Ech wees net wat ech maachen soll. Ech hun mech mega drugin fir eng Plaatz um EIFF ze kréien, an lo well ech guer net méi goen well ech léiwer well nemmen dohi goen.
An ech wees net wéieng Filmer ech soll kucken goen. 6 Ticketen hun ech, plus onlimitéierten Accès zu Filmer wann nach Plaazen fräi sin. De Rekord bei de Volontairen läit bei 60 Filmer an deenen 2 Wochen.
Während dem Festival sin emmer rem den Sean Connery, d’Tilda Swinton an den Seamus McGarvey do als Patron an gin hei an do eng Ried zum beschten. Oder soll ech awer léiwer Ticketen besuergen fir den Opening Film an eng Interviewronn mam Sam Mendes? Oder den Joe Dante, dem Regisseur vun de Gremlins? Ech kéint natierlech och den Interview mam Darren Aronofsky kucke goen. Oder zur Première vun der Remasterter Editiou vun Shallow Grave vum Danny Boyle, an hee kucken goen.
Oder ech kéint… de ganzen Programm fennt een hei.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.