Wéi 2005 Bloc Party “Silent Alarm” rausbruecht hunn, wousste vill Leit direkt, dass do eppes ganz grousses an hire Plackespiller loung – kuerz gesot, eppes neies, frësches, wëlles. Drums vum Matt Tong wéi bei Gang of Four, a Musek generell wéi se vun Postpunkgréissten wéi de virgenannten, oder och XTC, Joy Division an The Clash virkënnt.
Zwee Joer méi spéit koum mat “A Weekend in the City” en weideren erfollegräichen Album, wann dësen och net ganz déi héich Erwaardungen, déi opgrond vum Virgänger do waren erfëlle konnt. Trotzdem woer “The Prayer” en Hit genee sou wéi “Banquet” an “Helicopter” virdrun, währen “Kreuzberg”, “Uniform” an “I Still Remember” zum Beispill schon an eng nei Richtung gewisen hunn, déi Bloc Party géif agoen. Dëse Wiessel ass Enn 2007 da voll ageschloen mat der Single “Flux an där ongewinnten elektronesch Kläng den éischten Album vergiess gedon hunn a just nach d’Rhythmik an dem Kele Okereke seng Stëmm un d’fréier Wierker erënnert hunn. E Joer méi spéit si se mat “Intimacy” nach e Schrëtt méi wäit gaang, wann dësen Album och nach emol méi elektronesch war, sou huet en awer och rëm extrem perséinlech gewierkt. Bloc Party si sécherlech eng vun de villverspriechendsten a villsäitegste Bands vum Joerzengt, a verspriechen dat och an der Zukunft ze bleiwen.
Hei d’Lidder “Banquet”, “I Still Remember” a “Flux”:


Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.