scrubs-1Gëschter ass op der amerikanescher Telé déi virläscht Episod vu Scrubs gelaf. An och wann de Bill Lawrence d’Chance, dass mat engem neie Cast weider gefuer gëtt op 50:50 betitelt, sou ass d’Serie fir mech domat am Fong sou gutt wéi riwwer. An de leschten 9 Joer, an domat bal meng ganz Zäit als Eruwuessenden huet Scrubs en Deel vu menger Kultur ausgemaach. Ech hu mam J.D., mam Turk a mat den anere matgeféiwert, a mech bei all eenzeger Episod sou gutt ameséiert, wéi do virdrun just bei Friends. Wann ech ganz melodramatesch wier, géif ech soen, dass mat Scrubs en Deel vu menger Jugend zu Enn geet. Wat sécher ass, ass dass ech de perfekte Mix aus Witz an Drama, fuerchtbar vermësse wäert.

Dofir wëlle mer Scrubs gedenken, an dräi Bäitreeg. Ech loossen déi bescht Episoden an zwee Deeler Revue passéieren, während den Nic en Noruff op dës groussaarteg Serie wäert verfaassen.

1.1. My First Day
Dem J.D., Elliot an Turk hiren éischten Dag. Mat vill Selbstvertraue gestart gi se séier vun der Wourecht ageholl a mierken, dass Dokter sinn e knallhaarde Beruff ass, deen net vill Glamouréises u sech huet. Den J.D. fënnt am Dr. Cox säi Mentor, den Turk mécht sech fir d’éischte Kéier un d’Carla erun an déi legendär Penny-Szen begrënnt dem Janitor säin Haass op den J.D. Dës Episod ass ouni Zweifel de grousse Klassiker ënnert de Scrubs-Episoden, a wéi sollt et och anescht sinn: et ass déi éischt.

1.11. My Own Personal Jesus
Den Turk verléiert säi Glawen wéi e mierkt, dass Gott net jidderee gerecht behandelt op Chrëschtdag, an mat sou ville schrecklechen Accidenter konfrontéiert gëtt. D’Carla an den J.D. sinn um Ufank och net extrem hëllefräich, man allerdéngs hiert Bescht fir den Turk rem opzebauen. Um Schluss hëlleft e Wonner.

1.15. My Bed Banter & Beyond
Nodeem den J.D. an d’Elliot zesumme kommen, gesi mer eng Kommunikatioun op dräi Ebenen: éischtens dem J.D. an Elliot hiert Gespréich am Bett, begleet vun enger Pizza, déi als Auer déngt. Zweetens d’Evenementer vun hirer kuerzer Bezéiung, déi se realiséieren dinn, dass se net beienee gehéieren. An drëttens d’Interviews duerch eng Psychologin, an där mer d’bannescht Virgäng vun eisen Haaptpersonnage gewuer ginn.

2.10. My Monster
D’Sacred Heart Hospital ass e Monster, wat de Leit hir Motivatioun an hiert Liewe frësst. D’Elliot verléiert säin Doheem a lieft an engem Truck an den J.D. verléiert säi Mojo, well en d’Lisa net kësse kann, no all de schlëmme Saachen, déi en alldeeglech an der Klinik gesäit. Um Schluss hëllefen déi zwee sech géigesäiteg, an deem se rëm “zesumme” kommen.

2.15. His Story
D’Narratioun ass dës Kéier net dem J.D. seng Aarbecht, mä dem Dr. Cox seng. Dëse begleede mer zu sengem Psychiater an duerch d’Gefill eigentlech ganz alleng ze sinn. Niewebäi verloben sech den Turk an d’Carla, och wann den Turk d’Carla all ze oft froe muss, an eigentlech scho sou gutt wéi opginn huet.

3.14. My Screw Up
Den Dout vum Ben, dem Dr. Cox sengem beschte Frënd, ass déi éischt richteg tragesch Episod a Scrubs a gëtt vu villen och als déi bescht ugesinn. Et geet dorëm wéi d’Mënschen mat den Défien, déi d’Liewen engem stellt, ëmginn an et geet virun allem dorëm Neierungen acceptéieren ze kënnen.

4.06. My Cake
Dës Kéier stieft dem J.D. säi Papp, säi Brudder, den Dan haust doropshin bei him, a stellt alles op d’Kopp, während den Turk rausfënnt, dass en Diabetes huet. Alt erëm bréngt Scrubs et also fäerdeg mat alldeeglecher Dramatik ze punkten. Den Dout a Krankheet als Deel vum Liewen ze huelen, ass eppes, wat sou vill Serien am Versuch grouss ze wierken, net packen. Hei ass et perfekt duergestallt.

4.08. My Last Chance
Vu dass den J.D. nach ëmmer am Clinch mam Elliot ass, probéiert hatt him seng Bezéiung mam Molly Clock ze sabotéieren – an ass dobäi zimlech erfollegräich. Zur nämlechten Zäit muss den Dr. Cox an der Ambulanz seng Ronne mat enger dauernd schwätzender Fra verbréngen, a realiséiert réicht ze spéit, dass d’Fra domat hire Misär versicht z’iwwerspillen. Wonnerschéin gëtt dobäi duergestallt, wéi mer eis all Dag iwwer Klengegkeete vu Leit opregen, ouni eis ze froen, wat déi Leit eventuell grad duerch maachen, dat hiert Behuelen erkläre géif.

4.21. My Lips Are Sealed
Den J.D. an d’Carla hu sech gekësst an den J.D. behëllt sech fir d’alleréischte Kéier (wéi ech denken) wéi e richtege Mann, wann en dem Turk seet, e misst sech gefällegst méi dru ginn, wann e wéilt, dass seng Bezéiung mam Carla weider funktionnéiert amplaz de Feeler bei aneren ze sichen.

5.03. My Day at the Races
Den J.D. gëtt 30 Joer al a mierkt, dass en nach guer näischt a sengem Liewen fir sech selwer erreecht huet a wëll doropshin bei engem Triathlon matmaachen a scheitert natierlech grandios. Et ass eng vu menge léifsten Episoden, well den J.D. einfach a senger ganzer Verrécktheet mol nees richteg am Mëttelpunkt steet.

5.20. My Lunch
Dëst ass wuel generell eng vun de berühmtesten Episode vu Scrubs. Et ass den Dout vum Jill Tracy duerch Tollwut, an d’katastrophal Konsequenzen déi dësen op dräi weider Patienten, a virun allem den Dr. Cox hunn. A virun allem och d’Feststellung, dass en Dokter och e Mënsch ass, deen ausserhalb vu sengen Aarbechtszäiten et verdéngt net Dokter sinn ze mussen.

5.21. My Fallen Idol
Den zweeten Deel vun dëser Duebelepisode an de Prozess an deem den Dr. Cox erëm u säin aalt Ech erugefouert gi soll. Den J.D. huet wéi ëmmer Angscht sech sech selwer ze stellen, an doduerch dem Cox ze hëllefen.