Et ass genial, ze kucken, dass de Ralph Hellinckx vum adrenalin kee Saz riicht zu Enn brénge kann an dofir am Fong all Saz mat “voilà” ophält a “voilà”. Et ass net sou schwiereg e Saz zu Enn ze bréngen, mä firwat dat propper man, wann een et och kann gekonnt op d’Aart a Weis léisen wéi de Ralph an einfach de Leit virspillen, dass nach en Niewesaz kënnt, deen dann awer ganz séier verschwënnt.
Dofir hei en Drénkspill: all Kéier dass de Ralph “voilà” seet, e Shot. Vill Spaass beim décke Kapp. Extrem witzeg ass allerdéngs och, dass e guer keng Anung ze hu schéngt, wat e selwer wëll oder wat d’adr a sengem Programm seet.
Hei de Video op RTL, deen an enger allerdéngs ganz interessanter Serie steet, an där RTL sech interaktiv mat jonke Politiker ënnerhält. ‘t ass absolut kuckenswäert. A voilà.
[PS: jo, ech man en adr-Politiker rof, mee sou onpolitesch wéi eise Blog och ass, dat däerf jo wuel nach erlaabt sinn. Déi serieux Parteien (Biergerlëscht, CSV, gréng, KPL, Lénk, LSAP) ginn hei dofir ni onofhängeg vun marketingstrategesche Gesiichtspunkten (Internetsite, Goodies, Campagne, etc.) betruecht. Versprach. Hei ass kee Walkampf, mä just e Guide zur Analys dovunner.]

Proscht!
D’DP gehéiert net zu de serieuxen Parteien? I like that! ;)
Yes, den zweete Kommentar an et huet schon een et gemierkt. :)
Ech sinn dofir daat mir daat Drenkspill um Pianocktail Festen1.0 esou an der Form duerchféiren. A wann den Ralph tatsächlech sollt gewiehlt ginn, lueden mir hien och an! ;-)
Hätten mer beim Live-Twitteren Hashtags benotzt, kéint een dat lo gutt rausfilteren. :(
Dat ass jo méi cool wéi d’Roxanne Drenkspill
also daat DP keng seriö Partei ass war kloer, mee was mat der jaly.lu partei? oder déi lenk, oder dKPL?
Pol, dat war e Witz. Ween en net versteet, hat Pech.
Oder wielt CSV.
daat war scho kloer… mee ech se fir glaichberechtung vu mengen Lieblingsparteien
Mee du bass net Auteur bei pianocktail.lu
ech geif och net bai een onparteieschen Blog passen ;-)
Ech sin iwerzeegt dass dat en Drénkspill mat Zukunft as :-)