No deem ech viru well bal enger Woch hu missen iwwert de Schluss vun der beschter Telésserie kräischen, bréngen ech dann hei den zweeten Deel vu mengem perséinleche Best of.
1.4. My Old Lady
Den Nic huet Recht. D’Tatsaach, dass ech dës Episod vergiess hunn war e major fuck-up mengersäits. Dofir huelen ech et well hei no. Den J.D. huet Angscht fir seng éischt Patientin där e méi no komm ass, goen ze loossen, wann déi decidéiert, dass et fir si un der Zäit ass – kritt vun hir allerdéngs mat op de Wee d’Liewen ze genéissen, fir dass en iergendwann och sou berouegt kann draus scheede wéi si. Eng wonnerbar Episod an där gewise gëtt, wéi schwéier et ass fir Dokteren mam Dout vun hire Patienten emzegoen.
5.7. My Way Home
Nach eng Episod, déi ech d’läscht Woch vergiess hunn, mä déi ech lo nach emol héich luewe muss. Déi 100. Episod vu Scrubs an d’Hommage vun der Crew un The Wizard of Oz ass einfach nëmme wonnerbar aus villerlee Grënn: d’Charaktäre gi virun Défie gestallt, déi se alleguer léisen – mee dat clevert dobäi ass, dass dat ganzt eben als Beaarbechtung vun dem wonnerbare Film vun 1939 geschitt, deen an Amerika de wichtegsten Deel vun der Popkultur iwwerhaapt ausmécht.
6.4. My House
Dass Scrubs House nomécht ass jo scho clever genuch, vu dass nëmme Blanner wuel gleewen, dass den House net deelweis op dem Dr. Cox baséiert. Mä wat ech un dëser Episod am beschte fannen, ass wéi eemol d’Carla am Mëttelpunkt steet, ouni dass iergendeen et wierklech mierkt. Während d’Wourecht iwwert dem Carla seng Ängscht vu bäussen ganz offensichtlech ass, dréit sech d’Rad fir d’Leit an der Show weider, wéi wann näischt wier.
6.6. My Musical
D’Musical ass clever gema, d’Lidder si genial an nach emol: Musical! Ech mengen jidderee misst wëssen, dass ech op Musicals stinn. A mat Recht.
6.14. My Long Goodbye
D’Laverne läit um Stierwen an all d’Dokteren soen em Äddi, just d’Carla fënnt et schwéier senger gudder Frëndin eng gutt Rees ze wënschen. Eng vun den emotionalsten Episode vu Scrubs, well de Schock an d’onsënneg Brutalitéit vun dësem Accident d’Dokteren emol selwer net als Betruechter, mä als Betraffener trëfft. Gläichzäiteg kënnt dem Dr.Cox säin zweet Kand op d’Welt: domat gëtt de Kreeslaf vum Liewen weider beschriwwen.
7.8. My Manhood
Den J.D. an den Turk probéieren sech géigensäiteg an hirer Männlechkeet ze iwwertrompen – a fir d’éischte Kéier schéngt den J.D. op der gewonnener Säit ze stoen. Den Janitor schreift eng Zeitung, d”Janitorial” a publizéiert nëmme grousse Kabes.
7.9. My Princess
Den Dr. Cox erzielt sengem Jong vu sengem Dag an der Klinik an erzielt dës Geschicht a Form vun engem Märchen. Wann een dem Zach Braff gleewen dierf, war et dee Moment déi deiersten Episod, déi se bis dohi gedréit haten, an och déi bescht. Iwwerduerchschnëttlech gutt war se op jidfer Fall.
8.3 My Last Words
Den J.D. an den Turk sëtzen nieft engem ale Mann um Bett a begleeden en während en um Stierwen ass, well se mierken, dass de Mann alleng ass, an et fir si dee Moment méi wichteg ass dësem Mann e würdevollen Ofgang ze besuergen, wéi raus ze goen, fir hire fräien Owend ze genéissen. Dobäi schwätzen se iwwert den Dout an d’Ängscht, déi all Mënsch huet – an halen sech allerdéngs och eng gewëssen Hoffnung.
8.5. My Happy Place
Den J.D. an d’Elliot verbrénge vill Zäit mat eneen a kommen an d’Gespréich iwwert hir Bezéiung. Duerch d’Hëllef vum Dr. Kelso realiséieren se, dass se sech just virun sech selwer verstoppen, an dass et eigentlech näischt gëtt wouvir ee sech schumme bräicht. Zur nämlechten Zäit gewënnt den Turk dem Dr. Cox säi Respekt. Witzegerweis gëtt un e Witz geduecht, deen an der zweeter Staffel schon emol gemaach gouf – an dat fannen ech als freakeschen Oberfan natierlech genial.
8.13. My Full Moon
Dës Episod hëllt eis gewësserweis zréck an déi éischt Staffel, vu dass mer rem méi no un Interns dru sinn. Mer gesi wéi déi nei jonk Leit, déi selwecht Onsécherheeten un den Dag leeën, wéi den J.D., d’Elliot an den Turk um Ufank. Zu där Zäit diskutéieren den Turk an d’Elliot iwwert hir Zukunft mam Elliot senger schlussendlecher Asiicht, dass hatt net éiweg kann an deem Beruff bleiwen, an deem et all Dag mat sou vill Leed konfrontéiert gëtt.
8.15 My Soul on Fire, Part 2
“I love you more than Turk” sinn d’Wierder, déi een eigentlech zënter der éischter Staffel vum J.D. héiere wëll, och wann een et selwer net weess, an an dëser Episod seet den J.D. dës wuel romanteschst Ausso déi een sech a Scrubs virstelle kann zum Elliot. Well et net genuch Romantik gi kann, gëtt den Janitor och nach bestued, an et huet een d’Gefill, dass e fir d’zweete Kéier ganz éierlech a Scrubs ass (déi éischte Kéier misst da wuel an 4.19. gewiescht sinn). Fir de Comic Relief gëtt et dann natierlech nach de Bob Kelso, den éischte Cameo vum Bill Lawrence, a schlussendlech als Kiischt um Kuch sengt den Ted “Hey Ya” vun Outkast. Wat eng brillant Episod – däerf ech et soen? – et ass eventuell déi bescht.
8.18. My Finale
Och wann d’Episod vläicht net esou gutt ass, wéi munch aner, well se Laacher an medizinesch Fäll vermësst, ass se dofir fuerchtbar emotional. Et gëtt ofgeschloss, an zwar wéi et sech fir Scrubs gehéiert mat enger Phantasie an der Hoffnung, dass se dës Kéier wouer gëtt. Den Dr.Cox seet wat e vum J.D. wierklech hält, den J.D. an d’Elliot ginn e Schrëtt weider an hirer Bezéiung an mer ginn endlech dem Janitor säin Numm gewuer. Oder och net. Déi läscht zéng Minutten allerdéngs si fir e wierkleche Fan kaum z’erdroe gewiescht, well se sou schéin an emotional waren, mat engem Réckbléck op alles wat war an engem Ausbléck op dat wat kommen dierf. Dat zum Peter Gabriel sengem Cover vun de Magnetic Fields hirem “Book of Love”. A ganz zum Schluss gi mer entlooss mam Lazlo Bane sengem “Superman” wat eis 8 Joer laang an all Episod ageleet huet.
An et ass schéin, war schéin a wäert schéi bleiwen. An dofir sinn ech dem Bill Lawrence, Zach Braff, Sarah Chalke, Donald Faison, Neil Flynn, Ken Jenkins, John C. McGinley, Judy Reyes, Christa Miller, Robert Maschio a villen aneren dankbar.

4.19 My Best Laid Plans wier bai mier nach an der Lescht gewiecht, einfach well et filmesch eng vun deenen beschten Episoden war. Mais deen do Choix ass genau deen, deen en mecht wann een just nach e Puer Episoden kucken kann. Glecklecherweis hun ech awer DVD’en an kann se all sou oft kucken wei et mer gefällt. :D
Se steet hei op mengem Ziedel, do muss ech éierlech soen, war et scho rëm en Accident, dass ech se vergiess hunn opzeschreiwen, ech Dëlpes.
Dofier keefs du den metteg d’Fritten. Als Stroof.
Fir dass du se alt erëm all frëss. Abee merci.