prophetereviewDe Film, deen ëmmer erëm zitéiert gëtt, wann d’Diskussioun zu Un Prophète kënnt, ass de läschtjährege Gewënner vum Grand Prix zu Cannes, Gomorra. Kaum verwonnerlech, huet dem Jacques Audiard säin neiste Film, dach den nämlechte Präis dëst Joer gewonn a genee sou mat enger bësse méi däischterer Thematik ze dinn.

Fir mech, allerdéngs, ënnerscheeden sech déi zwee Filmer an hirem Wiesen an enger ganz bestëmmter Form: während Gomorra de Prisong Neapel op eng extrem klaustrophobesch Aart a Weis presentéiert, ass Un Prophète vill méi fräi, méi liefhaft a méi oppen. D’Fatalitéit vum italienesche Film existéiert am franséische Prisongsdrama net, de Film ass méi spilleresch mat senger Geschicht, ass méi kreativ a méi bont. An dat steet dem Film gutt, am Géigesaz zu Gomorra brauch en dëst fir sech wierklech z’entfalen.

De Malik El Djebena ass e Klengganouv, deen am Prisong an d’korsesch Mafia rarutscht, an an dëser duerch seng Cleverness trotz senge Schwächten wiisst – hie kënnt virun, well en et wëll. A sou ass dësen neiste Film vum Audiard eng deels brutal, mä virun allem asiichtsräich Etude vun engem Mënsch, deen an duebelt ongewinntem Emfeld floréiert. Op eng gewëss Aart a Weis, kann een de Film mam Martin Scorsese sengem Meeschterwierk Goodfellas vergläichen, well och do e Mënsch sech duerch Rusen an engem Milieu, deen net säin ass, verwierklecht an iwwert seng Capacitéiten erauswiisst.

Sou huet de Jacques Audiard mat sengem drëtte Film an dësem Joerdausend säi perséinlecht Meeschterwierk kreéiert: no Sur mes lèvres an De battre mon coeur s’est arrêté, huet en alt nees eng Kéier eng Steigerung bruecht a sech domatter an der Topliga vum europäesche Kino verankert. Dem Audiard säi perséinleche Stil gëtt alt nees perfekt an Szen gesat vu senge Schauspiller Tahar Rahim (a sengem réischt zweete Kinosfilm!) an Niels Arestrup, dee schon am Regisseur sengem läschte Film un der Säit vum Romain Duris brilléiert huet. De Stephane Fontaine hannert der Kamera, an den duerch den Audiard gefierderten Komponist vu Weltrenommée Alexandre Desplat, wéi och de Schnëtt vum Juliette Welfling dinn hiert, fir dësen alles an allem komplette Film wonnerbar ofzeronnen an zum bis ewell beschte Film vum Joer 2009 ze maachen.

Bewertung: ****/****