Déi lescht Episode ass gelaf. Et ass riwwer. An et war immens.
Virun 8 Joer hunn ech, an bestëmmt och vill vun iech, fir d’Éischt iwwer eng Reklamm op Pro7 vun Scrubs héieren. Verschiddener vun iech wäerten, grad wéi ech, och glat an guer naicht dervun gehal hunn. Klamauk. Iwwerflächlech Charakteren. Geschmaachlosen Humor. Trash eben.
Wat hat ech mech geiert! Kaum eng aner Sendung war esou Bauchwéi-erzeugend witzeg, an ass et vun Season zu Season bliwwen. Kaum eng aner Sendung hat sou wonnerbar gezeechent an gespillt Charakteren, déi, egal wéi absurd hier Handlungen waren, ëmmer mënschlech geschéngt hunn. Kaum eng aner Sendung hat sou immens onwahrscheinlech an trotzdem novollzéibar wierkend Episoden. An virun allem hat keng Sendung all dat zesummen.
Scrubs war net groussaarteg well all Folg sou witzeg war, dass een nach driwwer gelaacht huet nodeems een se schon 4 Mol gesinn hat. (An daat ass net iwwerdriwwen. Ech hunn se méi oft gesinn.) Et war net sou groussaarteg well een all Folg sou mat den Charakteren gelidden, gelaacht an sech gefreet huet, dass een den Androck hat se tatsächlech perséinlech ze kennen. (Schliisslech verbréngt een mat hinnen méi Zäit wéi mat all Film-Charakter.) Nee, Scrubs war groussaarteg well béides an 20 Minutten geschitt ass, ouni dass dat eent dat anert ennergruewen hätt. An déi aussergewéinlech Mëschung gouf et an ausnahmslos alleenzelner Folg. Nenn een mer eng schlecht Scrubs Episode.
Lo ass déi lescht Folg gelaf. An net nëmmen war déi Episode en würdegen Ofschloss zu der Sendung, mais een vun deenen intensiivsten Momenter déi ech bis lo virun engem Bildschierm erlieft hunn. D’Folg ass witzeg dass een haart muss laachen, emotional dass se net just Fans ergräift an huet en Message deen méi relavant an passend net kéint sin. Déi lescht Minutten, déi lescht wonnerschéin, poetesch Sequenz (déi net den ze erwaardenden Réckbléck war) huet mech un all déi Freed erënnert, déi déi Sendung mer bereet huet. An och wann et vläitiwwerzunn klengt: Dat ass keng Klengegkeet, wann een bedenkt wat grad riwwer gaang ass.
Ech hunn 8 Joer laang intensiv an mat Leidenschaft Scrubs gekuckt. Dat ass méi laang wéi meng Zäit am Lycée. Et ass méi wéi en Drëttel vun mengem Liewen. Wahrscheinlech huet keng aner Sendung, keen Film an keen Buch sou een déifen Afloss op mech gehat. Dat ass keen eidelen Ausdrock, wann ech bedenken wéi Interessi an Film an Fernseh, grad wéi mäin Musekgeschmaach oder seguer mäin Humor sech vun Scrubs beaflosse gelooss huet.
Dës Sendung war net nëmmen mir vill wäert, mais ech sinn iwwerzeegt dass et en humoristesch, kenschtlecheresch, emotional an mënschlech wäertvoll Meeschterstéck vun der moderner Kultur war. Wann Fernseh duerchschnëttlech och nëmmen ob engem Zéngtel vun dem Niveau wier, deen Scrubs fierleet, dann kéint et mat Sécherheet net méi als den Medium vun deenen Dommen duergestallt ginn. An dat mécht mech grad sou traureg wéi den Schluss vun der Sendung selwer: Ech fäerten dass ech soubal keng Sendung méi wäert fannen déi et packt Fernseh kucken esou faszinant ze maachen.
Scrubs war Fernseh um absolut héchsten Niveau. Merci.

Merci fir dee wonnerschéinen Ofschloss zu dësem Kapitel, Nic. Amen.
Amen.
Ech hunn Scrubs e puer mol gekuckt an et emmer sou lalala fonnt. An bei irgendenger vun denen Doktersserien um Pro7 hunn ech eng Kéier baal misse kraischten, well déi Geschicht deck traureg waar an dunn wollt ech et net méi kucken. An jo, ech héirem mech heinsdo un wéi en klengt Kand.
Joël, ech hun grad gudd gelaacht.
Geff et zou, dain Nonumm ass Dami. Du bass den JD.
Dain Kommentar hätt kennen Wuert fier Wuert aus Scrubs kommen.
Do schreiwt een eng Kéier am Liewen en eeschte Kommentar op pianocktail, a dann hellt keen en eescht. Traureg.
Ech hunn en eescht geholl, ignoréier meng Lakaien.
b
Jo, well et ass jo total onméiglech en Kommantar eescht ze huenel an witzeg drop ze äntwerten. Ech haat vergiess dass daat net geet.
Fier deem Problem zukünfteg aus dem Wee ze goen markéieren ech lo all meng Kommentarer entweder mat engem “a”, waat heescht dass ech den Kommentar, ob deen ech mech grad bezéien, eescht huelen, oder mat engem “b”, waat heescht dass ech en net eescht huelen.
Soss géi der mol bei de Billo eng Tut Lëtzebuergesch kafen.
Deen sproch hun ech schon éiweg net méi héieren. Mais en ass ubruecht. Ech gin mech dann mol geisselen.
An direkt rem e Fehler. Daat packs de net.
b
Dësen Kommentar ass eescht ze huelen.
http://news.bbc.co.uk/1/hi/entertainment/8053531.stm