An rëm opstoen. Leider huet sech eisen Départ verzögert, well eise gudden rouden Wäin aus dem Tax-Free-Shop ausgelaf ass, d’Farm agesaut huet. Haut geet et ënnert den 65ten Breedegrad an den Osten vun Island. Teschenstopp zu Namafjall/Hvertir. Do ginn et Mudpools, “des flaques d’eau puantes” wéi d’Fransousen soten. Et sténkt wéi eng Sau, mä et ass zudéifst beandrockend wéi d’Äerd lieft. Jules Verne, ahoi!
An dann rem weider iwwert Schotterstroossen bei de Dettifoss, de gréissten Waasserfall an Europa. Do ginn all Sekonn 200m^3 Waasser erof. Oder 200’000 Liter. Dat mecht pro Daag 17’280’000’000 Liter.
Dat sinn 17.3 Milliarden Liter. Domat kann een den Drénkwaasserbedarf vun dësem Planéit decken. Kéint een.
Weider geet et iwwer Lavafelder, laascht Vulkaner an Äschen. Riicht Stroossen, esouwäit ee kucken kann. A kee Mënsch wäit a breet. Keen? Dach, een! Meet our friend Olaf! Um Stroossenrand stoung den Olaf an enger Jeep. “Sarah, kuck emol, déi Jeep huet en orangen Pare-Choque, mengt ee bal et wier Police oder Ambulanz. Do wäert lo bestëmmt deen eenzegen Flic aus ganz Nordostisland stoen. Haha.” – “Thorben, dat gesäit wierklech aus wéi Police.” – E kuerzen Bléck op mäin Tacho. 105km/h. Merde. Um Olaf laanschtgefuer. Abeemol taucht en am Réckspigel op, blo Luten. De Rescht kënnt dir Iech jo denken. Den Olaf wor ganz fein, huet mir mäin Vergoen erklärt, 104 amplatz 90km/h, mécht 30’000 Krounen – dat sinn ronn 166 Euro. Net schlecht fir 14km/h. E sot awer d’Islännesch Police hätt eng speziell Offer. Wann een direkt sur place bezillt, kritt een 25% Rabatt, dH ech hun mat menger Visakaart bezuelt, an koum mat 125€ dovunn.
Nieft eis sinn Däller mat Mooss bewuess wou sech en turqoise-bloen Floss duerchschlängelt. Dann rëm weider iwwert e Muerk-Schotterwee vun Egilsstadir op Djupivogur. Niwwel + Schotter + S-Kéiren = Spannend Mëschung. Owes dann Campen, wou mer eng relax däitsch Koppel vu Kiel kennen geléiert hunn. Ëm 3 Auer ginn ech wakreg well et stiermt an eist Zelt wackelt. Vue dat Owes gutt Wierder war, hunn ech just 8 Piqueten ageschloen, déi wichtegst. Elo koum d’Rechnung. Keng Chance, ech hu missen raus. Well mir awer bewosst wor, dat ech herno klätschnaass wier, hunn ech alles bis op mäin Boxershort ausgedoen, a sinn quasi plakeg bei 4 Grad Celsius ëm eis d’Zelt gelaaf. D’Sarah wor wéineg beandrockt, hat wollt nemmen schlofen.
Pferde satteln, weiterreiten.




Jaja Autofahren in Island http://uckikator.wordpress.com/2009/09/22/wie-sind-den-so-die-strassen-in-island/ Werde mich auch nächste Woche mal an mein Reisetagebuch machen … grüße Sven
Hammer Bild. Da hat man echt ne Vorstellung davon, wie es da zugeht :)
*G* Habe leider mein Tagebuch net da sonst würde ich auch mal Chronologisch verwursten so picke ich halt nur mal hier und da ein bild raus …