Jo, et stëmmt. E bessi manner wéi 2 Joër nodeems datt déi grouss Legend Adelheid Pickar de Philo’ Soff zu Iechternach zougemaach huet ass e rem opgaang. Ech maachen et kuerz: Deen éischten Androck deet wéi, mee soubaal ee sech dru gewinnt huet, fënnt een eräus, datt et nach emmer dee schéinste Café wäit a breed ass. Villes ass aanescht ginn, a villes ass d’selwecht bliwwen.
D’selwecht bliwwen sinn:
1. De gréissten Deel vun der Déco, keng neimoudësch Dëscher, mee déi aal Spannrieder sinn nach do, souwéi och d’Biller an d’Spigelen.
2. E frëndlechen a sympathëschen Service.
3. Déi aal Leit, déi een deelweis scho säit 2 Joër nët méi gesinn huet.
Lo zu deem waat nei ass (waat mer gefall haat get mat + bewert, waat mer net gefall haat mat -, waat mer egal war mat -/+):
Eng Telé -
Nei Musék -
E Frigo, dee vill ze hell ass -
De Chat Noir huet gefehlt (kënnt awer anscheinend rëm zreck): -
E Spillautomat (allerdéngs gudd verstoppt hannert der Trap) -/+
Eng Croque-Monsieur/Hot Dog-Maschinn (ass mer réischt no e puer Stonnen opgefall) -/+
Luuchten déi d’Faarw wiesselen awer nët opdränglech oder ze hell sinn -/+
Schéin an d’Rei gesaaten Toiletten +
Bezuch op deene meeschte Still a Bänken +
En Zigarettenautomat +
Spigelen hannert dem Comptoire +
Kuerz: Et ass nach ëmmer e gudde Café, et muss awer nach un e puer Saache gefréckelt ginn. Mëttes haat ee vun deenen ale Philo-Junkië scho behaapt de Philo wier “definitiv dout”. Datt daat absolute Kabes war huet de groussen Deel vun der Clientèle bewisen, deen Owes wéi soss och do versammelt war.
Uerteel: Gudd gemaach!

Ech fannen et super ;)
War e Sonden na eng Kéier do, all Desch war besaat. Trotzdem war et roueg a gemittlech, an eng Stemmung, wéi wann de Philo nie zou gewies wier.
Di “Klengegkeeten” wéi de Fernseher an di komesch Luuchten hun ech well akzepteiert. Et as eben en neien Propriétaire (= “neien” Café) an doduerch eben anecht. Dat wosste mer all.
Et gewinnt een sech awer schnell an och gären dodrun, emmerhin guffen och Saachen verbessert (zB Toiletten, Bezuch, etc) an et as a bleift de Philo. Philo!!! :D
Ech akzeptéiren alles bis op dräi Saachen: de Fernseh, de Spillautomat an den Zigrettenautomat, déi musse fort. Fier de Recht schléissen ech mech plus minus un.
An wat ass mat CCTV?
Ech war réicht eng Kéier do lo, ech muss mech dru gewinnen…
Mais wat mech am meeschte stéiert ass de Frigo mam iwwerdriwwenen Champagne (coupe à 8 eur, Wou se mer dann hei??) an d´Minigolfatmosphär op der Terrasse (grengen Tapis) ;) reffeg
Grengen Tapis?? Dat war vierun enger Woch nach net do. Rrrrrreffeg!
Daach , wor en.
Tjo, waat wells de man ? Besorg n´ Paar Golfschuhe !
Fir e bessen eppes ze soen iwert den PHILO
Mir waren alleguer jonk ganz jonk an bebeen.
Mat der Zäit gimmer grous, mir bleiwen net eiwech jonk.
Waat fréier gemaach ginn as war an bleift vun fréier.
Waat mer haut maachen ass schon aanescht wéi fréier,
Waat mer muer maachen ass erem aanescht wei haut an geschter.
Mir mussen ganz einfach respektéiren waat fréier war an haaptsechlesch waat haut ass.
Respektéiren déi Lei déi den kourage hun fir een kafee opzemachen, obwuel déi Leit emool net vun echternach sinn.
Echternach huet ongeféier 5200 awunner, an keen huet den PHILO waerent 2 joer op gemaach.
An elo wou et een anneren opgemaach huet, do sinn dann déi Echternacher déi all eppes ze soen hun.
Fir all déi Leit déi an den PHILO ginn, am Philo as et cool
flott stemmung, mega ambiance, musek fir all generatioun, an een mega gudden service.
ALL RESPEKT.
Déi klengeschkeeten, sinn nach nach net esou dramatesch wéi deen een oder deen aanneren schreiwt.
Ech ginn all daach an den Philo obwuel ech den Philo fréier kannt hun, ech fillen mech wuel do, an déi meescht Leit och soss waer de PHILO emmer eidel, an et ass all dach oder baal all owend voll.
Mir gesinn eis am PHILO
Rosy