thelivesofotherspicE Film dréien ass net einfach. Bei der éischte Kéier ass et nach emol méi schwéier. Déi meescht Leit fänke mat klengen Aarbechten un, bevir se de Wee an de Kino fannen – an dann si seelen déi éischt laang Wierker um groussen Écran déi, déi d’Regisseuren spéider definéieren.

Dofir kucken ech lo, als Deel vu mengem Réckbléck op d’vergaangent Joerzéngt zréck op déi 10 menger Meenung no bescht Regiedebüts vun 2000 bis 2009. Briten, Däitscher, Amerikaner, Mexikaner, Fransousen hunn alleguer sou munches gedréit wat hei erwient gëtt. Kuckt iech et un, an deelt är Meenung mat.

#10 Amores Perros (Alejandro Gonzalez Iñarritu)
Perséinlech gleewen ech, dass Babel dem Iñarritu säi beschte Film bis haut ass – trotzdem ass Amores Perros e wichtege Bestanddeel vun dëser Top Ten, vu dass de Film d’Carrière vun engem Mann lancéiert huet, deen haut zu der Elite vum amerikanesche Kino zielt. De Mexikaner huet mat sengem Film eng genial verwurren Geschicht iwwer Léift an d’Grausamkeet vum Liewen gedréit, deen net nëmme seng, mä och dem Gael Garcia Bernal seng Carrière un d’Rulle bruecht huet.

#09 Monsters, Inc. (Pete Docter)
De Regisseur vun Up huet am Joer 2001 fir d’éischte Kéier bei engem Film Regie gefouert, an domat den éischten Pixar-Hit vum neie Joerdausend geliwwert. Dës Geschicht iwwert Monsteren, déi Kanner erféieren, an duerch e klengt Meedchen an hire Grondsätz gerëselt ginn, ass haut nach sou verzaubernd wéi deemols. Wéivill Talent am Pete Docter stécht huet een deemols scho gesinn, dëst Joer wäert säi Film sech iwwert eng Oscar-Nominéirung freeën dierfen.

#08 Me and You and Everyone We Know (Miranda July)
E Film, dee sou komesch ass, muss als éischt emol gedréit ginn. “Quirk” ass eppes, wat ech gär hunn, sief et a Filmer wéi Thumbsucker, Welcome to the Dollhouse oder Adventureland, mä am Miranda July sengem Debüt ass dëst wierklech ganz haart un der Grenz. Et bleift allerdéngs sou just op der gudder Säit, well een awer mat dëse Personnage fillt, mat der Kënschtlerin, mam verzweifelte Papp a mat senge Jongen, déi ze fréi erwuesse ginn.

#07 Les triplettes de Belleville (Sylvain Chomet)
Den zweeten animéierte Film an dëser Lëscht kritt genee sou wéi och den éischten d’Luew dass onwahrscheinlecht Talent am Wierk vu sengem Regisseur stécht. Zeechentrick ass nees um Kommen, mä de Sylvain Chomet hat 2002 mat sengem Oscar-nominéierte Film souwisou dofir gesuergt, dass dat sou bleift.

#06 Capote (Bennett Miller)
Dass en Debütfilm fir den Oscar vum beschte Film nominéiert gëtt ass eng seelen Affär. Dass en dobäi et och wierklech verdéngt huet, ass allerdéngs meeschtens garantéiert. Dem Bennett Miller säi Film iwwert dem Truman Capote säi Liewen zur Zäit wéi en In Cold Blood geschriwwen huet, ass einfach nëmmen e Genoss fir ze kucken – vum Philip Seymour Hoffman bis hin zur Cinématographie stëmmt alles dorun.

#05 Garden State (Zach Braff)
De Film ass sécherlech net sou gutt, wéi ech mer et arieden. Sou villes drun stëmmt net, ass Cliché, an iwwerdriwwen geschriwwen, mä trotzdem ass Garden State absolut charmant an weist wéivill Talent an dësem jonke Regisseur stécht.

#04 Billy Elliott (Stephen Daldry)
Dass de Stephen Daldry well bei 3 gedréite Filmer fir 3 Oscars nominéiert wier, hätt am Joer 2000 wuel kee geduecht. Witzeg ass just, dass säi bis well beschte Film Billy Elliott als eenzegen net d’Éier hat fir den Oscar fir de beschte Film nominéiert ze ginn, obwuel de Regisseur gewierdegt gouf. Dëse Film ass einfach nëmmen häerzerwiermend a super.

#03 Das Leben der Anderen (Florian Henckel von Donnersmark)
Dass ee mat senger Diplomaarbecht en Oscar gewënnt, denken ech, ass eng Leeschtung, déi een net héich genuch aschätze kann. Dobäi huet de Film et gepackt den haushéiche Favorit El Laberinto del Fauno ze klappen. An éierlech gesot: dat war déi beschten Decisioun déi an der Kategorie vum auslännesche Film säit laangem getraff gouf. Das Leben der Anderen ass bewegend, intelligent, an bestëmmt vun Humanitéit. Sécherlech ee vun de beschten däitsche Filmer aller Zäiten.

#02 No Man’s Land (Danis Tanovic)
Wann ech grad vun der beschter Decisioun geschwat hunn, dann ass et wuel kaum iwweraschend, dass No Man’s Land engem an de Kapp spréngt, dee Film, deen dem Amélie den Oscar weggeschnappt huet. A sou verdéngt wéi deen Oscar och gewiescht wier, sou zefridde sinn ech awer, dass e géint kee geréngere wéi dëse Film verluer huet – e Film, deen de Krich a Bosnien mat Humor, mä Souveränitéit a senger ganzer Sënnlosegkeet weist. Brillant.

#01 Little Miss Sunshine (Jonathan Dayton & Valerie Faris)
Mäi Choix fir d’éischte Plaz dierft wéineg iwweraschend kommen, vu dass ech scho méi wéi eng Kéier dëse Film hei héich geluewt hunn. De beschte Film vum Joer 2006 ass ee vun de witzegsten a mënschlechste Filmer vun de leschten 10 Joer. Munchereen seet, Komödien wieren mannerwäerteg Filmer, an sollten net mat “serieuxe” Filmer rangéieren, mä ech sinn der Meenung, dass et näischt méi Eeschtes op der Welt gëtt, wéi d’Leit zum Laachen ze bréngen.

Éierbar Erwienungen: The 40-Year-Old Virgin, Confessions of a Dangerous Mind, Control, Donnie Darko, Hedwig and the Angry Inch, In the Bedroom, La Faute à Voltaire, Persepolis; Synecdoche, New York, Was nützt die Liebe in Gedanken an natierlech déi zwou Dosen Filmer, déi ech sécherlech vergiess hunn.