Ech setzen elo an der Lobby vum Sheraton, an vill Aarbecht fällt haut net méi un. Dofir hei meng Highlights vum EIFF.
Highlights
De Forum vum UK Film Council zesummen mat der Cinema Exhibitors Association iwwer Digitalkino war ganz interessant. Se hun Lëtzebuerg eng Pionnéierroll am DCinema zougestan an kloer gemaach dat Digital wäert kommen. Dorun zweifelen ech net. Iwwer 3D gouf och vill geschwat, mee dat eng aaner Kéier.
Dem Ted Shilowitz vun RED wor do. RED ass eng jonk Firma, déi 1999 gegrennt gouf an bis elo réicht eng Kamera gebaut huet, déi awer d’Kamerawelt obgewullt huet. Mat enger Obléisung vu 4k huet d’RED ONE sech well als digitalen Standart etabléiert, an dat net zulescht weinst dem Spottpräis vun $17500. Dem Lars Von Trier sain Antichrist an dem Steven Soderbergh seng Filmer sin ob Red gedréint, de Lynch dréint ob RED etc. Gescht huet hien dun e Prototyp vun der RED SCARLET an der RED EPIC dobäi gehat, déi eng kascht $2500 an huet eng 4k Obléisung. D’EPIC bréngt bis zu 9k momentan, et goufen awer Biller vun engem 28k Modul, dat sin 216 Megapixel.
En Engleschen Regisseur huet mir an aaneren Leit Noohellefstonnen a Final Cut gin. An endlech huet en Apple Mataarbechter agestan, dat Apple net capabel ass, richteg Hardware ze bauen. Deen neien Mac Pro ass trotzdem immens.
Weapons on Set wor e Workshop iwwer wéi Waffen kennen an dierfen ob Filmsets agesat gin, a wéi kriddeleg dat ass, zumols hei an Groussbritannien, wou d’Police emmer e bessen en nervösen Fanger um Oofzoch huet.
Filmer déi ech kucken wor an den 10 Deeg woren Painting With Light, Wide Open Spaces, Elkland, Pardon My French, Antichrist an Adventureland. Ausser dem Wide Open Spaces woren se all gudd..
Den EIFF ass immens, an ech well nächst Joer onbedengt rem dohin.

Ech mengen nächst Joër starten ech och mol de Versuch. Eis Vakanz ass souwéisou ze laang, an dat do wier jo gudd investéiert.
Ech och.
Ouai, Pianocktail Bootcamp bei mir an der Wunneng.
“Mat enger Obléisung vu 4k huet d’RED ONE sech well als digitalen Standart etabléiert”
was mat Panavision Genesis, Sony Cinealta (F23), Thomson Viper, Dalsa Origin, oder Arriflex d20/d21?
Woubai ech geif dGenesis oder dF23 als Standart bezeechnen..
Den Trouble no More get iwwregens op Arriflex D21 gedreiht…
Pol, kuck mol an der amerikanescher (=greisster) Indyfilmerszene noo, an maach mol Statistiken doriwwer. Do ass Pana, Sony etc wäit hannert der RED. An dat mecht de gréissten Deel vun de Filmer aus. Hence standard.
Also wanns de vun Standart schwetz dann denkt ee jo wuel awer net un Indyfilm…
Kloer ass Red bai Indyproduktiounen virun deenen aneren, daat ass awer Käschtenfro an net Qualiteitsfro…
Trotzdem ass Red bei groussen Produktiounen een absoluten Exot.
Steven Soderbergh, Anthony Dot Mantle, Emergency Room, My Bloody Valentine, Peter Jackson, Knowing, Book of Eli, night at the museum.
Iwwerdenk dat Wuert “Exot” nach eng Kéier.
Genesis: Superman returns, Scary Movie 4, Planet Terror, 21, The Spirit etc….
Cinealta get et sait mettlerweil bal 9 Joer: Star Wars 1-3, Sin City, Once Upon a Time in Mexico, Crank, Fahrenheit 911, Battlestar Gallactica, etc…
wann een scho vun Standart am Digitalen Kino schwetzen well (woubai sech do emmer nach ganz vill ännert) dann denken ech daat wier Cinealta….
am low budget, wou Red wierklech staark ass, huet Canon och mat der 5D mk2 ageschlo wei eng Bomm…