No deem schéine kuerzen Ausfluch an d’Räich vun adrenalinbedriwwene Brongbieren, komme mer lo rëm zu deem zeréck, wat Pianocktail ausmécht: sënnlos Lëschten an niewesächlech Kommentaren zur Popkultur. Ah jo.

Munchereen wäert iwwerrascht sinn, dass The Killers, d’Kings of Leon vum leschte Joer, just op Plaz 23 gelant sinn. Mee éischtens, misst der mech besser kennen: ech stinn op kontrovers Decisiounen, zweetens sinn d’Killers lo wierklech net déi grouss, inspiréirend Band vun dësem Joerzéngt, fir déi eventuell ëm puer Leit se halen. D’Killers hunn et bis ewell nach net fäerdeg bruecht een wierklech gudden Album ze publizéieren, an och wann Singles wéi “Smile Like You Mean It”, “Read My Mind”, “When You Were Young” an “Human” säugutt bis brillant dohier kommen, sou ass hir Musék op méi wéi 10 Lidder pro CD ausgebreet net sou immens. An dat wëlle mer och respektéieren, wann et dorëm s geet se mat anere Bands ze vergläichen.

Ech denken och, dass d’Killers bis ewell wéineg imitéiert gi sinn, op jidfer Fall seelen am Verglach mat anere Leit, déi nach komme wäerten. Dat kann engersäits positiv sinn, well se eben eppes spezielles nach ëmmer duerstellen, anerersäits geet et jo och dorëm dass d’Bands Afloss haten. An do feelt et de Killers, vläicht och wéinst hirer Villsäitegkeet un enger gewësse Lobby. Tiens, hei sinn hir Lidder “Human” an “When You Were Young”.