Ech sténken. Mäin Gesiicht ass vun engem zéien Film aus Schweess an Tréinen glaséiert. Leschter sinn den Témoin dovunner, dass britesch an islännesch Fëmm- oder Antifëmmgesetzer mäi Kierper rëm verweechlechen, déi Zigarettendampresistenz déi ech mir iwwer Joeren erschafft hunn ass futsch. Ech sinn midd, an dat och, well ech säit e Mëttwoch net méi seriéis geschlof hunn. All dat sinn eendeiteg Indicen, fir dat, wat den Owend geschitt wor, an firwat meng Elteren sech arrangéieren fir dass Freides Owes en Auto doheem ass: De Fiss wor am Flying. An do kennt de Reiner an d’Spill.

De Reiner ass Ufank 40, Hausmann, Top-Notch-Pompjee, Chemiker, Soziolog, Politolog an eng Legend. De Reiner stung déi lescht 20 Joer all Freiden hannert dem Comptoir vum Flying am selwechten Eck de Leit nozekucken. An dat, bis op eng oder zwou Ausnahmen am Joer, all Freiden. De Reiner ass zwar bestued, mä un dee Freiden geet kee réckelen. Viru kuerzem wor ech am Flying, an de Reiner wor net méi do. Mäi Papp, deen hien kennt, huet gefrot, op eppes geschitt wier. De Reiner sot, en hätt gemierkt, dass et no 20 Joer ëmmer dat selwecht wier. An en huet Recht. Et ass ëmmer dat selwecht. Mee dofir 20 Joer brauchen, ech weess net.
De Reiner geet net méi, ech ginn ëmmer nach. Obwuel ech och weess, dat et ëmmer dat selwecht ass, déi selwecht Leit, déi selwecht Musek, dee selwechten Battin an déi selwecht Spréch. Oder vläit grad dofir.
Well dat ass dat, wat ech esou um Flying schätzen. Et weess een, wat ee kritt, et weess een, wat een sech erwaarden kann, an déi Erwaardungen ginn erfëllt. Natierlech goufen et och schlecht Owenter am Flying, an méi wéi een. Mee se woren awer an der Ënnerzuel. An ech verschmähen Wiessel bestëmmt net, mä heiansdo ass et dach einfach genee dat, wat ee sicht: Et geet een iergendwou hin, an weess dat seng Erwaardungen erfëllt ginn. An ech fannen do och näischt falsch drun, well ech net do liewen, mee et every once in a while man. An et ass dach och wéi Heemkommen, oder McDonald’s, an e Stéck vu senger Identitéit, ouni dat ze iwwerdreiwen. An wann een dann Owenter huet, wou ee jidderee kennt, dann ass dat dach herrlech. Kee Grond doheem ze bleiwen.

Wann ee jonk ass (16-25?) da méngt een, et giff näischt besseres ginn, wéi permanent eraus ze goen an an engem sténkegen Café oder enger iwwerfëllter Disko ze hänken. An dee Moment stëmmt dat och total.
Allerdëngs kënt de Moment, wou déi meescht Läit, duerch hiert ‘méi aal ginn’, feststellen, dass dat net alles ass, dass et net sou interessant, dass et och aner Saachen ginn an dass een erstaunlech vill Zäit de Weekend, wann een net Samsdes an Sonndes réischt um 12 Auer waakreg gët. Dat ass de Moment wou een ëmmer manner erausgeet.
D’Prioritéiten verréckelen sech och. Vill Läit, zumools ab enger gewëssen Alter (25?) déi permanent erausginn, maachen dat jo och well se single sinn an ee wëllen kenneléieren. Hunn se dann mol een kennegeléiert, dann bléiwen se op eemol méi doheem, ginn méi an de Kino oder wat och ëmmer. Wat net heescht, dass se net och nach mol ferme erausginn oder dass se net och gären mol mat Kollegen rem eppes ennerhuelen.
Wéi ech 20 woer konnt ech net verstoen firwat déi vun 30 nët ëmmer nach giffen permanent erausgoen. Wéi konnt een nëmmen och mol de Weekend gemittlech doheem bléiwen? Dat ass dach faul, null, eppes fir (sozial) Loseren (ok, dat huet net fir déi gegollt déi mat 30 bestued woeren a schon Kanner haten, obwuel een dat natierlech mat 20 och éischter als faul ugesäit).
Oh wéi déi Vue sech geännert huet! :)
Et ass relax an agreabel fir Weekender Owes och mol doheem ze bléiwen, op alleng oder mat Frëndin. Et ass relax an agreabel fir mat Frënn einfach een huelen ze goen an dann heem ze goen ouni sech komplett drop gemaach ze hunn. Et ass relax an agreabel fir Moies ouni décken Kapp an net sténgeg waakreg ze ginn.
An dat hei schléisst och den raren, spontanen Exzess net aus! Deen een de Moment selwer ferme genéisst, mee spéitestens wann een duerno nees 3 Deeg schlecht ass (well de Kierper recupéréiert definitiv manner séier wéi fréier), dann wees een rem een vun de Grënn firwat dat permanent, fermt Rausgoen awer net méi reizt.
An Läit, déi mat 40 en Liewensstyl vun engem 20jähregen hunn sinn mer par défaut suspekt. Irgendwann muss een jo awer bëssen wuessen a weider kommen …
Thorben: Du hues Recht.
Grommel: Thema verfehlt. Setzen, Sechs.
Ech fannen dat och net de Comble all Weekend rauszegoen. An ech verstinn däi Punkt. Däi Punkt ass awer net mäin, ech hu just gemengt, et wier schéin, eng Disco ze hunn, wou een ëmmer dat selwecht hätt.
Ofgesinn vum verfehltenen Thema fannen ech dem Grommel seng Ausso awer ganz pertinent.
Thorben:
Schéngt wéi wann ech däin Punkt en effet net verstan hätt …
> De Reiner geet net méi, ech ginn ëmmer nach. Obwuel ech och weess, dat et ëmmer dat selwecht ass, déi selwecht Leit, déi selwecht Musek, dee selwechten Battin an déi selwecht Spréch. Oder vläit grad dofir.
Mee gët et do nët en Riesenënnerscheed tëschent dir an dem Rainer? Hien ass 40 an huet dat do während 20 Joër (!) quasi all Fréiden gemaach. Du bass Ufanks 20 an méchs dat heiandsdo.
Ass et dann nët normal, dass dat Ganzt hien lo langweilt während et dech nach ëmmer interesséiert an gutt fillen léisst?
Ass däin ‘traureg’ doropper bezunn, dass den Rainer soulaang gebraucht huet fir dat ze mierken oder dass hien eppes wat hien 20 Joër gemaach huet lo langweileg fënnt?
Thorben:
Nach eppes: Jo, et ass schéin fir eng Plaz ze hunn, wou een ëmmer rem higoen kann, wou een sech wuel fillt an wou een Läit begéint, mat deenen een gären zesummen ass. Do ginn ech der natierlech komplett Recht.
Just dass déi Plazen mat der Zäit wiesselen. Genausou wéi een jo selwer och iwwert d’Zäit, hoffentlech, wiesselt. EMMER dat selwecht langweilt irgendwann ëmmer …
Mier gett et emmer rem schlecht wann ech eppes héieren, oder liesen, waat mat “Wann een jonk ass…” ugeht.
Grommel, hues de do schéin brav en Cliché oofgeschriwwen oder hues du wierklech an denger “Jugend” sou simplistesch iwwerluecht, dass de der net denken konns wéisou Leit mat 30 Joer net méi sou gär rausgin?
Ech kann daat ganz wuel verstoen. An och novollzéien. Souwuel fier 30-Jähreger wéi och fier 20-Jähreger. An ech sin am November 1988 gebuer. D’Loseren sin déi, déi mussen behaapten se kéinten sech näicht besseres fierstellen wéi all Freiden an Samsten an der Disco ze hänken fier sech ze profiléieren.
Zum Fly: Deen eenzegen Grond dass ech iwwerhaapt drun denken e Fouss an daat Dreckslach ze setzen ass den Fait dass meng Frenn vill dohin gin. Wann ech se well gesinn, wees ech wou ech se fannen. Dofier haat ech schon vill gudd Owenter an deem Knaschteck. Et wees een emmer waat een kritt, an et kann een sech relativ secher sin dass een eng gudd Zait wärt do verbrengen. Mais daat ass net der Plaatz hiere Verdengscht, mais den Leit hieren.
Op alle Fall stemmen ech dem Thorben zou, dass et flott ass eng Plaatz ze hun wou een sech kann drop verloosen ze kréien waat een erwaard. Och wann ech daat wuel aus aanere Grennsou gesinn.
Nic:
> Mier gett et emmer rem schlecht wann ech eppes héieren, oder liesen, waat mat “Wann een jonk ass…” ugeht.
Dat ass wells du selwer nach jonk bass. Wetten, du ertapps dech méi séier, wéis de mengs, dass de genau sou ufänks ze schwätzen? :)
An jo, mat 20 konnt ech mer net virstellen, dass ech mat 30 iwwert eng ganz Rëtsch Saachen anescht giff urteelen an mëch och anescht géiff verhalen.
Mee du bass jo villäicht méi räif wéi ech deemools.
Wéi ech 20 woer, woeren fir mech Läit, egal op 25 oder 30, déi net méi permanent um Tour wollten sinn, Langweiler a Latzerten. Ass natierlech alles eng Saach vun der Perspektiv an der Experienz. Duerfir woer mäi Jugement deemools jo och overall falsch. Wat op mëch latzeg gewierkt hunn, hunn sie als gutt, gemittlech, watoch ëmmer emfonnt. Mee dat konnt ech net novollzéien. Allerdëngs woer dat och lo keen Thema mat deem ech mech deemools permanent an déif philosophesch auserneen gesat hunn …
Mä Grommel, dat ass ganz einfach well s du latent oncool bass, Mann.
(Hihi.)
Natierlech.
Mir haalen also fest:
1. Et ged een méi aal mat der Zait.
2. Leit veränneren sech.
3. Et ass flott, eng Plaatz ze hunn, wou een wees, waat een erwaard.
4. Et kann een och heinsdo/öfters Samsdes owes doheem setzen a Blogs liesen an trotzdem cool sinn.
De Reiner ass jo wuel den Held vum Dag! Iwerleet iech déi onfierstellbar Iwerzeegungskraaft déi et brauch fier sou eng aalangesiesse Gewunnegt ze sprengen!
Méi sou Geschichten op Pianocktail!
Joël: rischtisch.
Charel: ech géiff wetten, dass dat ganz keng spontan Decisioun vun haut op muer woer, mee dass et schon méi laang am Rainer ‘rumouert’ huet … trotzdem muss et komesch gewiescht sinn, fir op eemol net méi déi Routine ze hunn! An ech ginn der Recht, méi sou Geschichten.
Awer just wa mer all ophalen eis unzebaubsen.