Vum 3. September bis zum 11. September wor ech mam Sarah op en Roadtrip duerch Island. Firwat Island wees ech eigentlech net méi richteg. Déi Idee ass schon iwwert e Joer al. Ech schätzen mol, dass et deelweis dorunner läit, dat ech Skandinavien-Fan sinn, Süden an Hëtzt manner gären hunn wéi Norden an Reen, an Island supposéiert cool ass. Dobäi koum dann nach mäi Faible fir Björk an Bands wéi Sigur Rós, oder Múm, déi ech réicht vill méi spéid kennen geléiert hunn.
De Plang wor net d’Inseltour ze man, well eis dat an enger Woch absurd geschéngt huet. Wéi mer awer bis festgeluecht haten, wat mir wollten gesinn, hu mir missten agesinn, dat mir keng aner Chance hätten, wéi den Tour ze man.
D’Akteuren vun eisem Roadtrip
D’Sarah wor meng Matreesend. Mir kennen eis schon e puer Joer, an iergendwéi wor déi Idee mat Island mol nuets virum Flying opkomm. Dat een do net déi beschten Idee huet, weess ech, mä déi doen wor gutt. Hat studéiert Englesch an Geschicht zu Oxford (nee, net op där Uni!) an hat ass der Iwwerzeegung, Jack Wolfskin géingen islandresistent Kleeder maachen. Hat sollt Recht behalen.
Den Thorben dierft jo bekannt sinn. Als Computer-Junkie huet mir déi Woch ouni Computer richteg gutt gedoen. Vue dat ech nach ni an Island wor, wollt ech dat mol man. Mat mengem Faible fir Trekking-Kleeder an Trekkingmaterial am allgemengen wor ech fir eis Kichen an Schlofplaz zoustänneg. Ech sinn 3 Deeg virun der Rees a mäin Lieblingstrekkingbuttek “Viking Adventures” gefuer mam Ziel, mir alles ze kaafen, wat ech nach net hunn. Ech koum mat engem puer Strëmp rem raus.
De Carlos ass e Koup koreaneschen Schissi. De Carlos ass en Chevrolet (naja, eigentlech Daewoo) Aveo. Säi Numm krut en vum Virgängermodell, dem Chevrolet/Daewoo Kalos, mee Karlos huet besser geklongen. An opwuel en sollt 84PS hun, ass en awer biergop krepéiert. Mee mir hate keng Suen, an 280 Euro fir en Auto mat 2 Chauffeuren ass en top Präis.
De Rudi ass eng Nikon D50. Keng Ahnung firwat déi e Numm gebraucht huet.
Mr. Rough Guide ass eisen Guide gewiescht. Vue dat mir keng Ahnung vun Tuten a Blosen hunn, hu mir e Guide gebraucht. Ech schwieren op Guides aus dem Haus Lonely Planet, d’Sarah op Rough Guide. Rough Guide wor eng gudd Décisioun, och wann en e bessen Out-of-Date wor. Wat an Island awer egal ass, well et do jo näischt gett ausser Bierger a Waasserfäll. An déi wäerten nach e puer 1000 Joer do sinn.

Top! :))
Ech war no Japan och iwerzeegten Lonely Planet Reader, mee no puer weideren Guiden déi mer guer näischt gehollef hun sichen ech och éischter no alternativen.
Fänkt jo mol villverspriechend un :)
Ech sot et schon emol “Oxford (nee, net op där Uni!)” kann een och ganz einfach léisen, wann een “Oxford Brookes” seet.
Ech schléissen mech mol dem Grommel un,
“An opwuel en sollt 84PS hun, ass en awer biergop krepéiert” – Daat erklärt dann weisou dBjörk beim Harald Schmidt verzielt huet ob Island geif en net vill man ausser mat Jeepen remfueren…
Dat ass och wouer. Mee dozou gläich méi.