Ech kommen grad aus der UK Première vum Lars Von Trier sengem Antichrist. Filmer reviewen ass zwar dem Chris säin Terrain – mee als Frénd vum Lars Von Trier huelen ech mer dat Recht elo mol raus.
De Film ass optesch immens uspriechend gemaach. Dat ass virun allem dem Anthony Dod Mantle seng Schold, den Cinématograh vum Film (an Slumdog Millionaire, Festen, 28 Days Later) dien och uwiesend wor. Gedréint ass de Film ob enger Phantom HD Highspeed Kamera, déi am 2k Modus ca. 1000 Biller pro Sekonn dréiht. Dat gouf onmoosseg beandrockend fir d’Sexszenen um Ufank geholl, déi duerch den Highspeedeffekt eng Eleganz kritt hun, zesummen mat der Musek, déi soss kaum gesin gouf. Dat gesäit een doran, dat d’Haut douce Wellen werft, wann een se upeekt oder Waasserdrepsen an der Dusch komplett plastesch wierken. Deen aaneren Deel gouf mat 2 RED ONE Kameras gedréiht, wat, obwuel d’RED ONE schon eng Zäit um Marché ass, dat ganzt awer relativ interessant mecht. Zooms am Film goufen net mat der Kamera gemaach, mee digital. D’Auswahl vun de Biller ass fantastesch, déi visuell Effekter clever gesaat.
Clever gesaat ass och de Sound, dien wéi d’Fauscht ob d’Aan passt. De Sound ennerstëtzt déi ganz Atmosphär vun der Angscht an Ongwessheet.
Vum Inhalt hier kann een doriwwer Bicher schreiwen. Et fänkt un bei Hellefslosegkeet, Identitéit vu Fraen bis zu Foltermethouden aus dem Mettelalter. E porträitéiert déi Helleflosegkeet vun engem Mann vis-a-vis vu senger Fraa, déi psychologesch um Enn ass, an hien – Psychotherapeut – net capabel hier ze hellefen. Am Publikum hu Leit gesot, de Film wier misogen. En ass bestëmmt net fir Emanzen, mee de Film ass awer net Fraenfeindlech. En deckt e riesegt Spektrum oof. En schneid dat awer net nemmen un, mee geet oft ganz wäit. Wat dése Film natierlech speziell mécht, ass de Fakt dass en immens grafesch ass. Ech hun nach kee Film gesin dien grafesch esou brutal an verstéirend ass, wéi den Antichrist. Oofgesin von den echten, expliziten Sexszenen. Firwat en dat mécht ka verschidden Grénn hun. Engersäits packt den Von Trier et sou, e Kinopublikum wat gewinnt ass 3-5 Filmer den Daag ze kucken, rem obzemaan fir den Horror am Film. Doduerch dat d’Grenzen vum Bekannten gebrach gin, gin d’Leit vläit méi empfänglech. Aanerersäits awer: Firwat net? Firwat soll desen Film, dien am Lars Von Trier sengem Kapp entstaanen ass, iergendwelch Rücksicht ob aaner Leit huelen. E wier bal net um EIFF gelaaf, well en vum briteschen Filmrood laang net zougelooss gouf, mee firwat net? Et ass wichteg a gudd dat en (ausser an Dänemark a Schweden) réicht ab 18 ass, well ech schlofen den Owend och net roueg. Mee dovunner mol oofgesin, wann dat d’Story ass, soll se och sou gewissen gin.
Den Antichrist ass a mengen Aen staark, an ech wier baal gaangen well ech zevill gefaart hun. Ech kann awer verstoen, wann een net frou domat ass. Mee ech wees net, ob en Leit ka kaal loossen.

Wouduerch gët d’Angscht erzeugt? Duerch d’Brutalitéit vun de Biller oder Uspillungen un Wahnsinn an sou?
Visuell giff de Film mech interesséieren, inhaltlech net.
Dat funktionéiert ob verschiddenen Levelen.
Wat bei mir funktionnéiert huet wor, dass de Film duerch seng extrem grafesch Duerstellung, mech extrem empfindlech gemaach huet. Dofir wor ech dann och relativ sensibel fir klassesch Elementer wéi dat, wat een net gesäit, Iwwerraschungsmomenter oder Musék, déi Angscht erzeugen.
Ausserdem packt de Filmm et deelweis, déi subjektiv Wahrnehmung, enner däer d’Haptduerstellerin freckt, och am Zuschauer ze erzeugen.
D’SZ an d’FAZ hu fonnt dass de Film doranner plomp wor. Ech net. Vlait sin ech méi liicht ze beandrocken.
> Vlait sin ech méi liicht ze beandrocken.
Dat ass net onbedengt e Fehler an dësem Fall. Dann ass een nach net komplett verroht an ofgestompt ;)
Den ideale Film fir op Drogen ze kucken, also. ;-)
Ech well en gesinn. Mä sinn mir awer net sécher, ob ech net awer ze vill Angscht hunn. An dat mengen ech absolut eescht.
Drogen sinn dach fir Läit déi mat der Realitéit net eens ginn ;)
Ech si mer net sécher op ech e kucke wäert, well ech mer net sécher sinn, op ech sou Biller muss gesinn hu. Genau wéi all die krank Szenen aus dem Saw-Dreck.
Zwëschen Lars von Trier an “Saw” ass den Ënnerscheet zwar genau sou grouss wéi zwëschen den Drogen Kaffi (wann mir scho vun Realitéit schwätzen!) an Heroin. De Verglach hänkt e bëssi, well Kaffi net onbedéngt een kënschtlereschen Usproch huet, mä ale Leit muss een esou Saache jo oft méi einfach erklären.
Ech freen mech drop. En kontroversen Film net kucken ze goen kennt net a Fro.
Joel:
Ech hunn d’Brutalitéit vun de Biller ugeschwat. Net d’Geschicht oder d’Intentioun.
De Lars Von Trier huet sech um Ring inspiréiert. Fir all Triviafans.
Dat mescht mir just nach méi Angscht. Ech hunn de Ring jo scho fir ze färten fonnt.
Gesinn a vir brilliant befonnt.
No doubt about it.
Hach, cool dass well en neien Kommentar koum, well meng Kritik kënnt nach haut. :)
“Mee ech wees net, ob en Leit ka kaal loossen.”
Dach,kann en.Aiskaal.
Kameraaarbecht as dergeint top an ech sin doweinst wierklech frou de Film um groussen Ecran gesin ze hun.An net zulaescht hun ech duerch “Antichrist” zum Tarkovsky sengem “Mirror” fonnt.De Schued haellt sech also a Grenzen.:)
Dat mam Tarkovsky ass jo wuel eng Beleidegung.
mhm.