Pianocktail ass onpolitesch a blablabla.
All Partei léisst mol eng kommen. Sou och déi Gréng. Während laut hierem Wahlprogramm Edukatioun een vun den dräi Pfeileren ass, huet dat an der Wierklechkeet praktesch Grënn: Offensichtlech brauchen déi Gréng selwer heiansdo Noohellef. Dat gëtt zB däitlech, wann een hieren neien T-Shirt kuckt mat deem se an hierem Grénge Bus ennerwee woren.
Do léiren mir dass Gréng Fraën ob Männer stin, déi recycléiren. An well dat doof kléngt, loossen mer et mat eingem einfachen Trick cool kléngen: Mir soen et ob Englesch. Wann dann do net déi verflixten Grammaire wier. Léif Gréng, “I love boys that recylcle” gett eng Datz. Hisetzen goen.
KORREKTUR: Déi Gréng kënnen hir Grammaire, den Thorben net. Edukatioun ass zu Recht e Grondpfeiler vun der grénger Politik, well sou munches muss do nach gemaach ginn, wéi et schéngt.
Den OED seet eis dozou ënnert dem Antrag zu “that”:
2. Introducing a clause stating something additional about the antecedent (the sense of the principal clause being complete without the relative clause). Now only poet. or rhet., the ordinary equivalents being who (obj. whom) of persons, and which of things.
Dofir hei eng Entschëllegung un déi Gréng. An offiziell: Pianocktail loves boys that recycle. (Chris)

Chris:
Den eigentleche Punkt (dee mech interesséiert) ass: Woeren déi Gréng sech wierklech bewosst, dass ‘that’ an dësem Fall KEINT benotzt ginn an net falsch wier (och wann ‘who’ vill méi geleefeg ass an ‘that’ usech just nëmmen nach an Ausnahmefäll oder aus poeteschen Grënn benotzt gët) oder haten sie sech einfach ge-iert/verschriwwen, obwuel se schlussendlech (mee ongewollt/onbewosst) awer net komplett falsch leien?
A wann s DU dee Saz do geschriwwen häss, häss du ‘who’ oder ‘that’ benotzt?
Chris:
>Kritiséier se fir de Programm, a soss Feeler, mä net fir hir Engleschkenntnisser, déi offensichtlech besser sinn, wéi sou munch anerem seng.
Kanns du beweisen, dass sie vun Ufank un woussten, dass an sou engem Fall en effet ‘that’ kéint benotzt ginn (och wann den OED behaapt et wier en veralten Form)? Oder haten se usech just Chance, well sech am Nachhinein erausstellt, dass et net ganz falsch ass.
A wat fir en Grond hätten sie gehat fir den normalen an vill méi geleefegen ‘who’ an dësem Fall duerch en ‘that’ ze ersetzen?
Éierlechgesot gin ech dovunner aus dat se deen TShirt iergendwou kaaf hun an sech keng Gedanken doriwwer gemaach hun.
Fede, kenns du een den dat huet? :)
Ech kann dat net beweisen, mä kanns du de Géigendeel beweisen? Genau sou wéineg. Wat ass also lo méi fair, a méi logesch: dass se woussten, dass et richteg wier, oder dass se, weess der Däiwel firwat sech op engem T-Shirt (!)verschriwwen hunn, an dat dunn awer glécklecherweis kee Feeler war?
A fir deng aner Froen ze beäntwerten: ech weess net, ob ech “that” benotzt hätt, mä ech denke schon. Et kléngt besser, vu dass et e Slogan ass.
Aus techneschen Grënn ass d’Kommentarfunktioun ob Pianocktail ausgefall. Mir biedem em äert Versteesdemech.