CMDteaserFir déi, déi meng “Frënn” op Facebook sinn, ass et vläit schon nerveg ginn. Ech mengen, ech misst mäin Numm elo mat engem Thorn schreiwen, also Þorben amplaz Thorben. Ech hu mir erklären gelooss dat dierft een sou man, den Thorn géing den TH ersetzen. Ech wor an Island, eng Woch laang. An wat ech aus dem Land, wou Uertschaften sou heeschen wéi Metalbands oder Sängerinnen, wou méi bekannt Bands hierkommen wéi vun hei, obwuel se nëmmen hallef sou vill Awunner hunn wéi mir, an wou Schofskapp an verfaultenen Fësch eng Spezialitéit ass, ze beriichten hunn, gitt dir an den nächsten Deeg hei gewuer. Carlos Must Die heescht eng 8-Deeleg Mini-Serie op Pianocktail déi demnächst all Daag e Stéck aus ménger Reess wäert beschreiwen.

Stay tuned!