Wahlkampf kënnt méi an den Internet, an och a Blogs. Pianocktail liest bei Politikblogs eran. Dës Lëscht ass net vollstänneg, mä gëtt gären, wann e Blogger sech vernoléissegt fillt, erweidert. Pianocktail definéiert e Blog u folgenden, allgemenggëltegen Caractéristiquen: et ass en Weblog, gëtt regelméisseg geupdate, bitt RSS Feeds an Kommentarfunktiounen un. Déi lescht 2 si wichteg fir et vun enger normaler Homepage ze differenzéieren. Mir ginn eng Note vun 0-5 ob d’Aktualitéit, eng Note vun 0-5 ob d’Gestaltung vum Blog an 5 Punkten ob den Userfeedback. Dat gëtt dann eng Note ob 15 Punkten. 0 ass nonexistent, 1 ass ganz schlecht, 2 ass schlecht, 3 ass okay, 4 ass gutt, 5 ass ganz gutt. Do dierft elo awer jiddereen frou sinn?

ADR / ADRenalin

Roy Reding

De Generalsekretär vum ADR an ADR-Urgestein bloggt zënter September 2007. Seng Themen si Gedanken an Ideeën zum Lëtzebuerger Land an zur domat verbonnener Politik. De Blog gesäit net ganz flott aus a gëtt wéineg ënnerhal. Trotzdem reagéiert hien ob Ufroen a Kommentarer, och wann ech seng Meenung net deelen. Bemierkenswäert ass et, dass ech déi éischten Kéier gesinn, dat en ADR Funktionär sech ëffentlech dozou bekennt, eng populistesch Partei ze sin, Zitat “Mier sin noett mei dei eenzeg “Populisten”
Aktualitéit: 2
Gestaltung: 2
Userfeedback: 3
Dat mécht: 7 Punkten, knapps Ongenügend.

Alain Frast

Dem Alain Frast – Pressattaché vum ADR – säi Blog hintergedanken (ech muss do ëmmer verschmitzt grinsen) enthält Informatiounen iwwert seng Usiichten, säi Frënd, säi Liewenslaaf an huet Inhaltlech souwuel Privat wéi och Politesches, dat ganzt säit 2007 mat enger flotter Reegelméissegkeet. Säi Blog gewénnt keen Schéinheetsconcours, ass awer trotzdem net ellen an en fleegt en regen Austausch mat sengen Visiteuren. Schued dass dorënner och Leit sinn wéi deen ultra-rietsen, geeschteskranken Pierre Peters (ass dat lo Diffamatioun?)
Aktualitéit: 4
Gestaltung: 4
Userfeedback: 5
Dat mécht: 13 Punkten, wierklech ganz gutt.

CSV / CSJ

Astrid Lulling

Déi Fra, déi de Poopst an de Barack Obama inspiréiert huet, déi Fra, déi den Internet souzesoen erfonnt huet, déi Fra déi d’Gesetzer vun der Physik an der Schwéierkraaft erfonnt huet, bloggt och. Hier Homepage gesäit fuerchtbar aus, mä de Videoblog ass e bëssen méi propper – och wann et en 0815 Blogger.com Theme hat. De Blog ass net ganz flott, mä okay, en ass aktuell. Leider schéngt si keen unzespriechen. D’Videoen gin och net wierklech gekuckt. Interaktives dofir kaum virhanden.
Aktualitéit: 4
Gestaltung: 2
Userfeedback: 0
Dat mécht: 6 Punkten, knapps mangelhaft.

DP /JDL

Tom Heles

Dem Thierry Heles säi klenge Brudder bloggt och. De Claude-Meisch-Jünger deelt seng politesch Gedanken säit onbestëmmter Zäit mat (oder fannen ech den Archive Link net? A lo net fuddelen!), an huet mat “Lauschter op mech” eng innovativ, wann och leider net wierklech reputéiert, Idee huet. De Blog ass aktuell, en verhandelt vill mat sengen Lieser, gesäit awer net wierklech schéin aus.
Aktualitéit: 4
Gestaltung: 2
Userfeedback: 5
Dat mécht: 11 Punkten, gutt sou.

Véronique Bruck

Huet säi Bloggen leider rëm séier opginn. Dofir keng Punkten hei.

Déi Gréng / Déi Jonk Gréng

Philippe Schockweiler

De Phillipe Schockweiler, Chefboss vun deenen jonken Gréngen, ass nach en “new kid”. Säit 2008 bloggt hien, am Schnëtt zwee mol an der Woch. De Blog ass e bëssen bäh fir ze kucken, mä wann een dat den meeschten Leit viirwerft, soen se jo: et kennt ob den Inhalt un. Däers ass vill vill vill do, an och de Phil äntwert sengen Lieser séier.
Aktualitéit:
5
Gestaltung: 2
Userfeedback: 5
Dat mécht: 12 Punkten, ma ganz gutt.

Manuel Huss

De Manuel Huss bloggt ob sengem Blog “Mol Sonn, mol Reen”. E Standard Blog, deen awer flott ausgesäit, vill gefleegt. E beschäftegt sech virun allem mat grénger Thematik, wéineg perséinleches.
Aktualitéit: 5
Gestaltung: 3
Userfeedback: 5
Dat mécht: 13 Punkten, ma ganz gutt.

Marion Muller

D’Marion Muller ass eng vun deenen Jéngsten (net am Sënn vum Alter) Blogger am Eck. Hat bloggt net vill, mä awer iwwert e breet Spektrum. Heiansdo kennt de Blog e bëssen verwahrlost vir. Mee hat mellt sech dann awer ëmmer rëm.
Aktualitéit: 4
Gestaltung: 3
Userfeedback: 3
Dat mécht: 10 Punkten, ma gutt.

Georges Liesch

De Georges Liesch bloggt iwwer alles, net nëmmen parteipolitesch mä och méi generell wat hien interesséiert. Bei 19 Kommentaren huet hien der grad mol 2 an engem Post gemaach. Dat ass net déck. De Blog huet awer vill Biller a gesäit flott aus. Mee wierklech vill gett et hei jo net.
Aktualitéit: 2
Gestaltung: 5
Userfeedback: 2
Dat mécht: 9 Punkten, dat geet.

KPL / JKL

Déi Lénk

Sveinn Graas

De Sveinn Graas ass am Netz schon méi oft opgefall als Viirstoenden Kommentator fir déi Lénk Saach ob Facebook. Dat féiert en ob sengem Blog virun. E propperen Blog mat kloeren Bäitreeg an kloeren Ideeën. En ass immens aktiv a sengen Kommentaren, mécht och mat sengem Hoster kloer, wou en drun ass (Blogsport ass e lenken Blogprovider). De Blog ass vum Ausgesinn Standart, mä flott.
Aktualitéit: 4
Gestaltung: 4
Userfeedback: 5
Dat mécht: 13 Punkten, dat ass ganz gutt.

LSAP / JSL

Christope Schiltz

Lord Krassus. Während aanerer Leit aus der LSAP versoen (Note un all d’Leit vun der LSAP: Reklamm ob Facebook ass en Zeugnis dovunner, dass een keng Ahnung vu Reklamm huet), huet den Schiltz sech eng Agence fir Politikkommunikatioun besuergt an dat gesäit een. En optesch flotten Blog, mat vill Contenu. E Kommentéiert, Twitter, Flickrt, an wat wees ech net nach alles.
Aktualitéit: 5
Gestaltung: 5
Userfeedback: 5
Dat mécht: 15 Punkten, Ehre, wem Ehre gebührt.