Ech sin keen Star Trek Fan an ech hun mer net vill erwaard, mais WOW, wat e Film. Secher net perfekt mais enorm fesselnd.
Interessant Charakteren, immens Effekter, (relativ) clever Story, ästhetesch, witzeg, ergraiffend spannend an uspriechend zeguer fier Léit, déi, wéi ech, nach nie wierkelch eppes vun Star Trek gesin hun.
Dobai kommen nach e puer vun deenen coolsten Quotes déi een sait laangem am Kino héiren huet.
Klenge Linktipp:
http://www.slate.com/id/2217711
Wow. Dat sinn ech awer lo gespaant!
Grrr … dat soll natierlech: Da sinn ech awer lo gespaant! heeschen.
ech well ech well
Ech sin keen Star Trek Fan an ech hun mer net vill erwaard, mais WOW, wat e Film. Secher net perfekt mais enorm fesselnd.
Interessant Charakteren, immens Effekter, (relativ) clever Story, ästhetesch, witzeg, ergraiffend spannend an uspriechend zeguer fier Léit, déi, wéi ech, nach nie wierkelch eppes vun Star Trek gesin hun.
Dobai kommen nach e puer vun deenen coolsten Quotes déi een sait laangem am Kino héiren huet.
Gidd en kucken, d’Zait ass gudd investéiert.
Ahhhhh ech kann et koum erwaarden! Ech gouf nach vu kengem Film, deen hei positiv Kritiken krut enttäuscht!
Ech mengen ech ginn haut den Owend.
Ech muss soen, de Film huet mer saugudd gefall.
De Reboot vum Star Trek-Franchise (gewëss Ännerungen) dogéint wëll mer net onbedéngt sou gefaalen.