(Dem Sarah seng Fotoen klauen mecht e schlecht Karma) No enger kaler mä roueger Nuecht zu Strykkisholmùr si mir ëm 7 Auer opgestan, mir hunn gutt 400km virun eis, an dat mat ca. 100km Schotterstroossen. Et ass nach ëmmer äiskal, mä dofir ginn et jo waarm Duschen. Blöd just, wann déi baussen sinn. Mee wat soll de Gäiz, et kënnt een net dru laascht. Ech man d’Dusch un, waarden bis se waarm ass, ginn dann an d’Toilettenhaischen (gehëtzt) mech ausdoen an lafen ënnert déi waarm Dusch. Ech hunn dat ganzt leider net bis zu Enn geduecht, well ech hat keng Ahnung, wéi ech hei je rëm sollt waarm erauskommen. No 20 Minutten ass mir agefall wéi: Guer net. Also duerch d’Keelt rëm zréck, quasi wéi no enger Sauna. Gutt wakreg si mir dann de Carlos nach tanke gefuer, an dann lass.
No gudden 10 Minutten hu mir de Carlos dann op déi éischt Schotterstrooss geschéckt. An déi sollt nach 80km daueren. De gudde Carlos wor bockeg an ass op der Strooss lénks a riets gerutscht, geschliddert an gefuer. Mir wor dat zwar net geheier, mä d’Sarah huet dem Carlos awer gewisen wien hei d’Box unhätt.
Wéi mir vun der Schotterstrooss erof woren, si mir – well et esou schéin war – direkt nach eng Kéier op ronn 40km Schotter geschéckt ginn. Näischt ze man. Island ass Pampa. D’Däller déi een dobäi duerchquiert huet woren esou gréng, dass ee mengt, se wieren vun der “anerer Säit”. Do ass d’Gras jo bekanntlech ëmmer méi gréng. Um Wee wollt ech dem Sarah dann d’22-Minutten-Opus “Autobahn” vu Kraftwerk viirspillen. Obwuel hat beteuert huet, dass et Kraftwerk cool géing fannen, huet et sech onbeandrockt gewisen an 7 Minutten viru Schluss einfach gewiesselt. Banausen.
Och wéineg Freed mat mir hat e Schof. Nodeems ech et wollt fotograféieren, ass et ëmmer rëm fort gelaf. Ech sinn him nogaange, an hat et, ouni et ze mierken an en Eck gedrängt. Bis d’Schof op mech duergelaaf ass. De paneschen Saaz “Sarah, an den Auto, mir leeft en rosent Schof noo!” huet d’Sarah fir e Witz gehal.
Weider goung at mat kargen Bierger, déifen Schluchten, Picknick an Fotospausen. Flëss déi optimal fir Rafting sinn, Flëss déi flaach sinn. Um Enn vun dem Trip wor d’Stad Akureyri, déi zweetgréissten Stad an Island (mat 17’000 Awunner). Zu Akureyri gëtt et näischt, mä mir krute Gewëssheet: Egal wéi kleng en Duerf ass, et ginn einfach iwwerall an Island top cool Kleederbutteker.
Eng läscht 2 Stonnen sollten et awer nach sinn bis mir un de Séi Myvatn komm sinn. Um Wee dohinner koumen mir laascht de Godafoss, en wonnerschéinen, bloen, Waasserfall, right in the middle of nowhere. Eisen Rough Guide huet eis verroden, dat et do waarm Basengen géingen ginn. An wéi: Ee risegen Pool wor do, gespeist mat Waasser dat direkt aus der Mëtt vun der Äerd koum. Den Damp deen ronderëm aus de Fielsspalten koum gouf genotzt als Dampfbad. Eenzegen Hoken: Et sténkt no Schwiefel, nach méi wéi am Rescht vun Island. 
Mam Kapp ënner Waasser konnt een d’Gegrommels aus dem Bauch vun der Äerd héieren, dat wor net nëmmen beängschtegend, mä och beandrockend. Mir konnten am Sonnenënnergang schwammen, Waasser 38°C, Loft 4°C. Yippie. Geschlof hu mir op engem Bauerenhaff, wou och nach 4 Fransousen hiert Nuetslager opgeschloen hunn.


Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.