GENIAL fonnt!
An schéin ze gesinn, dass den Chris an ech heiandsdo nach der selwechten Meenung kënnen sinn ;)
Die folgend Episode woer zwar dunn irgendwéi en let-down a langweileg am Verglach … ass et nach engem sou gaang?
Hunn déi zweet Episod grad sou brillant fonnt.
Déi zweet Episod waar genial gudd. Alleng schon den Titel (Epic Fail). Freen mech ob daat Gold, daat muer online wärt sinn.
Ok, do gesäit ee mol rem wéi ënnerscheedlech Goût’en kënnen sinn.
Ech hunn ‘epic fail’, mat Ausnahm vum House sengen Kachkënschten, langweileg fonnt. Zumools am Verglach mat der epescher a brillianten Season Premier.
Déi Geschichten aus dem Spidol usech (zumnools och d’Relatiounen tëschent den Haaptpersonnagen) woeren op eemol sou banal, kléng an oninteressant. A ween d’Léisung giff eramailen woer jo vun Ufank un kloer …
‘epic fail’ woer par conter en effet e lëschtegen Titel fir Nerds.
‘Epic Fail’ war net grad sou gudd wéi dei eicht Episode, mais nach emmer brilliant, fannen ech.
Wat woer dann sou brilliant drun?
1. “Coffee ice cream”
2. “This is the best thing I’ve ever eaten. And that includes what you’re thinking of”
3. De Patient an d’Art wei en mat den Dokteren emsprengt.
4. Den House deen natierlech rem den Held zum Schluss war.
5. den Foreman deen rem den idiot zum Schluss war.
6. E ganzen Koup aaner Momenter, un déi ech mech net mei erenneren kann.
AN och déi drett Episod bleiwt ob dem heige Niveau. Den Pantomine-House ass epesch.
Gutt ze wëssen. Da sinn ech mol gespaant.
Ech haat “Epic Fail” ganz gudd fonnt, allerdéngs hunn ech de Fall, am Verglach zu aneren House Folgen, zimlech fad fonnt. Wou ech dem Grommel zu honnert Prozent Recht ginn ass, datt dem House séng Kachkënscht bei wäitem daat interessantst un där Folg waren. Trotzdem hun ech déi Folg duerchschnëttlech fonnt, mee den Duerchschnëtt bei House ass jo souwisou zimlech héich.
Vun där drëtter Folg war ech rëm absolut begeeschtert. Ech schreiwe lo nët wat dra geschitt ass, mee ech mengen dat ass eng vun deenen Episoden, déi een nët sou schnell wäert vergiessen.