harrypatch

Den Harry Patch wor dee leschten Veteran aus dem éischten Weltkrich, deen am schéinen Alter vun 111 Joer virun engem gudde Mount verstuerwen ass. Dat ganzt wor ob der Insel en riesen Evenement, ma d’Briten hunn en nawell speziellt Verhältnis zum éischte Weltkrich.

Dat ass Pianocktail awer keng Meldung wäert, mir sinn keng Journalisten, mä virun allem eppes: Fanboys (d’Pianocktail Frauenbeauftragte huet mir grad matgedeelt, ech misst elo Fanboys and Fangirls soen). Fanboys/girls vu Filmer, awer och Fanboys/girls vu Musek, besonnesch vun Heulsusen wéi den Smiths, Damien Rice oder Radiohead. An eben genau leschter hunn elo e Lidd namens “Harry Patch” erausbruecht. Den Thom Yorke séngt/schmiert/säuselt e puer Zeilen aus engem 2005er Interview mat engem offensichtlech traumatiséiertem Harry Patch, a wann een et net wéisst, géing ee mengen, et wier effektiv en Radiohead Text. Dat ganzt kléngt wéi Radiohead ob hiren méi spéiden Alben, love it or hate it.

i am the only one that got through
the others died where ever they fell
it was an ambush
they came up from all sides
give your leaders each a gun and then let them fight it out themselves
i’ve seen devils coming up from the ground
i’ve seen hell upon this earth
the next will be chemical but they will never learn

All Sarkasmus ob der Säit fannen ech et en staarken Geste vun Radiohead an fannen d’Auswiel vun den Zitater vum Harry Patch, den och eng bewegend Biographie hat, entwaffnend. Kaafen kann een dat ganzt bei Radiohead fir een briteschen Pond dee gespend gëtt (Bono?) oder et kann een einfach hei ob Pianocktail de Clip kucken

YouTube Preview Image

D’Foto ass CC-Frai an weist e pickegen Drot aus dem éischten Weltkrich, den bis haut nach iergendwou a Schottland steet.