Hach, de Summer ass esou schéin, et kënnt ee knapps zum Schreiwen. Do muss schon eppes inspiréirendes hir: de Sufjan Stevens zum Beispill. De jonken Här aus Detroit, Michigan, deen am bekanntesten ass duerch säi Fifty States Project an d’Notzung vu sengem Lidd “Chicago” an Little Miss Sunshine, huet seng Plaz an de Bicher iwwer dat éischt Joerzéngt vum neie Joerdausend absolut sécher. An de leschten 10 Joer huet de Sufjan Stevens mat verschiddene Musekstiler remhantéiert, Electronica a Folk fanne sech a senger Diskographie an de Kënschtler, dee mat Humor an awer och enger gudder Portioun Eeschthaftegkeet méi oder manner wichteg Themen a senger Musek behandelt, beherrscht se absolut perfekt.

Hei seng Lidder “Chicago” an “Casimir Pulaski Day”:

YouTube Preview Image YouTube Preview Image