Ech gin gär an de Kino. Dat soen vill Leit. A Wierklechkeet mengen se awer: ech gi gären am Kino e Film kucken. Ech mengen, wann ech soen, ech gi gären
an de Kino béides. Ech weess net ob sech nach een kann dofir begeeschteren, mä säit ech an engem Kino schaffen (säit 2001), ginn ech gären a Kino’en, just fir an de Kino ze goen, an am beschten Fall dierf ech da mat an de Projektiounsraum.
Gëscht wor ech an Lucky’s Luke ob Tréier. Ech wor fir t’éischt virun 3 Joer an der Luke. Duermols wor d’Luke e klengen Café mat Disco a Kino. Vum Look-And-Feel wor et fir Leit, deenen et am Flying Dutchman ze schick ass, déi awer nach net prett woren fir ob d’Strooss. De Sall wor duermols einfach e Raum mat enger Leinwand an e puer Still, de Film huet 3 Euro kascht an am Film huet missen eng Paus gemaach gin, well de Projektor net genuch Plaatz haat fir Filmer iwwer 1,8km Längt. Et wor anecht wéi hei am Kino. Du bass während dem Film obgestan fir e neie Béier/Cola/Kaffi sichen ze goen, d’Leit haaten keng Hemmungen iwwert de Film ze schwätzen, et gouf gefëmmt. Ech fëmmen net, an mech stéiert et och, an eigentlech sin ech och géint schwätzen am Film. Mee aanerersäits hat d’Luke souwisou net sou e gudd Bild oder Sound, dofir wor et och net sou formell wéi en Utopolis (hun ech lo grad gesot den Utopolis wier formell?).
Dono sollt d’Luke fir 3 Méint emgebaut gin. Et goufen 3 Joer.
Gëschter wor ech dann den Frost/Nixon kucken an der “neien” Luke. De Café wor nach emmer genee sou wéi duermols. Mee do wou fréier de Filmsall wor, ass haut einfach eng grouss Bar. Niewendrun geet et an de Kino. De Sall huet 40 Plaatzen oofwiesselnd Eenzelsetzer an Duebelsetzer, extrem bequem, extrem flott gemaach. Et gesäit een dass de Podium mat de Sëtzer an alles ronderem selwer gemaach ass. D’Kalitéit vum Film wor nach emmer méttelméisseg, den Toun och. Mee dat wor egal. Et suutz ee bequem, mam Gedrénks am Grapp, a gefëmmt duerft och net méi gin. Dat gëtt deem ganzen engersäits säi formellen Charakter zrèck, ass awer soss okay. Nom Film duerft ech mat an den Hannerraum, wou eng Zeiss Ikona, wahrscheinlech 50er Joeren aus den VEB Ernemann, hieren Dengscht verriicht. Et gesäit alles gebastelt aus an dat ass et och. Mat einfachsten Mëttelen gëtt hei Kino gemaach. Wonnerbar. Wee mol en aaneren Kino erliewen sollt, sollt d’Luke mol probéiren, si hun e flotten Programm.

‘artsy-fartsy’ ass ëmmer rem e schéint Wuert.
@ Joël
Daat mam Shakespeare huelen ech der extremst iwwel, och wann et nemmen e Witz war. Ech behaapte jo, kee Sproochefascho ze sin, mee e Shakespearefascho sin ech definitiv.
@ Thorben
Wann een “Let’s not go to Camelot, it’s a silly place!’ mat ‘Lassen wir das mit Camelot, der Fernsehempfang ist dort zu schlecht’ iwwersetz, oder schonn den Titel ‘Monty Python und die Ritter der Kokusnuss’ nenns (Ech mengen de Chris haat sech schonn an engem aaneren Titel doriwwer opgereegt), da get et do NÄISCHT ze verhandelen. Fakt ass: Déi däitsch Iwwersetzung mecht äus der crème de la crème vum briteschen Humor eppes aaneres, definitiv méi belleges, fir engem Dämelpublikum ze gefaalen.
Interessant ass et, datt mer bei deene Beispiller, déi ech grad genannt hun, absolut KENG oniwwersetzbar Witzer hun. En Iwwersetzer probéiert also selwer Schreiberling ze sin, andeems e mengt e misst Monty Python méi witzeg maache wéi et souwisou schonn ass. Huet Monty Python daat néideg? Ech menge mer sin eis mat der Äntwert eenz.
Du seess et géif et gin, datt e Film mat der Iwwersetzung gewënnt… Nenn mer EEN!
Wann een d’Filmer äus Prinzip nëmmen am Original kuckt, do ass näischt prétentiéises dobäi, an et ass och guer net ‘artsy-fartsy’ (waat ech daat Wuert alleng schonn haassen). Ech hun och kee Problem mat Iwwersetzungen, ech hu méi wéi eng Kéier en iwwersaatent Buch gelies, an ech si méi wéi eng Kéier iwwersaatenen Theater kucke gaang. Synchroniséiert Filmer allerdengs, wou ee Schauspiller net nemmen een Text, mee och d’Mimik an d’Art a Weis vun engem aanere Schauspiller interprétéiert fir daat waat deen aanere gesot huet kënnen äuszedrecken, hun ech einfach nët gär.
Nach eng Kéier: Mer sin am DVD-Blue-Ray-Zäitalter ukomm. 99,9% vun de Filmer kriss de haut an der Originalsprooch mat Ennertitel geliwwert. Iwwerall, wou ech bis ewell geliewt hun (Lëtzebuerg, München, London), konns de e Film an der Originalsprooch (mat oder ouni Ennertitel) gesin. Gin ech also engem gudde Film domat äus dem Wee, datt ech soen, ech wéilt en net synchroniséiert kucken? Nee! Ech gin héichstens Kinoe wéi dem Lucky’s Luke äus dem Wee, waat mer säit dem Fëmmverbuet am Kinossall och net méi Leed deet.
Wanns de eppes wëlls als prétentiéis bezeechenen, da fänk nach eng Kéier mat der Digitaler Projektioun vs. 35mm un. Et get jo naischt méi prétentiéises wéi ze soen ‘Ech wäert déi Kraatzer vermessen, ech hu gudd Qualitéit net gär!’, an dobai denkt mol keen dorun, datt weder am Film, nach an der Musek, d’Digitalopnahm an d’Ofspillen déi analog Technik a Saache Qualitéit ofgeléist hun.
@ Pol: vläit huet dem Hanks seng Stëmm sech jo an der Kaffispaus en Zant äusgeschloën :D
ech sin dee leschten dee seet Digital dierft net kommen.
Hun ech net behaapt, mee déi Discussioun ass wesentlech méi lächerlech.
Hun ech net behaapt, mee déi Diskussioun ass wesentlech méi lächerlech.
ech war firun engem Mount fir d eischt am Luke a muss soen dat et awer scho flott do as. an deem klenge Kinossall waren deen Owend Happy Tree Friends gelaaf :) wier am léifsten den ganzen Owend do setze bliwen, mee di aner wollten danzen :P mee muss soen ech war nach net oft zu Tréier raus, opwuel dat fir mech bal méi no as wéi de Flying, mee bon et sin net vill Leit di wellen bis dohinner fueren, da gin ech eben do wou d Kolleege sen