An de Wahlen huet een jo vill Schissi erliewt, an cool Wahlkado’en krut ech och net. Ech hu mäi politeschen Choix schon virun e puer Deeg oofgeschéckt. An ech si frou, wann dee ganzen Rummel riwwer ass. Mee haut hun ech ob RTL.lu – déi eenzeg respektabel Online-Zeitung – (natierlech ass et traureg dat ze soen, mee si mer dach mol éierlech, dat ass dach d’Situatioun) eppes gelies wat mer Freed gemaach huet:

De Jean-Claude an d'Bieren
Hannert deenen mysteriéisen Iwwerpechungen vun de Walplakaten stungen dräi Äisbieren. “Teddy, Boby a Wendy: Esou nenne sech déi 3 “Polar-Bieren”, déi zanter e puer Méint zu Lëtzebuerg sinn. Elo soe si, si hätten d’Wahlplakater iwwerpecht.” Ech fannen dass déi Aktioun aus e puer Grënn gudd ass. Natierlech ass et net korrekt, Wahlplakter ze iwwerpechen, och wann ech bei gewëssenen Plakater méi wéi eng Kéier déi intim Intentioun gehegt hun. Mee an deem heiten Fall gouf d’Walplakat zwar iwwerpecht, mee awer net sou, wéi wann een domat d’Plakat géing futti man. Dann haat déi ganz Saach e gewëssenen Spannungsbou. Immens wor et, och wann ech net weess ob et geplangt wor, wéi dann dräi Leit vun der Police festgeholl goufen. D’Medien hun doriwwer beriicht (wat se net gemaach hätten ouni d’Verhaftung) an ëffentlech spekuléiert, em wéieng 20% et géing goen. Elo an der drëtter Etapp gin d’Fuerderungen da kloër, an déi 3 Äisbieren tauchen ob. D’Äisbieren sin natierlech ideal als Fuerderungssteller. An de Pianocktail – deen eenzegen gréngen Blog a Lëtzebuerg – ennerstëtzt natierlech déi Fuerderung.
Ween dohannert steet, ass natierlech Spekulatiounssaach. Ech géing mech freen, wann den Auteur géing anonym bleiwen, well een sou nämlech all Ressentiment géing divers potentiell Initiatoren (déi Gréng, Greenpeace, WWF etc) kann ausschléissen. Zumols well et vun deenen éischten net fair wier dat ze man, déi zweet éischter fir peniblen Aktionismus (cf. Green Deal an der Chamber) bekannt sin, an drëtt eigentlech besser hätten, hieren éischter rouegen Image ze halen.

Hunn déi och die Truc’en op d’ADR-Plakater gepächt? Irgendeppes mat 20%? Ech hunn net verstan, wat se domadder soen wollten … !?
Virdeischt 10%, dunn 20% an elo 30%. Grommel, hues de den Artikel bei RTL net gelies? (http://wahlen.rtl.lu/news/aktualiteiten/27915.html)
An et ass dach irgendwéi unzehuelen, daat et Greenpeace waar. Wees irgendeen vun denen bessi méi Aalen, ween et 2004 waar?
Pianocktail, den eenzegen gréngen Blog an Lëtzebuerg? I don’t think so, Thorben.
Cool Aktioun, méi dovun w.e.gl.
Joel:
Ah, dat huet mat CO2 ze dinn. Dat stung op deem Autocollant um ADR Poster net dobäi. Ech hunn geduecht, dat wier eng Uspillung op eppes, wat mam ADR ze dinn hat.
‘Fail’ am deem Sënn fir die Aktioun. Opmanst zu deem Momment.
Ahjo, an ech wollt awer nach soen, daat ech een coole Wahlcadeaux kruut. Een Porte-Clé-Fläschenöffner.
Dee bizarren vun der Lasep? ;)
Grommel: Dat ass jo de Witz gewiecht. Et stung bei deenen eischten 2 Stickeren (10%, 20%) net drob, awer um dretten Abeemol. Dorobs hin hun RTL an Co jo ugefang ze Spekuleiren em wat et geet. #win
Nee, den eedelen vun denen jonken Gréngen. Mee ech mengen den Manuel huet mer deen och just ginn, daat ech ophaalen, “Kulturflatrate” ze soen ;)
Dat hei ass non-canon Pianocktail Content.
?
Chris, daat ass net wouer. Non-Canon wier, wann den Thorben geschriwen hätt, hien géif d’INHALTER vun den Aisbieren gudd fannen. Hien fennt awer just hiere Marketing gudd (bzw. huet daat geschriwen) – an daat ass canon.
(Daat sinn Diskusiounen, déi ech stonnelaang kéint féiren. Virun allem, well se esou schéin absurd sinn.)
thorben:
naja, sou nei an originell ass déi Strategie jo och rem net …
Joël:
“An de Pianocktail – deen eenzegen gréngen Blog a Lëtzebuerg – ennerstëtzt natierlech déi Fuerderung.”
Da misste mer déi Ausso allerdéngs mol definitiv deiten… dofir: non-canon.
Nee, well kloer ass, daat Pianocktail net den enzegen gréngen Blog a Lëtzebuerg ass, kann een dovunner ausgoen, daat den ganzen Saatz +/- ironesch ze verstoen ass. Awer stemmt, et ass schon ziemlech no drun um non-canon.
Aaner Betruechtungsweis: Den Thorben ass Originalauteur, alles waar een Originalauteur schreiwt ass par defition canon.
De Saz ass net ironesch, mä en ass hyperbolesch, well net bewisen. D’Wuert “gréng” bezitt sech dee Moment zwar net op eng politesch Ausso, well en domat just eise gréngen Host mengt, mä de Rescht ass awer als politesch Meenungsäusserung ze verstoen.
http://www.mein-parteibuch.com/blog/2009/06/05/liebe-waehler-der-gruenen/
zwar aus daitschland… mais irgentwei iwerzeegen mech dei greng teschend unpassung an aalen iwerzeegungen an ganz europa nemmi…
D’SPD ass sait 1929 (Blutmai) net méi iwerzeegend.
Normalerweis gehéiert eppes zu engem Kanon, wann et vum Haaptresponsabelen approuvéiert gouf. Dat ass hei offensichtlech net de Fall, well Haaptresponsabelen ass nach ëmmer de Chris.
Ech ënnerstëtzen déi Äisbieren-Aktioun – och wann ech se immens witzeg fannen – iwwregens och net!
Pianocktail hätt solle komplett onpolitesch sinn, mer hun eis vläit e bëssi ze wäit vun dem Ideal fortbeweegt, mee lo wou d’ Wahle riwwer sinn, ass hoffentlech geschwënn nees alles beim alen…