Mir hun eis scho gefrot, wéi laang et dauert, bis den Léiw sech kraazt. Den Léiw, deen zwar am Vergläich zu richtegem Journalismus just e Kätzchen ass, heescht Lëtzebuerg Privat an ass eis Lieblings-Biller-Klau-An-Diffaméirungs Tool, iwwert dat mir periodesch beriichten.
An der aktueller Ausgab beriichten se iwwer Facebook an d’Hexejuegd ob selwechtem. Moderne Hexenjagd. An “Idiotische Gruppen endlich verbieten” fuerderen se, an féiren als Beispill ënner aanerem d’Grupp “Kaatzen zum Oofschoss fräi gin? Ech sin dofir!” ob, bzw si schreiwen “Kaatzen zum Oofschoss fäi ginn? Ich sinn dofir!” an maachen domat meng Feeler fort an maachen dofir neier dobäi.
Dësen Grupp gouf gegrënnt vu mir als Reaktioun ob déi völleg iwwerspaanten Polemik beim neien Juegdgesetz. Well se ze Hoën awer net dem Engleschen mächteg sinn, hunn se wahrscheinlech dem Federico säin Disclaimer, geschweige denn “Just for fun – totally pointless” verstan. Allerdéngs misst dat wéinstens dem Redakteur opgefall sinn, well en – vläit aus sproochlechen Barrièren – säin Facebook jo op däitsch huet; do steet “Totaler Schwachsinn”. #epic #fail. Schued dat mir vu Pianocktail fir déi Recherche déi mer leeschten nach keen Abo vun der Privat geschenkt kruten, soss kéinten mer Iech nach soen wat am Artikel steet.
Vläit hun se och net gär dat mir se hannerfroen. Mee do schléissen mir eis dem Jean-Claude un: Mir sin wéi e Flou am Léiwenpelz. De Léiw kann de Flou zwar net schäissen doen, de Flou de Léiw awer allemools.



Mer hun haut nach driwwer geschwaat wéini den endlech eppes kennt. Kucken mer mol op et dobai bleift.
Wonnert mech, dass se pianocktail.lu nach ëmmer net direkt diffaméiert hunn …
Hunn se Angscht virun iech?
Ka mer dat net virstellen. Wien näischt ze verléieren huet, huet och keng Angscht.
Di nei Kommentarer op der Facebook Grupp sinn top.
Et ass wuel wouer: kee Mënsch liest Disclaimeren (bzw. benotzt gesonde Mënschenverstand). HAHA.
Ieren ech mech oder sinn dat déi éischt Hashtags déi op Pianocktail an engem Blog-Post benotzt ginn?
lo klappt et, lo sit dir berühmt, Pianococktail an Sokrates.lu, Ääch gehirt d’Zukunft. Endlech waat Luxusbuerg brauch, vum fääääïnsten, an ab domat mam CaporalDD