D’Fotoen hei sinn quasi all vum Sarah. Wann der se kopéieren wëllt, kaaft Iech en Heel a gitt kappen, oder frot hat ganz léif.
3. September 21:30 Auer: Déi beschten Investitioun vum Dag ass e Puer Kopfhörer an en Splitter. Mir sëtzen also zesummen an dësem German Wings Fluch op Reykjavik. Laang geplangt, a vill Froen. Ech sinn ewell bei mengem zweeten Warsteiner, an der Hoffnung herno besser ze schlofen. Nodeems mir 10 Minutte laang dem Andy Bausch säin Troublemaker gekuckt hunn, hu mir op Musek gewiesselt. Den Smiths hiert prätentiéist an pathetescht How Soon Is Now sief hei luewenswäert erwähnt, grad esou wéi dem Trent Reznor säin Right where it belongs.
German Wings > Ryanair
Méi sympathesch, besseren Service an einfach just gutt. Firwat d’Sarah elo Justice’s We are your friends spillt ass mir schleierhaft. Schliisslech spillt et in memoriam fir den Hive Digitalism’s hiert Pogo, an fuerdert mech zu engem “Wat ass Haaptstad vun…” eraus. Ech schloe mech gutt, muss awer trotzdem bei Rumänien an Argentinien passen.
23:45 Am Fliger leeft de ganzen Zäit en Typ an enger décker Jackett erop an erof. Ob dat e schlecht Omen ass?
4. September, 4:50 Auer: Mir sinn elo säit 0:30 Auer um Fluchhafen. Fir 2 Stonnen konnten mir eis an en Eck leeën, bis d’Flughafenpersonal eis fortgeschéckt huet. Ëm 9 Auer kréien mir eisen Auto. Happy times. Iwwert e Fluchhafen Nuets kéint de Joël eng ganz Serie vu Folgen vun Angscht A Schrecken man. Komesch Gestalten, iwwerall. Ech si midd a froen mech, wéi ech mat 3 Stonne schlof soll Auto fueren. Wee weess. Elo liesen ech souguer e Buch.
7:07 Auer: Feststellungen – Islänner gesinn entweder aus wéi Elfen oder wéi Wikinger. An Island ass kal a sténkt. Ech kennen de Geroch, weess awer net méi wouhier.
9:15 Auer: Mat e bëssen Eegeninitiativ krute mir eisen Chevrolet Avos dee mir schonn säit Deeg op de Numm Carlos gedeeft hunn. Vu Keflavik geet et dann op Reykjavik, wou mir akafen woren an un 3 Plazen no Gaskartuschen gesicht hunn, fir festzestellen, dat all Tankstell déi huet.
No e bëssen gemkuerks hu mir un d’Strooss fonnt, déi Richtung Norden geet. Kreativerweis hunn d’Islänner se “Einn” genannt, wat esouvill bedeit wéi “eent”. Laascht d’Westküst laascht krut een en Soupçon vu deem, wat d’Leit un Island fannen. Zerklüft Küsten an riesech Waasserfäll verschloen engem d’Sproch. Dierfer ginn et kaum, just Siedlungen mar 3-4 Haiser. An ëmmer enger Kierch. Wéi vill Sënn muss do geschéien, fir dat 3 Familljen eng Kierch brauchen? Da kréie mir déi éischt Gravel-Road virgesat, dat sinn onbefestegt Reschter vu Stroossen, déi een ouni 4×4 just lues ka fueren, an déi sech wéi am Wanter gefrueren Stroossen fueren. Dat erklärt och, firwat Islänner bal nëmmen mat der Jeep fueren. An zwar net eis Lëtzebuerger Kannerjeep, also Mercedes M, Land Rover, Range Rover, Q7, X5 oder RAV4, mee richteg Jeepen, sou wéi déi zum Beispill. Olé CO2. Schliisslech kommen mir zu Olafsvik un, dem gréissten Fëscherduerf an Island. D’Mier an d’Bierger sinn op dëser Plaz pechschwaarz. Ausser Vue gëtt et hei näischt. Well et schon spéiden Nomëtten ass, fueren mir direkt weider an de Norden, op Strykkishòlmur. Eng fein Campingplaz soll also eis éischt Schlofplaz sinn.
Strykkisholmùr ass e Lach. Di ellen Haiser an eidel Hütten hunn dem ganzen eng gruseleg Stëmmung ginn, och dat zerfaalent Spidol an eng eidel Kierch wou en einsamen Organist spillt, maachen dat net besser. Kuerzëm: Strykkisholmùr ass déi Plaz, wou den David Lynch an den Stanley Kubrick sech géingen zum konspirativen Dinner treffen, fir sech en neien Horrorfilm auszedenken.
Nuets ass et kal.




Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.