Nodeems den Thorben en Artikel iwwert de Lucky’ s Luke zu Tréier geschriwwen huet, mengen ech och eng Kéier op den Ancien Cinéma zu Veianen hiweisen ze missen. Wéineg Leit, vill ze wéineg Leit kennen den Ancien Cinéma, deen ech awer géing als ee vun eise coolste Kinoen am Land bezeechnen.
Waat ass den Ancien Cinéma?
Den Ancien Cinéma ass eng Mëschung tëscht Café, Kino a Centre Culturel. Wa kee Film leeft, ass oft eng Ausstellung, Theater oder e Concert ugesot. Gefëmmt duerf do banne leider net ginn, allerdéngs hu se Battin a lecker Brownies, déi dat ganzt rëm wettmaachen.
Wat gëtt et do vu Film?
Ähnlech wéi d’ Cinémathéik weist den Ancien Cinéma al Filmer, vun deenen hei allerdéngs déi meescht si schonn am Domaine public sinn. Wann ee schon ëmmer eng Kéier een Chaplin-Stommfilm an der original Cafésatmosphär wollt gesinn, ass den Ancien Cinéma d’ Plaatz fir hinzegoen. De Patron ass e feine Mann, deen och scho méi wéi eng Kéier mam Publikum sengem Averständnis een anere Film opgeluecht huet, wéi deen, deen um Programm stoung. E klenge Manko ass natierlech d’ Projektioun, bei där einfach eng DVD mat engem handelsübleche Beamer op eng Leinwand projezéiert gëtt. Mee et ass wéi gesot en Deel vun engem Café, an et gëtt keng Entrée bezuelt, also wehe dem, dee sech beklot!
Firwat soll ech lo mäin Aasch op Veiane beweegen?
Ma ganz einfach. Och wann den Ancien Cinéma an der lescht méi Ausstellungen a Concerten am Programm huet wéi Filmer, soll ee sech dat op kee Fall entgoe loossen. Et ass eng kulturell Institutioun bei eis am Land, déi net genuch gewierdegt gëtt. Et sinn einfach net genuch Leit do, a vill Leit fäerten ëm seng Existenz. Den 19. Juni wäert e lëtzebuerger Indie-Film-Owend sinn. Do hätte mer jo schonn eng Geleeënheet fir dohin ze goen.
Avis aux amateurs!

Wat déi Plaz a mengen Aan firun allem esou genial mécht ass, dass mir do d’lescht Joer am September während de Veianer Bicherdeeg eng Liesung duerfte ginn an esouguer eng Gage dofir kruten. :D
Mee och ouni eis, Thierry, och ouni eis fannen ech, daat et eng super Plaatz ass! Ech ginn dem Jacques also ganz Recht!
Mäin Lieblings-Kino ass den Kursaal zu Rëmeléng, aus puer Grënn:
1) Et ass no bäi, et huet een virun der Dir direkt en riesen Parkplaz, an en Kebab virdrun.
2) Dënstegs kascht et just 5 Euro, duerfir sinn ech Dënstegs ëmmer regelméisseg do.
3) Den Kino ass ëmmer sou gutt wéi eidel, keen deen mat sténkegen Nachos nervt, keen deen déi ganzen Zäit laacht, et huet een gutt Platz, an et kann een selwer mat dem Kolleg/Frëndin schwätzen.
Vianden ass leider bëssen wäit wech fir mech. ;)
Den Ancien Cinéma ass eng wonnerbar Plaz. Wonnerbar.
Kino ouni aaner Leit? Dann kann ech och doheem bleiwen.
Immens immens schéin as et do.
@Joël
Ech ginn net an den Kino fir aner Leit ausser meng Kollegen ze gesinn. An sécher net, dass se sech dann déi ganzen Zäit ënnerhalen während dem Film. ;)
@Joël
Verstinn dech gutt, an e Kino gehéiere Leit eran, dat schaaft bei all Film, ob traureg oder witzeg, Atmosphär. Deene Leit, deenen dat allerdéngs e Critère ass fir iwwerhaapt enzwousch hinzegoe, géing ech den Ancien Cinéma och rëm net recommandéieren, well do ass normalerweis och keng Sau (wat eng Schan ass).
@myclaude
Verstinn dech och gutt. Mee datselwecht fënns de och zu Iechternach am Ciné Sura. Do hues de souguer dee beschte Kebab am Land virun der Dier. ;)
Ween den Ancien Cinéma net kennt, hëpp dohin! Ech kann et nëmme widderhuelen: Eppes vergläichbares kann ee bei eis am Land NET fannen.