Ech hu mer (erem eng Kéier, well ech mech gelangweilt hun) déi berühmte 15. émissioun vun dem Jean Nicolas senger Show (“Nicolas”) ugekuckt. De Grond dofir – fir déi, déi dës Émissioun nach net gesin hun – ass einfach: et ass schmerzhaft Comedy pur, déi Dialoger kéinten am Fong 1:1 äus engem Dréibuch vun der däitscher Comedyshow “Switch” ofgeschriwwe sin. Datt et sech heibäi nët em Satir mee em d’lëtzebuerger Realitéit handelt, mecht daat ganzt allerdéngs erëm traureg.


De Contenu vun der Émissioun ass – wéi ëmmer bei Scoop.tv – sech selwer op d’Schëller geklappt, de Jean Nicolas profiléiert sech an der Gesellschaft vu Gäscht déi guer keng Erfahrung mat de Medien hun (also nach manner wéi hien). Zu deene Gäscht zielen ee Schwulen an eng Lesb, déi op dem Jean Nicolas seng méi wéi diskriminéierende Riede mat zoustëmmendem Laache reagéieren, an déi sech vu sou Sprëch wéi “Et huet mech interesséiert, mol eng Kéier ze wëssen… déi Leit déi zwëschent eis liewen… Et gi jo Kategorien: Et gin Asylanten, et gin Äuslänner, et gin hei et gin do, et gët vun Allem. Et get awer och eng ganz grouss Kollektivitéit, déi homosexuell ass, déi schwul ass…” nët ugegraff fillen. De Jean Nicolas weess schonn, wien en a seng Show invitéiert.

Daat war deen tragikomëschsten Deel vun der Émissioun, mee dëse Bäitrag ass dem zweeten Deel gewidmet. Interessanterweis ass et dem Jean Nicolas gelongen tatsächlech ee Mädchen der Seite 1 vun der Lëtzebuerg Privat an de Studio Café ze kréien. Ech wëll elo nët emol kritiséiere waat daat Mädchen der Seite 1 do gesot huet – och wann ech vläicht e bessi aaneschters reagéiert hätt, wann ech als Brasilianerin vum Jean Nicolas als “café-au-lait” bezeechent gi wier – mee et geet mer méi drëms fir eräuszefanne wéivill jonk Fräen effektiv prett sin, sech fir d’Lëtzebuerg Privat plaakeg äuszedoën.

Gi mer mol dovunner äus datt d’Lëtzebuerg Privat keng Fotoë klaut. Den Thorben huet virdrun nach en Artikel geschriwwen, datt se daat maachen, mee mer vergiessen daat elo emol. D’Lieserzuel vun der Lëtzebuerg Privat ass laut Jean Nicolas “100000, wann net méi!”. Akzeptéiere mer emol 100000 als Lieserzuel vun der Lëtzebuerg Privat (och wann d’Oplo Enn 2006 offiziell nach bei 25.000 war). Vun der Lëtzebuerg Privat hu mer haut 126 Äusgaben. Wa mer elo unhuelen datt 50% vun de Lëtzebuerg Privat Lieser weiblech sin, dann huet sech Pi mol Daum all 397. Lieserin fir d’Lëtzebuerg Privat äusgedoen.

Tiptop, dorop kënne se stolz sin, well bei der Bild Zeitung ass et an deem selwechten Zäiträum (126 Wochen) mat 6 Äusgabe pro Woch an 3,54 Millioune Lieser vun deenen 38% weiblech sin nëmmen all 1779. Fra déi et op déi éischt Säit packt. Weist mech dorops hin wann ech mech verrechent hun, ech sin net esou gudd an der Mathé. Wann d’Lëtzebuerg Privat also deeselwechte Prozentdeel u weibleche Lieser huet wéi d’Bild (38%) dann huet sech schonn all 302. Lieserin fir eis lëtzebuerger Boulevardzäitschrëft entblößt. Natierlech muss een dobäi och bedenken, datt ee Verschiddener äus ästhetësche Grënn einfach net kann op déi éischt Säit ofdrëcken, an datt d’Redaktioun muss ee Choix maachen.

Fazit: Entweder vollbréngt d’Lëtzebuerg Privat vis-à-vis vun der Bild eng Meeschterleeschtung andeems se all Woch eng Fräiwëlleg fënnt, oder së kritt hir Fotoën iirgentswou aanëscht hiir. Dofir bräuch een net emol d’Originaler bei google nozesichen. Waat gët et elo neies an dësem Artikel? Am Fong näischt. Mee ech hun d’Zuelen herrlech witzeg fonnt. Gudd geschafft, oder soll ech soën, gudd geklaut, Lëtzebuerg Privat!

P.S.: De Fede huet mech zousätzlech nach op den Alter vun de potentielle Lieserinne/Models higewisen, dee jo och nach eng Roll dobäi spillt an deen daat ganzt nach eng Kéier aschränkt. Wéivill, do fehlt et mer elo u Statistiken, mee daat mecht déi ganz Saach nach eng Kéier vill méi onméiglech.